Zypriotescht Pond

fréier Wärung vun Zypern

D'Zypriotescht Pond (CYP) war vun 1878 bis den 31. Dezember 2007 déi offiziell Wärung vun Zypern. Si gouf den 1. Januar 2008 duerch den Euro ersat, nodeems Zypern der Eurozon bäigetruede war.

1 Pond war an 100 Cent ënnerdeelt.

Geschicht änneren

D'Zypriotescht Pond gouf 1878 als Wärung agefouert, a war am Verhältnis 1:1 un de brittesche Pond gebonnen. Mat der Onofhängegkeet vun der Insel, 1960, war de Wiesselcours variabel, an huet sech 1971 fir d'éischt kéier däitlech vum brittesche Pond ënnerscheed.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 0,585274  CYP fixéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Zypriotescht Pond – Biller, Videoen oder Audiodateien