D'Zwergplanéite sinn eng vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) de 24. August 2006 zu Prag definéiert Klass vun Himmelskierper. Am Juni 2008 huet den Exekutivkommitee vun der IAU op senger Sëtzung zu Oslo dës Ënnerklass schlussendlech offiziell als „Plutoide“ bezeechent.

Déi gréisst bekannten Objeten aus der Kuiperceinture

Als Zwergplanéit zielen am Sonnesystem déi Himmelskierper, déi op enger Ëmlafbunn ëm d'Sonn sinn a genuch Mass hunn, datt déi eege Gravitatioun si zu enger bal kugelfërmeger Gestalt zesummenzitt (hydrostatescht Gläichgewiicht), déi awer am Ënnerscheed zu de Planéiten hir Ëmlafbunn net vun aneren Objeten fräigeraumt hunn.

D'Definitioun ass awer net onëmstridden, well de leschte Krittär net eendeiteg ass. Sou huet d'Äerd, klassifizéiert als Planéit, ëmmer nach ongeféier zéngdausend Objeten an hirer Bunn. Bei enger exakter Uwendung fält och de Jupiter (Trojaner) an d'Zwergplanéitekategorie. Et ass ze bemierken, datt sech d'Definitioun ausschliisslech op d'Sonnesystem bezitt an net generell op d'Planéitesystemer. Och dat ass e Kritikpunkt.

Déi ursprénglech Bezeechnung „Plutone“ fir eng nei Ënnerklass vun Zwergplanéiten, déi op der anerer Säit vum Neptun ëm d'Sonn lafen, ass virun allem an der Gemeng vun de Geofuerscher, déi de Begrëff schonn anerwäiteg gebraucht hunn (kuckt Pluton (Geologie)), op Widdersproch gestouss a gouf verworf. Awer och „Plutoiden“ als laténgiséiert Form konnt sech net duerchsetzen. D'Ënnerklass gouf trotzdeem gemaach an ass elo ouni Numm.

Definitioun änneren

D'Zwergplanéite-Kategorie ass eng vun am Ganzen dräi Kategorien, déi d'IAU fir d'Sonnesystem festgeluecht huet.

D'Objete verdeele sech op:

  • Planéiten: Objeten, déi op enger Bunn ëm e Stär sinn a genuch Mass hunn, fir duerch hir Eegegravitatioun eng bal ronn Form (hydrostatescht Gläichgewiicht) ze hunn, déi d'Géigend vun hire Bunne geraumt hunn a selwer kee Stär sinn
  • Zwergplanéiten: Objeten, déi op enger Bunn ëm e Stär sinn, a genuch Mass hunn, fir duerch hir Eegegravitatioun eng bal ronn Form ze hunn, déi d'Géigend vun hire Bunnen net geraumt hunn a keng Mounde sinn
  • Klengkierper: Objeten, déi op enger Bunn ëm e Stär sinn, awer net genuch Mass hunn, fir duerch hir Eegegravitatioun eng ronn Form ze hunn, déi d'Géigend vun hire Bunnen net geraumt hunn a keng Satellitte sinn. Dozou gehéieren déi onreegelméisseg geformt Asteroiden (Klengplanéiten) a Koméiten.

Um Spaweck änneren

Commons: Zwergplanéiten – Biller, Videoen oder Audiodateien