Den Zwergmammut (Mammuthus exilis) ass eng ausgestuerwen Aart aus der Famill vun den Elefanten. Si huet virun ongeféier 30.000 bis 12.000 Joer op de Kanalinsele vu Kalifornien gelieft. Den Numm huet se dohier, well se, wéi och den Insel-Grofuuss, deen haut nach do virkënnt, hir Kierpergréisst am Laf vun de Jore reduzéiert huet. Dëse Phenomeen vun der Evolutioun gëtt Inselverzwergung genannt, an ass dorop zeréckzeféieren, datt op Inselen de Kascht limitéiert ass.

Zwergmammut
Zwergmammut

Zwergmammut
Zwergmammut
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Rüsseldéieren
Famill: Elefanten
Gattung: Mammut
Aart: Zwergmammut
Wëssenschaftlechen Numm
Mammuthus exilis

Den Zwergmammut hat eng Héicht vu just 1,20 bis 1,80 Meter, am Verglach dozou waren aner Aarte vun der Gattung Mammut, wéi de Präriemammut, duebel sou grouss an e puermol méi schwéier.

Den Zwergmammut an der Literatur änneren

2008 huet de Jérôme Netgen en Theaterstéck mam Titel Mammuthus exilis geschriwwen, dat an der Escher Kulturfabrik uropgeféiert gouf.