Zwanksperséinlechkeetsstéierung

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Zwanksperséinlechkeetsstéierung oder eng obsessiv-kompulsiv Neuros, déi net mat enger Zwanksstéierung soll verwiesselt ginn, ass duerch iwwerdriwwe Gewëssenhaftegkeet, Perfektionismus, stänneg Kontrollen, Tockskäppegkeet, Gefiller vun Zweiwel an Zeeche vun iwwergrousser Virsiicht markéiert.

Beschreiwung änneren

Déi Betraffe liewe mat Konflikter, déi kaum ze léise sinn. Se striewe stänneg no Perfektioun. Op Grond vun deenen Ziler, déi si sech selwer gesat hunn, kënnen awer hir Projeten an hir Aufgaben nëmme schwéier ze realiséiere sinn. Vun der Tendenz hier, si se mat hiren eegene Leeschtungen ni komplett zefridden. Eng iwwerdriwwe Beschäftegung mat Reegelen, Effizienzfroen, onbedeitenden Eenzelheeten a Prozedurfroe verspäert hinnen d'Iwwersiicht. Doduerch kann et virkommen, datt dat, wourëms et eigenlech geet, aus der Siicht geréit.

Heefegkeet änneren

D'Heefegkeet vun der Zwanksperséinlechkeetsstéierung an der europäescher Bevëlkerung gëtt op 1 % geschat.

Differentialdiagnos änneren

Klassifikatioun am ICD-10 änneren

Am ICD-10 steet d'Zwanksperséinlechkeetsstéierung ënner F60.5 als Anankastesch Perséinlechkeetsstéierung
Fir eng positiv Diagnos mussen op d'mannst dräi vun de follgenden Eegenschaften oder Verhalensmustere virleien:

  1. Iwwerdriwwe Virsiicht
  2. Stänneg obsessiv Beschäftegung mat Detailer, Reegelen, Organiséieren a Plangen
  3. En iwwerspaante Perfektionismus
  4. Eng onverhältnesméisseg Konzentratioun op Leeschtung a Verbindung mat enger Vernoléissegung vun tëschemënschleche Bezéiungen
  5. Eng iwwerméisseg Pedanterie
  6. Eng betount Tockegkeet a Rigiditéit
  7. E realitéitsfriemd Insistéieren, datt Anerer sech missten den eegene Virstellunge fügen
  8. E stännegt Verdränge vun onerwënschte Gedanken oder engem Driff

Literatur änneren

  • Hoffmann, S. O.: Psychneurosen und Charakterneurosen, in Neurosen - Psychosomatische Erkrankungen - Psychotherapie (= Psychistrie der Gegenwart I), Springer-Verlag, Berlin, Heidelberg, New York, Tokyo, 1986. III Neurosen mit vorrangigen Zwangphänomenen, Säiten 45-50.
  • Gelder, Michael; Gath, Dennis; Mayou, Richard (Erausg.): Oxford Textbook of Psychiatry, Oxford University Press, 1989, Säit 131f. ënner Obsessive-compulsive personality disorder.
  • Kaplan, Harold I.; Sadock Benjamin J.; Grebb, Jack A.:Synopsis of Psychiatry, Williams & Wilkins, Baltimore, Philadelphia, Hong Kong, London, Munich, Sidney, Tokyo, 1994. S. 745f.

Um Spaweck änneren