De Modell 3 ass en Zousazschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat ugëtt, datt d'Schëld ënner deem et hänkt, nëmmen op engem bestëmmten Deel vun der Strooss gëllt.

Zousazschëld Modell 3
Indikatioun vun enger Distanz
Bezeechnung Modell 3
Kategorie Zousazschëld
Land Lëtzebuerg

Et gëtt verschidden Ënnerkategorië vum Zousazschëld Modell 3:

Modell 3a änneren

De Modell 3a weist d'Distanz un, no där d'Schëld ënner deem et hänkt gëllt, oder d'Distanz bis bei d'Gefor déi ugewise gëtt. Wann d'Zousazschëld - als Virsignal fir d'Stoppschëld - ënner dem Schëld B, 1 hänkt, huet et nach eng Opschrëft „STOP“.

Modell 3b änneren

De Modell 3b weist un datt d'Schëld ënner deem et hänkt, op enger gewësser Längt gëllt.

Modeller 3c an 3d änneren

D'Modeller 3c an 3d weisen un datt d'Schëld C, 18 oder C, 19 ënner deem se hänken, entweeder op där Säit gëlle wou d'Feiler weisen oder op enger gewësser Längt an der Richtung vun de Feiler. D'Schëld hänkt an dësem Fall parallel zur Strooss.

Wann de Modell 3c ënner engem vun de Schëlter E, 23, E, 23a (Parkplaz) oder E, 23b, E, 23c, E, 23d (Park-and-Ride) hänkt, da weist en d'Richtung u fir dohin ze kommen.

Modeller 3e an 3f änneren

D'Modeller 3e an 3f weisen un, datt d'Schëld ënner deem se hänken, virun an no der Plaz gëlle wou d'Schëld opgestallt ass.

Modeller 3g an 3h änneren

D'Modeller 3g an 3h weisen un, datt d'Reegelungen iwwer d'Stallhalen an d'Parken déi mam Schëld C, 18 oder C, 19 ugewise goufen, hanner dem Schëld net méi gëllen.

Modell 3i änneren

De Modell 3i, deen ënner engem Schëld kann opgehaange ginn dat op der rietser Stroossesäit steet, weist un, datt d'Schëld nëmme fir déi Fuerspuer gëllt, déi ganz riets ass.

Modell 3j änneren

De Modell 3j deen ënner engem Schëld C, 18 oder C, 19 hänkt, weist un, datt d'Schëld och am Summerwee gëllt.

Originaltext aus dem Code de la route änneren

Artikel 107 – IX. Symboles et inscriptions additionnels[1]
« Les sous-catégories du modèle 3, indiquent que le signal qu’elles complètent est applicable sur un tronçon déterminé de la voie publique.

  • Le modèle 3a indique la distance qui sépare le signal qu’il complète de l’endroit à partir duquel il est applicable ou de l’endroit du danger qu’il indique. Lorsqu’il complète le signal B,1 comme présignal du signal B,2a, il porte en outre l’inscription «STOP»
  • Le modèle 3b indique que le signal qu’il complète est applicable en aval du signal sur un tronçon de la longueur indiquée
  • Les modèles 3c et 3d indiquent que le signal C,18 ou C,19 qu’ils complètent, est applicable, soit du ou des côtés indiqués par la ou les flèches, soit sur un tronçon de la longueur indiquée situé du ou des côtés indiqués par la ou les flèches. Le signal ainsi complété est placé parallèlement à l’axe de la chaussée. Lorsque le panneau additionnel 3c complète un des signaux E,23 à E,23d, il indique la direction à suivre pour rejoindre un parking
  • Les modèles 3e et 3f indiquent que les dispositions du signal qu’ils complètent, sont applicables en amont et en aval du signal
  • Les modèles 3g et 3h indiquent que les dispositions en matière d’arrêt et de stationnement qui prévalent en amont du signal C,18 ou C,19 qu’ils complètent, cessent d’être applicables en aval du signal
  • Le modèle 3i, qui peut compléter un signal placé du côté droit de la chaussée, indique que le signal n’est applicable qu’à la voie de circulation la plus à droite de la chaussée
  • Le modèle 3j indique que le signal C,18 ou C,19 qu’il complète, est également applicable sur l’accotement. »

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Zousazschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.