Zoufftgen

franséisch Gemeng

Zoufftgen ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng an der Regioun Grand Est am Departement Moselle.

Zoufftgen
lb: Suuftgen
D'Märei vu Zoufftgen

D'Märei vu Zoufftgen
D'Märei vu Zoufftgen
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Yutz
Postcode 57330
Gemengecode 57764
Koordinaten 49° 27’ 47’’ N
      06° 08’ 01’’ O
Fläch  1.670 ha
Bevëlkerung  684 (2007)
Kierch vu Zoufftgen

An der Uertschaft, déi zum Arrondissement Thionville, am Kanton Yutz gehéiert, an deen eng Fläch vu 16,7 km² huet, liewe 684 Awunner (Stand 2007).

D'Uertschaft gehéiert zanter dem Grenzvertrag vum 16. Mee1769 tëscht dem Kinnek vu Frankräich an der Maria Theresia vun Éisträich, mat Ënnerbriechung vun 1871 bis 1918 (Reichsland Elsass-Loutrengen), zu Frankräich.

Zoufftgen ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Departementstrooss D56, an ee Wee deen op d'lëtzebuergesch Grenz féiert, wou en iwwer den CR160 Uschloss un dat lëtzebuergescht Stroossennetz huet.

Awunner änneren

D'Awunner ginn op Franséisch "Zoufftgenois" genannt.

Geographie änneren

Zoufftgen grenzt am Norden un Diddeleng. Nërdlech an ëstlech vum Gemengenterritoire leie Bëscher.

Nopeschuertschaften änneren

Ongléck änneren

Den 11. Oktober 2006 sinn zu Zoufftgen, genee op der Grenz mat Lëtzebuerg, e Voyageurs- an e Marchandisenzuch frontal aneneegerannt. Sechs Leit sinn dobäi gestuerwen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zuchaccident zu Zoufftgen.

Bekannt Leit änneren

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Zoufftgen – Biller, Videoen oder Audiodateien