Den Zoo vun Antwerpen gouf den 21. Juli 1843 gegrënnt. Den Zoo, deen haut matzen an Antwerpen läit, direkt nieft der Haaptgare, war déizäit bausst de Mauere vun Antwerpen, a war knapps 160 Ar grouss. Lues a lues huet e sech vergréissert, fir Plaz fir déi vill Déieren ze maachen, déi permanent derbäikoumen, sou datt e geschwënn en Fläch vun iwwer 7 ha. krut.

D'Entrée direkt nieft der Haaptgare

Geschichtlechen Iwwerbléck änneren

Aus den Ufankszäite vum Zoo stamen en ettlech bemierkenswäert Gebaier, dorënner:

  • den egyteschen Tempel vun 1856,
  • d'Antilopegebai am orientalesche Stil.

Den Zoo war awer net nëmmen en Déierepark mä en hat sech och aner kulturell Aufgabe virgeholl.

Sou goufen am Summer um Kiosk, deen am Gaart stoung, sinfonesch Concerten opgefouert, an et gouf decidéiert, fir déi och am Wanter weider ze féieren. Fir dat méiglech ze maachen, gouf den ale Musée, an deem bis dohin dem éischten Direkter Jacques Kets seng naturhistoresch Sammlung versuergt gouf, ofgerappt an en neie Festsall gebaut. Dee Festsall huet aus zwéin Deeler bestanen, dem Marbersall an dem Wantergaart.

Dem Direkter Jacques Vekemans, deen den Zoo vun 1865 bis 1888 geleet huet, ass et ze verdanken, datt den Zoo international e groussen Numm krut.

Ëm d'Joerhonnertwenn goufe verschidde grouss Gebaier opgeriicht, dorënner déi monumental Entrée, de Café-Restaurant, d'Molkerei am flämesche Stil, de Pavillon am Stil Louis XVI, den Aquarium an d'Gebai fir d'Rannerdéieren.

Am Joer 1935 koum eng Zäitschrëft Zoo eraus, déi et haut och nach gëtt.

No dem Zweete Weltkrich gouf den Zoo ënner dem Direkter Walter van den Bergh komplett réorganiséiert fir e modernen zoologesche Gaart draus ze maachen. E gouf modernen Normen ugepasst an dat grad sou gutt op wëssenschaftlechem Plang wéi um Niveau vun der Esthetik, der Educatioun an der Kultur. D'Plaze wou d'Déiere gehale goufen, sinn deenen hire Besoinen sou gutt wéi méiglech ugepasst ginn. Als Innovatioun gëllt do virun allem den Antwerp Cage Sytem vun 1946 an d'Afenhaus vun 1958.

Fir d'honnertfënnefanzwanzeg Joer ze feieren, gouf e komplett neie Komplex ageriicht mat dem Tigergebai, der Biereplaz an der Volière fir Gräifen. Den Nocturama an den Delphinarium gehéieren och dozou.

1973 gouf d'Gebai fir d'Reptiller renovéiert an 1978 gouf en neit Afenhaus gebaut.

Den Zoo war awer net nëmme bannent senge Mauren aktiv. Am Joer 1952 huet en d'Naturreserve De Zegge en Torfgebitt vun 100 ha an der sougenannter Campine anversoise opkaaft. Den Domaine Planckendaal mat enger Fläch vu 40 ha koum 1956 derbäi.

Um éducative Plang goufe vun 1969 un d' Classes du Zoo lancéiert mat Representatiounen am Planetarium an der Organisatioun vu Visites guidées.

Haut spillt den Zoo vun Antwerpen eng wichteg Roll beim Erhale vun Déierenarten déi um Verschwanne sinn sou wéi den Okapi, d'Przewalskipäerd, de Grauer-Gorilla (Gorilla beringei graueri), den Zwergschimpans, de Mënchsgeier, de kongoleesesche Pohunn, d'Hawaiigäns an de Baartgeier.

Den Zoo vun Antwerpen huet iwwer 5.000 Déieren déi sech op 900 Aarte verdeelen. En ass all Dag vun 10:00 bis 17:00 h op, ausser Samschdes a Sonndes vun 10:00 bis 18:00 h[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Zoo vun Antwerpen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "ZOO Antwerpen in Borgerhout". Retrieved 23 May 2023.