Zeugma (griich.: Ζεύγμα - "Bréckestad") ass eng fréier hellenistesch Stad um Ufer vum Euphrat a Südostanatolien, an der haiteger Tierkei bei der Uertschaft Belkis bei Birecik am Landkrees Nizip an der Provënz Gaziantep.

Wandmolerei a Buedemmosaik vun Zeugma.
D'Mosaik "Zigeinermeedchen".
Mosaik mam Acheloos

Op der anerer Säit vum Floss louch d'Uertschaft Seleukia Apamea oder Seleukeia um Euphrat. Déi zwou Uertschafte ware mat enger Pontonbréck matenee verbonnen, a wéinst där Bréck eng wichteg Etapp vun der Seidestrooss.[1]

Zeugma gouf vum Seleukos I. am 3. Joerhonnert v. Chr. gegrënnt. Et huet sech zu engem wichegen Handels- a Verwaltungszentrum entwéckelt. An der Réimerzäit war d'Bréck vun enger Legioun beschützt, 20.000 Leit hunn deemools do gewunnt. 252 n. Chr. hunn d'Sassaniden Zeugma zerstéiert an duerno nees opgebaut. Méi spéit gouf d'Stad, warscheinlech duerch en Äerdbiewen zerstéiert, an den Zentrum gouf duerch en Hank, deen erofgerutscht ass, zougeschott. Dës Deeler vun der anticker Stad si gutt erhale bliwwen.

Zanter dem 19. Joerhonnert goufe bei Zeugma ë. a. Nekropolen an hellenistesch Mosaikbiedem ausgegruewen, déi haut ë. a. a Muséeën zu Berlin a Sankt Péitersbuerg ausgestallt sinn. 1980 goufe Pläng bekannt, bei Birecik e Staudamm ze bauen.[1] Eréischt 1995 koume Suen zesummen, fir Rettungsgruewungen op d'mannst kënnen unzefänken. E puer Méint virun der definitiver Iwwerschwemmung konnten tëscht Juni an Oktober 2000, op eng Privatinititiv hin, bei enger Noutgruewung op de leschte Stëppel 45 Mosaicker, dovun 22 a ganz guddem Zoustand, geséchert ginn.[2]

D'Mosaicker sinn haut am Zeugma-Mosaik-Musée ausgestallt, deen 2011 opgoung.

Literatur änneren

  • Jörg Wagner: Seleukia am Euphrat, Zeugma. Studien zur historischen Topographie und Geschichte. Reichert, Wiesbaden 1976, (Beihefte zum Tübinger Atlas des Vorderen Orients Reihe B 10), (Zugleich: Münster (Westf.), Univ., Diss., 1973).
  • David Kennedy: The twin towns of Zeugma on the Euphrates. Rescue work and historical studies. Journal of Roman Archaeology, Portsmouth RI 1998, ISBN 1-887829-27-X, (Journal of Roman Archaeology Supplementary Series 27).
  • Nezih Başgelen, Rifat Ergeç: Belkis - Zeugma, Halfeti, Rumkale - a last look at history. Archaeology and Art Publications, Istanbul 2000, ISBN 975-6899-70-0.
  • Robert Early: Zeugma. Interim reports. Rescue excavations (Packard Humanities Institute), inscription of Antiochus I, bronze statue of Mars, house and mosaic of the Synaristôsai, and recent work on the Roman army at Zeugma. Journal of Roman Archaeology, Portsmouth RI 2003, ISBN 1-887829-51-2, (Journal of Roman archaeology Supplementary series 51).
  • Catherine Abadie-Reynal: Séleucie-Zeugma et Apamée sur l'Euphrate. Étude d'un cas de villes jumelles dans l'Antiquité. In: Histoire urbaine 3, 2001, S. 7–24,

Filmographie änneren

  • Zeugma, eine antike Stadt verschwindet. Dokumentatioun, Frankräich, 2000, 52 Min., Regie: Thierry Ragobert, Produktioun: arte.
  • Zeugma. Dokumentatioun, USA, 2003, Regie: Micah Garen a Marie-Hélène Carleton, Produktioun: Four Corners Media, Inhaltsangabe (archivéiert)

Um Spaweck änneren

Artikel änneren

Biller änneren

Commons: Zeugma – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 In: Zeugma, eine antike Stadt verschwindet. arte, 2000
  2. Helmut Stalder: „Zeugma ist im Wassergrab versunken“, Tages-Anzeiger, 14. November 2000