Zesummen - d'Bréck ass eng Walunioun, bei där sech d'Partei Zesummen mat der Vereenegung D'Bréck zesummegedoen huet fir eng gemeinsam Lëscht bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 ze presentéieren.

Zesummen - d'Bréck

President ass de fréieren LSAP- an Déi-Gréng-Politiker David Foka. Zesummen-D'Bréck huet als Zil, de kulturellen Austausch tëschent de verschiddene Communautéiten zu Lëtzebuerg ze fërderen an allgemeng en „universellen Humanismus“ ze promovéieren.[1]

Zesummen - d'Bréck setzt sech ënner anerem dofir an, datt och net-EU-Bierger bei Lëtzebuerger Walen dierfen wielen goen.[2]


Referenzen änneren

  1. Florian Javel: "Zesummen – d'Breck: eine neue Liste tritt bei der Europawahl an." wort.lu, 09.04.2024.
  2. (lb)David Foka vun Zesummen - d'Bréck am Interview: Fir déi Vereente Staate vun Europa, Migratioun duerch Aarbecht bekämpfen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-05-14.