En Zentréierschlëssel oder Nippelspaner ass een Handwierksgeschier fir d'Spéche vu Rieder unzezéien oder lasszeschrauwen a fir d'Spannungen am Rad ze regléieren an ze zentréieren.

Einfachen Zentréierschlëssel
Professionell Zentréierschlësselen

Mat dësem Schlëssel kann een d'Nippele vun de Spéchen (speziell Véierkant-Hülsemudderen) déi op der Felg sëtzen duerch op- oder zoudréine verstellen. Dat gëtt gemaach, wann e Rad nei opgeriicht gëtt, an duerno, wann et eng gewéitscht krut an net méi ronn leeft. Entweeder huet et dann eng Aachtchen (dat heescht et leeft am vertikale Plang - also 90 ° zur Achs bei Vëloen - net méi riicht) oder et huet den Dadder (dann ass de Krees vun der Felg net méi ronn). Wann een net richteg weess, domat ëmzegoen, kann ee séier, wann een eng Aachtche wëllt eraushuelen, een Dadder dranzwaffen oder ëmgedréint.

Einfach Zentréierschlëssele paken de Nippel op zwou Säiten, déi professionell paken iwwer dräi Ecker.

Déi gängegst Gréisste sinn:

  • 0,127" (3.23 mm)
  • 0,130" (3.30 mm)
  • 0,136" (3.45 mm)