D'Zentauren, genannt no den Zentaure vun der griichescher Mythologie, sinn eng Klass vun Asteroiden, déi sech tëscht den Ëmlafbunne vum Jupiter an Neptun ëm d'Sonn beweegen.

Positioune vun Asteroiden. Zentauren (orange) Asteroiden an der Kuiperceinture (gréng) a Jupiter Trojaner (rosa).

Bei e puer Zentauren, zum Beispill Pholus, gouf gefruerent Waasser op der Uewerfläch entdeckt, bei anere wéi de Chiron konnt bis elo kee Waasseräis nogewise ginn. Warscheinlech sinn d'Zentauren „erkaalt“ Koméiten, deenen hir fréier flüchteg Bestanddeeler, wéi z. B. Waasseräis oder Methan an der Tëschenzäit méi oder wéineger subliméiert sinn. Dogéint gëtt awer den Zentaur Chiron, zanter datt bei him en Halo entdeckt gouf, och als Koméit klassifizéiert.

Déi dräi éischt entdeckt Zentaure sinn

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren