Den Zenithal Hourly Rate (ZHR) vun engem Meteorstroum ass d'Zuel vun de Meteoren, déi een an enger Stonn bei klorem donkelen Himmel (Grenzgréisst 6,5 Gréisseklass) kéint gesinn, wann de Radiant vum Stroum genee um Zenit géif stoen.

Dofir ass d'Zuel vu Meteoren, déi ee gesäit, ëmmer méi niddreg wéi déi theoreetesch Quot aus der Lëscht vun de Meteorstréim.

Mat der ënneschter Formel, ass déi observéiert Quot an der Zenithal Hourly Rate op ongeféier ëmrechebar:

N: Zuel vun de Meteore vum observéierte Meteorstroum

r: Populatiounsindex

: Grenzgréisst vun de schwächste Stären déi en observéiere kann

t: Observatiounszäit a Stonnen

h: Héicht vum Radiant iwwer dem Horizont an der Mëtt vum Observatiounszäitraum

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren