Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Zauberkonscht gëtt hautdesdaags eng Form vun Ënnerhalung genannt, bei där den Artist dem Publikum scheinbar onméiglech Konschtstécker a Fäegkeete virféiert.

Beispiller sinn: Onverwondbarkeet (Zerseete Fra), Gedankeliesen, Fléien oder Schwiewen, Saache verschwannen oder opdauchen doen,...

Ënnerkategorien vun der Zauberkonscht sinn:

  • Illusiounen
  • Groussillusiounen
  • Stroosenzauberkonscht
  • Bünenzauberkonscht
  • Kannerzauberkonscht
  • Dëschzauberkonscht
  • Kaartenzauberkonscht
  • Manipulatioun
  • Mentalismus

Aner geleefeg Nimm fir en Zauberkënschtler sinn: Zauberer, Magier oder Illusionist.

Mentalist oder Manipulator bezeechne Kënschtler, déi sech nëmmen an der entspriechender Kategorie betätegen.

Zauberkënschtler si beméit net nëmmen einfach Effekter oder Tricker virzeféieren, mä se an eng Geschicht anzebannen, fir sou beim Publikum hir Konschtstécker mat Emotiounen ze verbannen. Fir d'Effekter an d'Fäegkeete virzeféieren ginn nëmme Geschéckerlechkeet a physikalesch oder cheemesch Hëllefsmëttel gebraucht. Mat der Hëllef vun Oflenkung gëtt d'Opmierksamkeet vum Publikum am richtege Moment vun der eigentlecher Trickhandlung ofgelenkt.

Zum Éierekodex vun den Zauberkënschtler gehéiert et och, net ëffentlech iwwer d'Trickgeheimnis ze schwätzen, dofir sinn der vill Member an engem mageschen Zierkel, wou si sech mat Kolleegen austausche kënnen. De Weltverband vun allen Zierkelen ass d'FISM, déi all dräi Joer eng Weltmeeschterschaft organiséiert.

Typesch Saache mat deene gezaubert gëtt sinn: Spillkaarten, Mënzen, Réng, Becheren, Bäll, Seeler, Dicher, Wierfelen,...

Typesch Zauberkonschtstécker sinn: Zerseete Jongfra, Becherspill, Chinesech Réng,...

Geschier aus der Zauberkonscht sinn: Zauberstaf, Zylinderhutt a Kanéngchen souwéi Zauberspréch, "Simsalabim", "Hokes Pokes".

Net verwiesselen däerf een Zauberkënschtler mat Zauberer oder Magier aus dem Okkultismus, de Fantasiewelten oder dem Märchen.

Um Spaweck änneren

Commons: Magic (illusion) – Biller, Videoen oder Audiodateien