ZZ-Ceti-Stäre sinn eng Klass vu verännerleche Stären, déi nom Stär ZZ Ceti am Stärebild Cetus (Walfësch) benannt sinn.

ZZ-Ceti-Stäre si pulsatiounsverännerlech wäiss Zwerge mat Perioden tëscht 30 Sekonnen an 20 Minutten. D'Amplitude sinn net grouss a leien am Beräich vun 0,001 bis 0,3 Visuell Magnitude. Dës Klass vu wäisse Zwergen huet eng charakteristesch Waasserstoff-Atmosphär mat enger effektiver Temperatur tëscht 12.500 a 11.100 Kelvin. Aus dësem Grond ginn ZZ-Ceti-Stären och DAV-Stäre genannt[1], well si d'Spektralklass DA hunn, an nëmme Waasserstoff-Absorptiounlinnen an hirem Spektrum weisen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie - ABC vun de Stären - Gréisst Stären - Noost Stären - Hellst Stären


Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. D. Koester and G. Chanmugam: Physics of white dwarf stars, Reports on Progress in Physics 53 (1990), S. 837–915, hier: S. 891, 895.