Yvette Guilbert

franséisch Schauspillerin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Yvette Guilbert, gebuer den 20. Januar 1865 zu Paräis a gestuerwen de 4. Februar 1944 zu Aix-en-Provence war eng franséisch Music-Hall-Sängerin.

Yvette Guilbert
Gebuertsnumm Emma Laure Esther Guilbert
Gebuer 20. Januar 1865
3. Arrondissement
Gestuerwen 2. Februar 1944
Aix-en-Provence
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Komponist, Lidderschreiwer

Si war d'Duechter vum Hyppolyte Guilbert an der Hernance Julie Lubrez, enger belscher Modistin.

Hiren éischte Bünenoptrëtt hat si am Théâtre des Bouffes du Nord. Wéinst hirer schmueler Stëmm huet si sech als Diseuse etabléiert. Hiren éischte Repertoire huet aus Chansons vum Jules Jouy a vum Jean-Baptiste Clément bestanen.

Wéi de Charles Zidler 1887 de Cabaret Moulin Rouge opgemaach huet, war d'Yvette Guilbert mat hirer eegewëlleger Manéier vu Gesten, Mimik a Manierismen ee vun de wichtegste Kënschtler op der Bün.

Um Spaweck änneren

Commons: Yvette Guilbert – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Yvette Guilbert. Gouache vum Henri de Toulouse-Lautrec.