De Yukio Hatoyama (Japanesch: 鳩山 由紀夫, Hatoyama Yukio), gebuer den 11. Februar 1947 zu Bunkyo, Tokio, ass e japanesche Politiker.

Yukio Hatoyama
Pseudonym 鳩山友紀夫
Gebuer 11. Februar 1947
Nationalitéit Japan
Educatioun Stanford University
Aktivitéit Politiker, Ingenieur, Universitéitsprofesser

Hien ass de Generalsekretär vun der Demokratescher Partei vu Japan. Als Resultat vun de Parlamentswalen am August 2009, wou d'Liberal-demokraten eng Néierlag hu missen astiechen, gouf hie Premierminister vu Japan.

Den 2. Juni 2010 ass hien op Drock vu senger Partei zeréckgetrueden. Hien hat d'Walverspriechen net agehalen, d'amerikanesch Air-force-base zu Ginowan, op der Insel Okinawa, zouzemaachen.

Um Spaweck änneren

Commons: Yukio Hatoyama – Biller, Videoen oder Audiodateien