Ypsilon
Den Ypsilon (griichescht Neutrum; Majuskel Υ, Minuskel υ) ass den 20. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip en numeresche Wäert vu 400. Am 1. Joerhonnert v. Chr. gouf de Buschtaf och als 25. Buschtaf an d'laténgescht Alphabet iwwerholl.
Am griichesche gëtt de Buschtafe wéi en „I“ ausgeschwat.
Urspronk änneren
Den Ypsilon ass den éischte Buschtaf, deen d'Griiche bei hiert Alphabet bäigesat haten. Si haten dofir eng Variant vum phenizesche Waw geholl, nodeem déi aner Variant schonn fir d'Digamma gebraucht gouf. Am Fréigriichesche war de Lautwäert vum Ypsilon de Vokal [u].
Gebrauch vum Ypsilon änneren
De groussen Ypsilon bezeechent an der Physik den Υ-Meson. Als Symbol gëtt heibäi ëmmer en Υ mat „Widderharen“ gebraucht, fir datt e sech vum laténgesche Buschtaf Y ënnerscheet.
Um Spaweck änneren
Commons: Ypsilon – Biller, Videoen oder Audiodateien |