YouTube

Internet-Videoportal

YouTube ass en Internet-Videoportal, dat de 15. Februar 2005 vun den dräi fréiere PayPal-Mataarbechter Chad Hurley, Steve Chen an Jawed Karim gegrënnt gouf. D'Benotzer kënne gratis Video-Clipe kucken an eroplueden.

Den offizielle YouTube-Logo
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Et sinn dës kleng selwergedréite Filmer, mä awer och Museksclippen a kleng Filmausschnëtter.

De 17. Mee 2010 huet YouTube vu méi wéi zwou Milliarden Opriff pro Tag geschwat.[1] Dat wieren an den USA e Maartundeel vun engen 73 Prozent bei de Videoportalen (Stand Mäerz 2008). No Berechnunge vun der US-Entreprise Ellacoya Networks[2] ass YouTube verantwortlech fir 10 Prozent vum gesamten Internet-Dateverkéier a fir 20 Prozent vum HTTP-Transfert.[3]

Den 9. Oktober 2006 gouf YouTube vu Google fir ëmgerechent 1,31 Milliarden Euro (an Aktien) kaaft. De Betrib mat 67 Mataarbechter – dorënner d'Grënner Chad Hurley a Steve Chen – soll d'Geschäfter uganks nach onofhängeg weiderféieren. De Sëtz ass zu San Bruno, Kalifornien.

Verglach vun der Standardqualitéit mat HQ an HD, a Player- an Originalgréisst

D'Videoe gi bei der Konvertéierung an d'Flash-Video-Format (320×240 Pixel) respektiv d'H.264-Format (352×244 Pixel) eriwwergeholl. D'Skaléierung eliminéiert eventuell Qualitéitsverloschter, déi duerch eng verloschträich Formatkonvertéierung entstoe kënnen.

Dacks gouf déi schlecht Qualitéit vun de Filmer kritiséiert. Mëttlerweil ass et awer och bei verschiddene Videoe méiglech, fir op eng méi héich Audio- a Bildqualitéit (HQ) ëmzeschalten. Ausgewielt Videoe ginn och nach am HD-Format (720p oder 1080p) ugebueden, dëst zanter Dezember 2008 respektiv November 2009.

Op Englesch bezeechent ee mat "Tube" (eigentlech: Rouer) e Fernsee, ofgeleet vun den traditionell dra gebrauchte "cathode ray tubes". Den Numm "YouTube" als Ganzt léisst sech op Lëtzebuergesch mat "Du sents" erëmginn.

Um Spaweck änneren

Commons: YouTube – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. YouTube Blog: 2 Milliarden Opriff pro Tag (Englesch, ofgeruff de 17. Mee 2010)
  2. Ellacoya Data Shows Web Traffic Overtakes Peer-to-Peer (P2P) as Largest Percentage of Bandwidth on the Network (PDF), ellacoya.com, ofgeruff den 18. Juni 2007
  3. YouTube beusprocht en Zéngtel vun der Web-Bandbreet, zdnet.de, ofgeruff den 21. Juni 2007