Yoshihiko Noda

japanesche Politiker

De Yoshihiko Noda (jap. 野田 佳彦, Noda Yoshihiko;) gebuer den 20. Mee 1957 zu Funabashi, Prefektur Chiba, ass e japanesche Politiker.

Yoshihiko Noda
Gebuer 20. Mee 1957
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Politiker

Hien ass President vun der Japanescher Demokratescher Partei an Deputéierten am Shūgiin, der Ënneschter Chamber vum Kokkai, dem japanesche Parlament. Vun 2010 bis 2011 war hie Finanzminister am Naoto Kan senger Regierung. Hie war vu September 2011 bis Dezember 2012 President vun der Demokratescher Partei a Premierminister vu Japan. Vun 2016 bis 2017 war hie Generalsekretär vun der Demokratescher Partei a vu Januar bis September 2019 Fraktiounspresident vum Shakaihoshō o tatenaosu kokumin kaigi.

Um Spaweck änneren

Commons: Yoshihiko Noda – Biller, Videoen oder Audiodateien