Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Yeovil Town FC (Spëtznumm The Glovers) ass en englesche Foussballveräin zu Yeovil am Somerset. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Football League One, der drëtthéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Huish Park Stadion.

Wope vu Yeovil Town FC
Wope vu Yeovil Town FC

De Veräi gouf 1895 gegrënnt. Si hunn ëmmer an den ënneschten Divisioune vum englesche Foussball gespillt, bis se 2003 endlech an déi deemoleg Division Three, dee Moment déi véierhéchst Spillklass am englesche Liga System opgestige sinn, an 2 Joer duerno nach en Niveau geklomme sinn. Um Enn vun der Saison 2006/07 waren se hei op der 5. Plaz, wat och bis ewell hir héchste Positioun am englesche Foussball war. 1949 ware si am 5. Tour vum FA Cup, bis ewell hir bescht Leeschtung an där Kompetitioun.

Um Spaweck änneren

(en) Offiziell Websäit vu Yeovil Town FC