De Yak (Bos mutus, bis 2003 Bos grunniens) ass eng Ranneraart déi an Zentralasien virkënnt.

Yak
E Yak

E Yak
E Yak
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Artiodactyla
Ënneruerdnung: Déieren, déi idderzen
Famill: Rannerdéieren (Bovidae)
Ënnerfamill: Bovini
Gattung: Ranner (Bos)
Aart: Yak
Wëssenschaftlechen Numm
Bos mutus
(Przewalski, 1883)
E Yak an Tibet

Et ass eng vun de fënnef Ranneraarten déi vum Mënsch gezeemt goufen. Den Numm "Yak" kënnt aus dem Tibetaneschen གཡག་ - yag, wat do awer just de Stéier bezeechent.

Charakteristiken änneren

E wëlle Yak (Bos mutus) ka vu Kapp bis Schwanz 3,25 m laang ginn, eng Schëllerhéicht vun 2 m an e Gewiicht vun 1000 kg erreechen. D'Kéi sinn däitlech méi kleng a weie ronn 350 kg. Den domestizéierte Yak (Bos grunniens) gëtt manner grouss - si kommen op eng Schëllerhéicht vu ronn 120 cm, woubäi d'Kéi ronn 10 cm méi kleng sinn. D'Haus-Yak-Stéiere weie bis zu 400 kg, d'Kéi der 250 bis 280.

D'Yake si buuschteg an hunn en zolitte Pelz, dee se géint d'Keelt schützt. Déi wëll Yaken hunn eng schwaarz-brong Faarf, iwwerdeems déi gezillte verschiddefaarweg Pelzer kënnen hunn, vu schwaarz iwwer brong bis zu roudelzeg a wäiss, oder gefleckt. D'Stéieren hunn Haren, déi no uewe gebéit sinn a bis zu 1m laang kënne ginn. Déi vun de Kéi si méi kleng.

Verbreedung änneren

Ursprénglech hunn d'Yaken am Himalaya, Tibet an a groussen Deeler vun de chineesesche Provënze Sinkiang a Qinghai gelieft. Haut sinn déi wëll Yake bal ausgestuerwen, Enn 1996 gouf hir Populatioun op just nach 15.000 Exemplairë geschat. Si liewen do a fielsege Steppen, op enger Héicht vun 3000 bis 5500 Meter. Am Wanter zéie s'a méi niddereg geleeë Géigenden.

Gebrauch änneren

D'Yake gi vum Mënsch geziicht an traditionell gebraucht als Laaschten- an Zuchdéier. Vun der Yakmëllech gëtt Botter gemaach, déi d'Tibetaner zu Bottertéi verschaffen. D'Buuschten an de Pelz ginn zu Gezei an zu Zelter verschafft. D'Yak-Fläpp gi gedréchent an als Brennes benotzt. Hiert Fleesch ka giess ginn.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Yak – Biller, Videoen oder Audiodateien