Yâna (Sanskrit a Pāli: "Gefier") bezeechent am Buddhismus e spirituelle Wee, eng spirituell Praxis, eng buddhistesch Schoul. Déi dräi bekanntst Yâna (Gefierer) heeschen:

  • Hînayâna, "Klengt Gefier"
  • Mahâyâna, "Grousst Gefier"
  • Vajrayâna, "Diamantent Gefier"

Déi grouss Richtunge gi Gefier (Gefierer) genannt, well se wéi Gefierer d'Mënschen un hiert d'Zil brénge sollen. Am klenge Gefier hunn nëmmen e puer Mënsche Plaz, dofir passen an dat grousst Gefier méi Leit. Dat diamantent Gefier huet säin Numm vum haarden a kostbaren Eedelsteen Vajra, deen och e Symbol vum tibetesche Buddhismus ginn ass. Déi verschidde Gefierer hunn allen dräi zum Zil, d'Mënschen an d'Erléisung ze bréngen.

Hînayâna­, dat klengt Gefier änneren

Dëst Gefier steet dofir, well de Buddha, wéi e gestuerwen ass, keen Nofollger hannerlooss huet. Dat heescht, no dem Buddha sengem Doud konnt kee Froe beäntweren, déi eigentlech un de Buddha geriicht waren. De Buddha war nämlech der Meenung, datt kee Mënsch fir en anere festleeë konnt, wat fir deem säin Heel a seng Erléisung wichteg ass. Tatsächlech soll d'Befollege vum Buddha senger Léier eng perséinlech Entscheedung sinn, déi vu kengem beaflosst gëtt.

Mahâyâna, dat grousst Gefier änneren

Am Géigesaz zum Hînayâna ass de Mahâyâna e Gefier, dat déi wichtegst Elementer fir déi indesch Relioun vun deemools, wärend den Ufäng vum Buddhismus, vertrëtt. Tatsächlech war d'Erléisung beim Hînayâna nëmmen duerch ausseruerdentlech schwéier Schrëtt ze gewannen. Et huet e Kult gefeelt, deen déi entscheedend Wourechte vum Buddha senger Léier och a Symboler a Ritualer siichtbar gemaach huet. Eng Relioun, déi méiglechst vill Mënschen erfaasse wollt, huet villen Inder no net sou léierhaft, sou kultfeindlech, a sou gottfern däerfe si wei den Hînayâna et ass.

Et ass dofir net verwonnerlech, datt sech op der Grondlag vum ale Buddhismus eng Alternativ entwéckelt huet: de Mahâyâna. Dëst grousst Gefier wëll méiglechst vill Mënschen iwwer den Ozean vum Leed féieren. An op him fanne fir d'éischt Kéier net nëmme Mënche Plaz: dëst Gefier wëll alle Mënsche Schutz virun de geféierleche Stierm vum Liewe ginn an se op déi aner Säit an d'Erléisung féieren. De grousse Waggon ass och nach representativ fir Gnod a Matleed mat allen Mënschen. Dofir gëllt de Mahâyâna als Weiderentwécklung vum Buddhismus.

Am Mahâyâna goufe Léieren entwéckelt, déi et beim Buddha sou nach net ginn huet. Mä domat goufen déi wichtegst Intentioune vum Buddha op eng méi mënschefrëndlech a gnädeg Aart a Weis nei verwierklecht. Sou entwéckelt sech de Buddhismus zu enger Relioun, an där Buddha-Gestalten a –Statuen, Tempelen, Musek, Blummen, Geschichten, Biller an eng ganz Rei vun Hellegen eng grouss Roll spillen.

Vajrayâna, dat diamantent Gefier änneren

Den tibetesche Buddhismus gëtt meeschtens Vajrayâna genannt. "Vajra" heescht ursprénglech "Donnerkäil" a mengt domat den onbesigbare Blëtzstral vum Gott Indran, mat deem hien en Draach ëmbruecht huet. D'Wuert huet am Buddhismus awer och nach d'Bedeitung vu *Diamant", deen en Symbol vum Kostbaren a vum Onzerbriechlechen ass. Dësen Eedelstee gëtt mat der Léier, mat der Erliichtung a mam Nirvana gläichgesat. D'Buddhiste gesinn an him e Bild vum Absolutten oder vum Näischt.