Mat Wunnengslosegkeet (nom däitschen Obdachlosigkeit) gëtt den Zoustand vu Mënsche beschriwwen, déi kee (fest) Doheem hunn, déi keen Daach iwwer ëm Kapp hunn, déi op der Strooss liewe mussen, well se net wëssen, wou owes iwwernuechten. Wunnengsloser (Obdachlose) schlofen dacks am Fräien, op ëffentleche Plazen, an Noutquartéier oder an Haiser vun Hëllefsorganisatiounen.

De Begrëff "Wunnengslosen" ass zimmlech wäertneutral an dréckt de Fakt aus, datt et sech ëm eng Persoun handelt, déi keen Ënnerdaach huet.

D'Wunnengslosegkeet bréngt dacks villfälteg Problemer mat sech, wéi zum Beispill physesch, psychologesch an virum allem familiär Problemer. Och wann ee Wunnengslosen net onbedéngt vu legalen Drogen, wéi Alkohol, oder och vun illegalen Drogen ofhängeg ass, ass hien dacks net wäit vun dësem Milieu ewech, an et besteet d'Versuchung dës Mëttelen aus Verzweiwlung ze huelen. Sou erreecht ee meeschtens nach méi eng schrecklech Lag an déi ee rutscht, wéi et ëmmerhi scho virdru war.

Wunnengslosegkeet zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg liewen no Schätzunge vun der Caritas Lëtzebuerg 250 bis 300 Leit op der Strooss an dat aus ënnerschiddleche Grënn. 80 bis 85 % vun dëse Leit si Männer. Hëllef an Ënnerstëtzung fannen dës Mënsche bei de Streetworker, am Foyer Ulysse, wou se iwwernuechte kënnen, den Dag iwwer an der Téistuff oder bei der "Stëmm vun der Strooss".

Am Wanter 2006/07 hunn 189 Männer an 48 Frae vun der "Wanteraktioun" profitéiert, dovu waren 79 Lëtzebuerger, 27 Portugisen, 25 Fransousen a 49 Mënsche mat afrikanescher oder osteuropäescher Nationalitéit.[1] D'Wanteraktioun ass zanter dem Wanter 2001/2002 eng Initiativ vum Familljeministère an Zesummenaarbecht mat Caritas Accueil et Solidarité mam Zil den Wunnengslosen (aus der Stad Lëtzebuerg) onbürokratesch an de kale Wanterméint eng waarm Schlofplaz unzebidden.

Aner Ausdréck fir Wunnengsloser änneren

  • Strummert: Strummert ass éischter eng negativ Bezeechnung fir e Wunnengslosen. Leit déi dësen Ausdrock benotze weisen éischter Ofneigung géintiwwer deene Leit ouni Daach iwwer dem Kapp. Strummert kënnt vum Ausdrock "op der Strumm sinn", dat sou vill heescht wéi duerch d'Stroossen zéien an heesche goen.
  • Clochard: Clochard ass eng franséisch, méi familiär Bezeechnung fir Obdaachloser an ass och éischter ofneigend gemengt. An dësem Ausdrock kléngt mat un, datt dës Leit "fräiwëlleg" sou liewen a léiwer de ganzen Dag nëmme liddereg op der Strooss leien an näischt ënnerhuele fir erëm aus dëser Situatioun erauszekommen.
  • Penner: Dat Wuert Penner ass och en ofschätzegt a respektloost Wuert fir e Wunnengslosen. Penner kënnt vum Verb pennen, also schlofen. Dëst géif da bedeiten, datt déi Leit näischt maachen an de ganzen Dag liddereg op der Strooss leien. Wann ee Penner seet, denkt ee gär un een, deen Alkohol gedronk huet, an der Strooss heescht a selwer Schold u senger Situatioun ass.
  • SDF (Sans Domicile Fixe) ass déi franséisch Bezeechnung fir "Leit ouni feste Wunnsëtz" an also en neutralen Ausdrock.
  • Sans Abri ass en neutralen Ausdrock an déi franséisch Iwwersetzung vu "Wunnengsloser".

Um Spaweck änneren

Commons: Wunnengslosegkeet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Service Streetwork, Jahresbericht 2007, S. 14.