De World Wide Web [ˌwɜːldˌwaɪdˈwɛb], kuerz Web oder WWW, ass en interaktiivt verdeelt Hypermedia-System, dat mat Hëllef vum Internet zougänglech gemaach gëtt. Sou ee System besteet aus engem risegen Informatiouns- an Datebëstand, dee mateneen iwwer Hyperlinke verbonnen ass. D'Informatioun ass a sougenannten Hypermedia-Dokumente gespäichert, déi et erméigleche fir net nëmme rengen Text, mä och aner multimedial Dokumenter, wéi Biller oder Audio- a Video-Dokumenter mateneen ze verknëppen.

Dës Dokumenter, oder och Websäite genannt, loosse sech mat Hëllef vun engem Webbrowser vum Webserver eroflueden an duerstellen. Iwwer Hyperlinks kann de Benotzer dann am Dokument op aner Dokumenter verweisen, egal op se um selwechte Server oder um aneren Enn vun der Welt op engem gespäichert sinn. Dëse Virgang gëtt dacks als "am Internet surfen" bezeechent.

Entwécklung vum WWW änneren

De World Wide Web ass ufanks der 1990er Joren am Kärfuerschungsinstitut CERN zu Genève (Schwäiz) entstanen. D'Iddi vum Tim Berners-Lee war et fir Fuerschungsdaten an Dokumentatioun op eng einfach Manéier ze verwalten an zougänglech ze maachen. An Zesummenaarbecht mam Belsch Robert Cailliau huet hien deen éischte Webserver Enn 1990 um Lafe gehat. Wéi dunn 1993 deen éischte Webbrowser mat enger graphescher Benotzeruewerfläch ënner dem Numm Mosaic erauskomm ass, war et och dem Netfachmann méiglech de WWW ze benotzen. Zanterhier ass de Web an domat d'Internet rasant gewuess.

1994 ass du vun der Firma Netscape de Netscape Navigator verëffentlecht ginn an ee Joer drop säi gréisste Konkurrent den Internet Explorer vu Microsoft. Béid Hiersteller hu probéiert hir Maartpositioun duerch Erweiderunge vum bis dato Standard auszebauen, wat am Browser-Krich op een Enn gaangen ass. De World Wide Web Consortium (W3C), e Gremium deen 1994 gegrënnt ginn ass, suergt zanterhier fir d'Standardiséierung vun dee verschiddene Web-Techniken. Hautzedaags probéieren déi eenzel Hiersteller dës Standarde méiglechst vollstänneg z'ënnerstëtzen, wat hinne gréisstendeels och geléngt.

Funktiounsweis änneren

De Web baséiert op dräi Haaptkomponenten:

D'Kommunikatioun am WWW baséiert um Client-Server-Prinzip. De Browser start als Client Kommunikatioun a fuerdert ee bestëmmtent Dokument, wat iwwer eng eendeiteg Adress (URL) gekennzeechent ass, beim Server un. Dofir gëtt den einfachen HTTP-Protokoll benotzt. Ass dat Dokument verfügbar, an de Benotzer autoriséiert op dës Informatioun zouzegräifen, da liwwert de Server d'Dokument aus. Am anere Fall liwwert een eng Feelermeldung. A béide Fäll ass Kommunikatioun domat eriwwer.

Elo muss d'Dokument vum Browser interpretéiert an duergestallt ginn. Wéi dës Duerstellung ausgesäit ass iwwer HTML definéiert. HTML ass eng Beschreiwungssprooch an där Websäite verfaasst ginn. Sou een Dokument beinhalt souwuel déi eigentlech Informatioun als och d'Informatioun iwwer d'Dokumentestruktur a Form vun Tags.

Web-Technologien änneren

Zu den dräi Haaptkomponente si mat der Zäit nach follgend Technike bäikomm:

  • Cascading Style Sheets (CSS) beschreiwen de Layout vu Websäiten, am Géigendeel zu HTML, wou am strenge Sënn just d'Struktur beschriwwe gëtt. Iwwer CSS gëtt zum Beispill festgeluecht, a wat fir enger Schrëftaart, -gréisst an -faarf eng Iwwerschrëft soll duergestallt ginn.
  • Extensible Markup Language (XML) erméiglecht eng gréisser Flexibilitéit wéi HTML. Sou kënnen uwändungsspezifesch Markup-Sproochen definéiert ginn, déi fir speziell Asazberäicher bestëmmt sinn. Wireless Markup Language (WML) baséiert zum Beispill op XML.
  • Skriptsproochen a CGI-Prgramméierung erlaben dynamesch Websäiten. Dës WWW-Säite gi vum Server (duerch kleng Programmer, déi an enger Skriptsprooch geschriwwe sinn an iwwer CGI-Schnëttstell mam Browser kommunizéieren) oder duerch de Browser (wéi zum Beispill mat Hëllef vu Javascript) generéiert. Duerch si gëtt de WWW interaktiv: Sou kann de Benotzer Afloss op Websäiten huelen, déi en ausgeliwwert kritt.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: World Wide Web – Biller, Videoen oder Audiodateien