De Wollef (Canis lupus) ass e Raubdéier vun der Gattung Canis, aus der Famill vun den Hënn (Canidae).

Wollef
E Wollef

E Wollef
E Wollef
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Famill: Hënn
Ënnerfamill: Echt Hënn
Gattung: 'Canis'
Aart: Wollef
Wëssenschaftlechen Numm
'Canis lupus'
Linnaeus 1758
D'Verbreedung vum Wollef
(gréng = aktuell, rout = fréier)

Wëllef ware fréier a ganz Europa verbreet, goufen awer a West- a Mëtteleuropa sou gutt wéi ausgerott.

Wëllef gläiche grondsätzlech engem groussen Haushond, just datt hiren Torso méi laang an d'Broscht méi héich ass. De Kapp ass relativ grouss, d'Stier breet, an d'Oueren éischter kuerz. De Schwanz ass buuschteg an ongeféier en Drëttel sou laang wéi de Kierper.[1] D'Faarf vum Pelz variéiert; et gëtt wäiss, crèmefaarweg, donkel, gielzeg, roudelzeg, gro a schwaarz Wëllef. An den temperéierte Klimazone vun Europa ass déi dominant Faarf gro, méi am Norde gëtt d'Proportioun vun de schwaarzen a wäisse méi grouss. De Bauch, d'Been an d'Maul si méi hell wéi de Rescht vum Kierper. Och Gréisst a Gewiicht ass no de Géigende verschidden: an de Bëschgéigende vu Lettland, Wäissrussland, Alaska a Kanada kënne se vu Kapp bis Hënner bis zu 160 cm a vum Buedem bis un d'Schëller 80 cm grouss a bis zu 80 kg schwéier ginn. Am Viischten Orient an op der arabescher Hallefinsel gi se just bis zu 80 cm laang a ronn 20 kg schwéier. Déi mëtteleuropäesch Wëllef leien tëscht deenen zwéin Extremer.

Et gëtt dräizéng lieweg an zwou ausgestuerwen Ënneraarten.

Déi normal Sozialuerdnung vun de Wëllef ass d'Ruddel. Dëst besteet an der Reegel aus enger Elterekoppel mat hirem Nowuess. Jonk Wëllef ginn eréischt mat zwee Joer geschlechtsräif a siche sech dann hiert eegent Revéier. Bis dohi këmmere se sech mat ëm hir jonk Gesëschter, déi dat Joer no hinne gebuer goufen. Wëllefsruddelen hunn all e fest Revéier, dat se, wann et muss sinn, vehement verdeedegen.

De Wëllef hiren Haaptkascht besteet aus Planzefrësser, déi s'am Ruddel joen. Jee no Géigend kënnen dat Elchen, Rendéieren a soss Hirschaarten, an an de Bierger Wëllschwäin, Wëllschof a Steebéck sinn. Dobäi komme méi kleng Mamendéiere wéi Huesen, Kanéngchen, Wullmais a Lemmingen, an, nobäi bei de Mënschen, och alt Schof, Kaalwer, Haushënn a -kazen. D'Wëllef friessen och Planze wéi Molbier, Rout Molbier, Schwaarzbier, Wëlluebst, Spackelter a Grieser.

E Wollef, deen huerelt
D'Huerelen

De Wollef zu Lëtzebuerg änneren

Bis 2015 stoung et fest, datt de leschte Wollef zu Lëtzebuerg de 24. Abrëll 1893 am Ouljer Bësch beim "Kiem" vum Édouard Wolff erschoss gouf.[2] Nei Erkenntnesser weisen, datt och nach méi spéit Wëllef zu Lëtzebuerg opgetruede sinn. Den 20. Februar 1895 gouf e Wollef an der Géigend vu Schëndels, deen an eng Fal gerode war, erschoss. Am Mee 1899 goufen am Gréngewald an der Ëmgéigend vun der Stad Lëtzebuerg dräi jonk Wëllef fonnt, déi vergëft Fleesch gefriess haten: zwéi waren dout, den drëtte konnt gerett ginn.[3]

Am Éischte Weltkrich sinn nees Wëllef zu Lëtzebuerg gemellt ginn: am November-Dezember 1914 bei Uespelt a bei Ënsber, am Januar-Februar 1917 an der Dikrecher Géigend an dono e bëssen iwwerall am Land. Ob et sech wierklech ëm Wëllef oder nëmmen ëm grouss Hënn gehandelt huet, léisst sech nodréiglech net vu Fall zu Fall klären.[3]

Den 28. Februar 1920 gouf am Bësch tëscht Bierg (Gemeng Betzder) a Buchholz (Gemeng Fluessweiler) e Wollef, deen an eng Fal gerode war, vum Fieschter vum Schlass Bierg, erschoss. Zwee Fachleit aus der Forstverwaltung an de Staatsveterinär Emile Moutrier hunn d'Déier ënnersicht an et als Wollef identifizéiert.[3]

Dono blouf et gutt 90 Joer roueg ëm d'Déier.

Am Juli 2011 gouf an der Gemeng Gedinne, an der Provënz Namouer, fir d'éischt zanter 110 Joer, nees e Wollef an der Belsch gesinn.[4] Am Februar 2014 gouf op e puer Plazen am Museldepartement, bei Lorquin respektiv bei Walscheid, een (oder méi) Exemplare gesinn.[5] Well net méi auszeschléisse wier, datt en och zu Lëtzebuerg nees opdauche kéint,[6],[7] huet de Staatssekretär fir Ëmwelt Camille Gira 2017 en Aktiounsplang virgestallt, wat ze maachen ass, wann et sou wäit wier.[8]

Am September 2017 huet eng DNA-Analys bestätegt, datt et ee Wollef war, deen e puer Woche virdrun aacht Schof tëscht Garnech an Holzem gerass hat. Dëse Wollef koum aus enger Populatioun, déi hir Verbreedung an den italieeneschen a franséischen Alpen huet an déi och schonn an de Vogesen, a Loutrengen an a Rheinland-Pfalz nogewise gouf.[9],[10] Deemno war de Wollef no knapps 100 Joer erëm zu Lëtzebuerg ukomm. Am Februar 2018 konnt d'Presenz vun engem Wollef zu Furen nogewise ginn, an am Dezember 2018 méiglecherweis am Streech Käerch-Simmer.[11] Enn Abrëll 2020 dann war et an der Géigend vun Nidderanwen, wou 3 Schof nogewisenermoosse vun engem Wollef gerass goufen. Dëse koum aus der mëtteleuropäescher Flaachlandpopulatioun, déi sech vu Polen hier iwwer Norddäitschland an d'Beneluxlänner verbreet huet. Domat konkretiséiert sech, dass sech zu Lëtzebuerg an a sengen Nopeschregiounen déi zwou Populatiounsgruppen aus dem Alperaum an aus dem mëtteleuropäesche Flaachland vereenegen.[12],[13]

Och am Wanter 2021-22 gouf D'Presenz vun engem Wollef am belsche Grenzgebitt nërdlech vu Wëntger nogewisen, vun deem ugeholl gëtt datt en do am Summer e Schof gerass hat.[14]

Am Dezember 2022 gouf am Raum Ëlwen e gerassent Schof fonnt, dat op d'Presenz vun engem Wollef schléisse gelooss huet.[15] E speziell op Wollefsgeroch dresséierten Hond huet dëse Verdacht verstäerkt, deen als onbestätegten Hiwäis C3[16] klasséiert gouf.

Den 22. Januar 2023 gouf e männleche Wollef aus der mëtteleuropäescher Populatioun zu Tratten nogewisen.[17]

Den 1. August 2023 huet d'Naturerwaltung bestätegt, datt am Juli e Wollef e Schof am Raum Léiler gerass huet. No der Populatiounsanalyse huet et sech ëm e Wollef aus der zentraleuropäescher Population gehandelt, denen hire Verbreedungsschwéierpunkt sech vun der Weichsel am Zentrum vu Polen bis an Niddersachsen erstreckt.[18]

Den 22. August 2023 huet ďNaturverwaltung matgedeelt, datt e Wollef Mëtt August am Raum Iechternach an am Raum Beefort gesi gouf. Ob et sech ëm de selwechte Wollef handelt, ass net gewosst.[19][20]

De Wollef a Mythos a Literatur änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Canis lupus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Henryk Okarma: Der Wolf. Ökologie, Verhalten, Schutz. Parey, Berlin 1997, S. 11 ff.
  2. Op der Gedenkplack, déi de Saint Hubert Club am Joer 1937 gestëft huet, steet fälschlecherweis, dat wier am Joer 1892 geschitt Commune de Betzdorf: Tourisme. Les sentiers. Wollefswee (download: 2.12.2008).
  3. 3,0 3,1 3,2 Massard 2015.
  4. "Le loup est de retour en Belgique... après un siècle." lesoir.be, 22 September 2011, 21:41.
  5. "Ein Wolf in Lothringen?" wort.lu, 20.02.14, 11:06.
  6. Cf. Schley, L. & R. Reding, 2014. Auf dem Weg in die Grossregion: Der Wolf steht vor unserer Haustür. Regulus 4: 4-7.
  7. Question écrite n°727 - Sujet: le retour du loup en Europe. op chd.lu.
  8. "De Wollef ka kommen! Aktiounsplang ass do." rtl.lu, 11.02.2017, 11:38:35;
  9. Erster offizieller Wolfsnachweis in Luxemburg seit 124 Jahren (sic). Communiqué vum 1. 9. 2017
  10. Schley, L. & J. Herr, 2017. Erster Wolfsnachweis in Luxemburg seit 124 Jahren (sic). Cf. Literatur.
  11. "Konkreter Wolfshinweis im Westen Luxemburgs." Presscommuniqué op gouvernement.lu, 19.12.2018.
  12. "Et war e Wollef, deen Enn Abrëll 3 Schof am Raum Nidderaanwen gerass huet." rtl.lu, 13.05.2020.
  13. Hermes, S., 2020. Ein Wolf als Täter. Genetische Analysen bestätigen: Raubtier für Schafrisse im Raum Niederanven verantwortlich. Luxemburger Wort vum 14. Mai 2020, S. 24.
  14. "Die Sichtung eines Wolfs ist nachgewiesen." wort.lu, 11.01.2022.
  15. wort.lu, Totes Schaf, Mögliche Wolfsanwesenheit bei Ulflingen. Gekuckt de(n) 28. 12. 2022.
  16. (de) Wolfsmanagement, SCALP-Kriterien. Gekuckt de(n) 28. 12. 2022.
  17. D'Naturverwaltung confirméiert, Am Raum Tratten war e Wollef ënnerwee. rtl.lu (15.2.2023). Gekuckt de(n) 15. 2. 2023.
  18. Eindeutiger Wolfsnachweis im Raum Lieler. Ëmweltministère (1.8.2023). Gekuckt de(n) 2.8.2023.
  19. Eindeutige Wolfsnachweise im Osten Luxemburgs. Ëmweltministère (22.08.2023). Gekuckt de(n) 22.08.2023.
  20. Wollef am Oste vum Land gefilmt. rtl.lu (24.8.2023). Gekuckt de(n) 24.8.2023.