Wizards of Waverly Place

Wizards of Waverly Place ass eng US-amerikanesch Sitcom fir Kanner a jonk Jugendlecher vun der Walt Disney Company, déi tëscht Oktober 2007 a Januar 2012 fir d'éischt diffuséiert gouf. Op Däitsch heescht se Die Zauberer vom Waverly Place an op Franséisch Les Sorciers de Waverly Place.

Si handelt vum Alex Russo (gespillt vun der Selena Gomez), enger Jugendlecher déi zu Manhattan wunnt an zesumme mat hire Bridder Justin a Max zu Zauberer ausgebilt gëtt.

D'Serie gouf 2010 mat engem Emmy an der Kategorie Outstanding Children's Program (Kannerprogramm) ausgezeechent.

Haaptschauspiller änneren

Roll Acteuren Staffel Dei däitsch Synchronspriecher
Alex Russo Selena Gomez 1-4 Gabrielle Pietermann
Justin Russo David Henrie 1-4 Patrick Roche
Max Russo Jake T. Austin 1-4 Maximilian Belle
Harper Finkle Jennifer Stone 1-4 Farina Brock
Theresa Larkin-Russo Maria Canals-Barrera 1-4 Kathrin Simon
Jerry Russo David DeLuise 1-4 Oliver Mink
Commons: Wizards of Waverly Place – Biller, Videoen oder Audiodateien