De Willy Kemp, gebuer den 28. Dezember 1925 zu Koplescht a gestuerwen den 19. Oktober 2021 zu Bartreng[1][2], war e lëtzebuergesche Vëlossportler.

Willy Kemp
De Willy Kemp (1952)
Gebuer 28. Dezember 1925
Koplescht
Gestuerwen 18. Oktober 2021
Bartreng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
De Willy Kemp (lénks) mam Aldo Bolzan, 2001.

Liewen a Karriär änneren

Hien huet 1948 seng Carrière als professionelle Vëlossportler an der Ekipp Garin ugefaangen. 1949 gouf e Lëtzebuerger Champion bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss. 1948 ass hie fir d'éischt beim Tour de France matgefuer, an huet dat am Ganzen zéng Mol gemaach. 1950 gouf en 21. am Generalklassement, an 1955 gouf hien deen éischte bei der Etapp vun Namouer op Metz.[2]

No senger Cyclistëcarrière gouf de Willy Kemp Instrukter am Lycée Technique du Centre, huet an der Reservemannschaft vum CA Spora Foussball gespillt, a war an engem Sportdauchveräin.[2]

Palmarès änneren

Als Junior änneren

  • 1946
    • 2. Championnat vu Lëtzebuerg

Als Amateur änneren

Als Profi änneren

als Individuel änneren

  • 1957
    • 3. Championnat vu Lëtzebuerg

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 22. Oktober 2021
  2. 2,0 2,1 2,2 "Willy Kemp im Alter von 95 Jahren gestorben." wort.lu, 19.10.2021.