De William Edward Boeing, gebuer den 1. Oktober 1881 als Wilhelm Eduard Böing zu Detroit, Michigan, a gestuerwen den 28. September 1956 am Puget Sound, Washington, war een US-amerikaneschen Industriellen a Fligerconstructeur mat däitschen Originnen.

William Edward Boeing
Gebuer 1. Oktober 1881
Detroit
Gestuerwen 28. September 1956
Puget Sound
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Yale Universitéit
Aktivitéit Entreprener, Geschäftspersoun, Ingenieur, Pilot

Déi vum Boeing 1916 gegrënnte Boeing Company Inc. ass déi gréisst amerikanesch Entreprise am Beräich vun der Loft- a Raumfaart an huet hire Sëtz zu Seattle am Bundesstaat Washington. D'Firma Boeing huet am Laf vun hirer Geschicht och eng ganz Rei militäresch Projete am Optrag vum Pentagon ausgefouert, wéi zum Beispill de Bau vu Bomberen an Opklärungsfligeren, souwéi Interkontinentalrakéiten ("Minuteman") a fir d'NASA d'"Saturn-V"-Rakéit fir d'Landung um Mound entwéckelt.

Den Numm Boeing gouf zum Begrëff an der Aviatioun: D'Boeing-Passagéierfligere vum Boeing-707 bis zum legendären "Jumbo-Jet" dem Boeing-747, dem éischte Groussraumfliger, dem seng éischt Versioun schonn 280 Passagéier transportéiere konnt, sinn haut op alle grousse Fluchhäfen ze gesinn.

Um Spaweck änneren

  • Biographie op der Websäit vu senger Firma
  • Carl Cleveland, Boeing Trivia, (Seattle: CMC Books, 1989)
  • Harold Mansfield, Vision: A Saga of the Sky (Duell, Sloan and Pearce, 1956)
  • Robert Serling, Legend & Legacy: The Story of Boeing and Its People (New York: St. Martin's Press, 1992)