William Coblentz

US-amerikanesche Physiker an Astronom

De William Weber Coblentz, gebuer den 20. November 1873 zu North Lima am Ohio, a gestuerwen de 15. September 1962 zu Washington D.C., war en US-amerikanesche Physiker an Astronom. Hien huet bedeitend Fuerschungen an der Infrarout-Spektroskopie an an der Infraroutastronomie gemaach.

William Coblentz
Gebuer 20. November 1873
Gestuerwen 15. September 1962
Washington
Nationalitéit USA
Educatioun Cornell University
Aktivitéit Physiker, Astronom
Member vun National Academy of Sciences

De Coblentz huet d'Infraroutstralung vu Stären, Planéiten an Niwwele gemooss. Seng Konstantebestëmmung vu Schwaarzkierperstralung huet dem Planck säi Stralungsgesetz bestätegt.

Vun 1905 bis 1945 huet de Coblentz d'radiometresch Sektioun vum National Bureau of Standards geleet.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren