De Will Kesseler, gebuer de 17. August 1899 zu Miersch a gestuerwen de 24. September 1983 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler a Konschterzéier.

Will Kesseler
Gebuer 1899
Miersch
Gestuerwen 1983
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Hien huet tëscht 1924 an 1969 am Kongo an am Tschad gelieft. Do huet hien als Projetsmanager fir verschidde Eisebunnsgesellschafte geschafft. No der Onofhängegkeet vum Kongo huet hien an Zentralafrika fir ënnerschiddlech europäesch Projete geschafft. Seng Aarbecht an de Kolonien huet seng artistesch Produktioun staark markéiert. Wann hien a fréie Joren éischter figurativ gemoolt huet, besonnesch kongoleesesch Fraen an afrikanesch Landschaften, sou huet hie sech a spéidere Joren dem Kubismus an der abstrakter Konscht higinn.

1946 an 1950 (zesumme mam Frantz Kinnen) huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren