Wilhelm von Biela

éisträicheschen Astronom an Offizéier

De Wilhelm Freiherr von Biela, gebuer den 19. Mäerz 1782 zu Rossla am Harz, gestuerwen den 18. Februar 1856 zu Venedeg, war en éisträicheschen Astronom an Offizéier.

Wilhelm von Biela
Gebuer 19. Mäerz 1782
Gestuerwen 18. Februar 1856
Venedeg
Nationalitéit Kinnekräich Preisen, Keesertum Éisträich
Aktivitéit Astronom, Militär

Als Kapitän vun der Artillerie huet de von Biela d'Feldzich 1805, 1809 an d'Befreiungskricher matgemaach, a gouf spéider (1832) Plazkommandant vu Rovigo.

Bekannt gouf de von Biela duerch d'Entdeckung vum no him genannte Koméit. Nieft den Observatioune vu Koméiten huet hien och d'Sonneflecken ënnersicht.

Um Spaweck änneren