Wikipedia:WikiProjet Zeitungen an Zäitschrëften

Dëse WikiProjet iwwer lëtzebuergesch Zeitungen an Zäitschrëften proposéiert, d'Lëscht vun Zeitungen an Zäitschrëften zu Lëtzebuerg ze vervollstännegen an zu méiglechst all Publikatioun en Artikel unzeleeën (oder ze vervollstännegen an ze vereenheetlechen).

Als Quellen wieren erunzezéien: Un éischter Plaz dem Romain Hilgert seng Antologie [1], d'Sittë vun der Nationalbibliothéik a-z.lu an eluxemburgensia.lu, souwéi och vereenzelt Hiweiser doruechter, wéi z.B. en Artikel an L'indépendance luxembourgeoise vum 14.06.1887, souwéi an de Periodicke selwer.

E Këschtebastler kinnt eis eng Këscht zwaffen, déi an all Artikel dobäikéim. Dës hätt als Variablen: Titel, Logo, Alternativtitel, Ënnertitel, Datum 1. Nummer, Datum lescht Nummer, Periodizitéit, Editeur, Chefredakter(en), Drécker(ei), Uertschaft, Sprooch, Websäit.

Weider Iddien w.e.gl. an den Text hei abauen.

Et kéint een een Artikel als Virbild huelen, andeems deen optiméiert gëtt, an dëse Modell dann, mutatis mutandis, op anerer iwwerdroen.

Et gëtt eng Infobox, déi misst just vläicht kompletéiert ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:19, 6. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]
Mëtteg,
Flotte Projet. Ech probéiere fir d'Schabloun {{Infobox Zeitung}} an den éischten Deeg nach e bëssen unzepassen.GilPe (Diskussioun) 17:07, 6. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]
Wat net alles esou zum Virschäi kënnt ;-) --Zinneke (Diskussioun) 17:26, 6. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]

Moien, eng Fro: Wann ech op Wikidata wëll Elementer ausfëllen, gëtt et do eng Lëscht vun de Labelen op Englesch, déi ech do bäisetze kann, sou dass dat an der lb: Këscht och optaucht? --Zinneke (Diskussioun) 13:08, 10. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]

Mëtteg. Hei stinn déi Wäerter déi een op Wkidata kann ausfëllen an déi dann an der Këscht opdauchen: Dokumentatioun vun der Schabloun:Infobox Zeitung. GilPe (Diskussioun) 14:36, 10. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]
Wanns de op de Wikida Lëtzebuergesch als Sprooch astells da kriss de och alles op Lëtzebuergesch ugewisen. Du kanns d'Kescht awer och knäipen an am Artikel ausfëllen, da brauchs de net op Wikidata ze goen, wann dat der kee Spaass mécht. --Les Meloures (Diskussioun) 14:44, 10. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]

Dem Romain Hilgert säi Buch bestellen änneren

Dem Romain Hilgert säi Buch "Les journaux au Luxembourg 1704-2004" kann een iwwregens beim Staat gedréckt bestellen a gratis heemgeschéckt kréien, an zwar hei: https://sip.gouvernement.lu/fr/publications/minist-etat/sip/livre/300_ans_journaux_au_Luxembourg.html --Bdx (Diskussioun) 09:09, 28. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

Referenzen änneren

  1. Hilgert, Romain:Les journaux au Luxembourg, 1704-2004. Luxembourg: Service information et presse, 2004