Wikipedia-Tour
zréck | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | weider

Vläicht geet Iech d'Informatioun vun deem engen Artikel net duer, vläicht huet en och onzouverlässeg gewierkt, an Dir wëllt weider Informatiounen zum Thema fannen. Am Allgemengen huet en Artikel Begrëffer, zu deenen aner, eegen Artikel existéieren. An engem Lexikon aus Pabeier sinn dës meeschtens duerch e Feil (→) markéiert. An enger elektronescher Enzyklopedie geet et méi elegant: Dir kënnt iwwer e Link direkt zu dësem Artikel sprangen. Déi verschiddene Linken ënnerscheede sech duerch hir Faarf:

Blo Linken
féieren Iech zu engem Artikel deen et scho gëtt. Linken zu Artikelen déi Dir scho gekuckt hutt, si liicht méi däischter.
Beispill fir e Link zu engem aneren Artikel: Walfer.
Rout Linken
bréngen Iech zu engem Artikel, deen nach net geschriwwe gouf. Wann Dir Iech mam Thema auskennt, kënnt Dir e selwer schreiwen.
Beispill: Dësen Artikel gëtt et nach net. (Wgl. dësen Artikel awer elo net uleeën!).
Linke mat engem Feil
féieren Iech zu enger Websäit ausserhalb vun der Wikipedia.
Beispill: Wiktionary.


Weider am Tour