Wikipedia:Nummkonventiounen/Kyrillesch

Dësen Artikel gëtt Recommandatioune fir den Ëmgank mat kyrillesche Schrëftzeechen an Zusammenhank mat Artikelnimm bannent der lb-Wikipedia.

Fir an dëser Enzyklopedie Nimm vu Persounen oder Plazen aus engem Sproochraum duerzestellen, an deem déi kyrillesch Buschtaweschrëft gebraucht gëtt (virun allem concernéiert dat slawesch Sproochen aus Europa an Asien), ass eng Iwwerdroung vun deene Schrëftzeechen an d'laténgescht Alphabet noutwänneg. Dës Iwwerdroung nennt een Transkriptioun, déi am Géigesaz zu enger wëssenschaftlecher Transliteratioun mat den Zeechen an Zeechekombinatiounen aus dem Lëtzebuergeschen auskënnt, mä dofir awer verschidde Lauter net ganz horgenee erëm ka ginn.

Leider existéiert net just een internationale System fir d'Transkriptioun, mä eng Hällewull un nationale Systemer. Den Антон Павлович Чехов schreift sech nom englesche System Anton Pavlovich Chekhov, nom franséischen Anton Pavlovitch Tchekhov, nom däitschen Anton Pawlowitsch Tschechow, etc. etc. Deen englesche System gewënnt zwar momentan ëmmer méi u Buedem, besonnesch well Russland, d'Ukrain a Wäissrussland ugaangs der 1990er Jore fir hir offiziell Transkriptioun an de Reespäss vum franséischen op deen englesche System ëmgestallt hunn, mä säin Asaz géif an engem lëtzebuergesche Sproochekontext zu immens ongewinnte Schreifweise féieren. Sou wier et z. B. net evident, Khadyzhensk u sech wéi Chadyjensk auszeschwätzen, oder Khrushchev wéi Chruschtschow. Aus dësem Grond gouf fir d'lb-Wikipedia eng méi praxisorientéiert Transkriptioun entwéckelt, déi gréisstendeels op den däitschen Duden zréckgeet.

Transkriptioun änneren

Lëtzebuergesch Transkriptioun vun ausgewielte kyrilleschen Alphabeter – Iwwersiicht
Buschtaf Russesch Wäissrussesch Ukrainesch Bulgaresch Mongolesch Serbesch Mazedonesch
А а А а A a
Б б Б б B b
В в В в W w V v
Г г Г г G g H h G g
Ґ ґ Ґ ґ * G g *
Ѓ ѓ Ѓ ѓ * Gj gj (Đ đ)
Д д Д д D d
Ђ ђ Ђ ђ * Đ đ *
Е е Е е E e, Je je E e Je je E e
Є є Є є * Je je *
Ё ё Ё ё O o, Jo jo * Jo jo *
Ж ж Ж ж J j Dj dj Ž ž
З з З з S s Z z
Ѕ ѕ Ѕ ѕ * Dz dz
И и И и I i * Y y I i
І і І і * I i *
Ї ї Ї ї * Ji ji *
Й й Й й I i, J j, (-) J j I i *
Ј ј Ј ј * J j
К к К к K k (ks: x) K k
Ќ ќ Ќ ќ * Kj kj (Ć ć)
Л л Л л L l
Љ љ Љ љ * Lj lj
М м М м M m
Н н Н н N n
Њ њ Њ њ * Nj nj
О о О о O o
Ө ө Ө ө * Ö ö *
П п П п P p
Р р Р р R r
С с С с S s, ss S s
Т т Т т T t
Ћ ћ Ћ ћ * Ć ć *
У у У у U u
Ү ү Ү ү * Ü ü *
Ў ў Ў ў * U u *
Ф ф Ф ф F f
Х х Х х Ch ch H h
Ц ц Ц ц Z z Ts ts C c
Ч ч Ч ч Tsch tsch Č č
Џ џ Џ џ * Dž dž
Ш ш Ш ш Sch sch Š š
Щ щ Щ щ Schtsch schtsch * Schtsch schtsch Scht scht Schtsch schtsch *
Ъ ъ Ъ ъ (-) * A a (-) *
Ы ы Ы ы Y y * Y y *
Ь ь Ь ь (-), J j * J j *
Э э Э э E e * E e *
Ю ю Ю ю Ju ju *
Я я Я я Ja ja *

Bemierkungen:

  • Di gro mat * markéiert Felder ginn un, datt et dee Buschtaf an där Sprooch net gëtt.
  • Et gëtt eng Rei Spezialregelen, virun allem fir d'Wäichheetszeechen (ь als Jott, Apostroph oder guer net), de kuerzen I (й als I, Jott oder guer net), е a ё (mat oder ouni Jott virun E bzw. O), den с als ss tëscht Vokalen, etc. Kuckt déi Spezialregele beim jeeweilegen Alphabet no (cf. Russescht Alphabet, ...).
  • D'Sprooche vum fréiere Jugoslawien hu fest Zouuerdnungen tëscht laténgescher a kyrillescher Schreifweis an dofir gëtt op eng lëtzebuergesch Transkriptioun verzicht.

Formatéierung änneren

Beim éischten Optriede vun engem Numm soll déi original Schreifweis a kyrilleschen Zeechen ernimmt ginn.

Sou gesäit et aus Doraus ergëtt sech
Den Iwan Iwanowitsch Iwanow (Иван Иванович Иванов; * 1. Januar 1900 zu Moskau; † 31. Dezember 2000 zu Sankt Péitersbuerg) war ...
oder
Den Iwan Iwanowitsch Iwanow (Иван Иванович Иванов), gebuer den 1. Januar 1900 zu Moskau a gestuerwen den 31. Dezember 2000 zu Sankt Péitersbuerg, war ...

Den '''Iwan Iwanowitsch Iwanow''' (''Иван Иванович Иванов''; * [[1. Januar]] [[1900]] zu [[Moskau]]; † [[31. Dezember]] [[2000]] zu [[Sankt Péitersbuerg]]) war ...
oder
Den '''Iwan Iwanowitsch Iwanow''' (''Иван Иванович Иванов''), gebuer den [[1. Januar]] [[1900]] zu [[Moskau]] a gestuerwen den [[31. Dezember]] [[2000]] zu [[Sankt Péitersbuerg]], war ...

Nimm vu russeschen, ukraineschen, wäissrusseschen a bulgaresche Persoune sollte grondsätzlech ënner dem vollen Numm, mat dem Pappennumm, an un den Ufank vum Artikel, an och a sengem Titel (nëmme fir d'Russen, z. B. Iwan Iwanowitsch Iwanow amplaz Iwan Iwanow) gesat ginn, well de Pappennumm an deene Sproochen eng wichteg Roll spillt an eng zousätzlech Ënnerscheedungshëllef bei Nimm bitt, déi soss d'selwecht wieren. Am Artikel selwer kann a soll en awer ewechgelooss ginn. Bei Linke kann e ganz einfach verstoppt ginn: [[Iwan Iwanowitsch Iwanow|Iwan Iwanow]]. An et soll ëmmer e Redirect op den Artikel gemat ginn, deen de Pappennumm ewechléisst. Eventuell kann een och nach e weidere Redirect maachen, deen den Numm no deem engleschen Transkriptiounssystem erëmgëtt.

Sou gesäit et aus Doraus ergëtt sech
Moskau (russ.: Москва) ass d'Haaptstad ...
oder
Moskau (Russesch: Москва) ass d'Haaptstad ...

'''Moskau''' ([[Russesch|russ.]]: ''Москва'') ass d'Haaptstad ...
oder
'''Moskau''' ([[Russesch]]: ''Москва'') ass d'Haaptstad ...

Op der lb-Wikipedia ginn déi bekannten an agebiergert russesch Nimm vun ukraineschen oder wäissrussesche Plaze gebraucht an d'Nimm op Ukrainesch oder Wäissrussesch stinn a Klameren hannendrun.