Als Metadate bezeechent een am Kontext vun der Wikipedia Datesammlungen, a Form vun Donnéeslëschten déi a speziell Schablounen integréiert sinn, déi Informatiounen iwwer verschidden Eegenschafte vun Objeten enthalen (z. B. d'Informatioun iwwer d'Awunnerzuelen (Eegenschaft) vun den italieenesche Stied (Objet)).

Gutt Artikelen enthalen dacks eng ganz Rei Fakten, di permanenten Ännerungen ënnerworf sinn. Et brauch een immens vill Zäit fir dës Fakte stänneg z'aktualiséieren, besonnesch wa se net an engem mee an honnerten oder souguer dausenden Artikele virkommen. De Metadate-Projet vu Wikipedia versicht, dës Fakten a Metadatefichen ze zentraliséiren, déi vill méi einfach "en bloc" aktualiséiert kënne ginn. All Wikipedia-Sproochversioun huet zwar momentan nach hir eege Metadatefichen, mee et soll versicht ginn, déi Fichen eenheetlech opzebauen, fir datt den Datenaustausch tëscht deenen eenzelne Sproochversiounen méiglech ass. Sou bezitt d'lb-wiki hir Metadate vun der de-wiki.

Grondlagen änneren

An de Metadatefiche leien déi ausgelagert Donnéeën, verknëppt mat engem Schlëssel fir datt ee se och erëmfënnt. Als Schlëssel hëlt een en allgemenggëltegen, z. B. den ISO-3166-Schlëssel fir Donnéeën iwwer Staaten, an net de Lemma vum Artikel, well soss d'Dateverknëppung duerch eng Lemma-Ännerung verluer géif goen an en Austausch mat anere Sproochversiounen net méiglech wär. D'Metadatefichen enthalen och nach d'Informatioun iwwer den Datum op deem d'Donnéeën ermëttelt goufen an d'Source vun den Donnéeën.

Iwwer Schablounen (dacks sinn et Infoboxe vu Geographiesartikelen) kënnen d'Metadaten dann ofgegraff an an de jeweilegen Artikele representéiert ginn. Wann z. B. d'Infobox "Uertschaft Italien" vun engem Benotzer am Artikel "Palermo" iwwer den Infobox-Formular mam Istat-Code vun der Stad Palermo gefiddert gëtt, da steiert déi Infobox domat automatesch d'Metadatelëscht vun der Autonomer Regioun Sizilien un a fëscht sech do d'Awunnerzuel vu Palermo eraus, um leschte Stand, sou wéi d'italienescht Statistikinstitut als Source se hierginn huet, an déi Awunnerzuel kënnt schéi propper an d'Këscht vum Artikel stoen.

Déi Donnéeë sollen an de Metadatelëschten an enger Form virleien, déi vu Maschinne verschafft ka ginn, a se sollen eréischt bei der Representatioun am Artikel an eng propper Form bruecht ginn. Sou sollen Zuelen ouni Dausendertrennung a mat engem Punkt als Dezimaltrenner stockéiert ginn, fir datt een nach domat rechne kann (z. B. d'Bevëlkerungsdicht), an eréischt an der Këscht kënnt de Formatage mat Dausendertrennung an engem Komma als Dezimaltrenner no.

Richtlinnen änneren

Ier ee sech dozou decidéiert, fir Donnéeën a Metadatelëschten auszelageren, muss ee sech natierlech d'Fro stellen, op den Opwand a Proportioun mam Notze steet, an op een domat net riskéiert e System ze schafen, deen een herno just nach selwer versteet an dee bei enger Indisponibilitéit vum Auteur vum System herno just nach Dateschrott ass.

Kuckt och änneren