Wikipedia ass en enzyklopedesche Projet vum Typ WikiWiki, fräi a gratis. Am Februar 2004 hat de Projet eng ronn 500.000 Artikelen a 50 verschiddene Sproochen opweises, am August 2013 scho méi wéi 100 Milliounen Artikelen an iwwer 280 Sproochen. D'Säiten op Wikipedia ginn ënnert der Creative Commons-Lizenz "Nummnennung-Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 3.0 Unported" (CC-BY-SA) an der GNU Free Documentation License (GFDL) publizéiert.

De Sënn vun enger Enzyklopedie ass et, Wëssen ze resuméieren an d'Wëssen ënnereneen ze verbannen.

Wéini huet Wikipedia ugefaangen?

De 15. Januar 2001 huet d'Wikipedia op Englesch ugefaangen: https://www.wikipedia.org/. Ee vun de Grënner ass den Jimbo Wales, Proprietär vun der Firma Bomis.

Duerno si lues a lues ëmmer méi Wikipediaen an anere Sproochen derbäikomm. D'Wikipedia op Lëtzebuergesch ass den 21. Juli 2004 entstanen.

Den oder d'Wikipedia?

Eigentlech steet d'Wuert Wikipedia fir dräi verschidde Saachen:

  • d'Enzyklopedie Wikipedia, woubäi encyclopædia aus dem Laténgesche kënnt an do weiblech ass. Och op Lëtzebuergesch ass et eng Enzyklopedie.
  • de Projet Wikipedia, fir dës Enzyklopedie ze schreiwen, de Wikipedia.
  • d'Wikipedia-Software, déi de Site ënnerstëtzt.

D'Häerzstéck vu Wikipedia, d'Enzyklopedie, bitt also un, de weiblechen Term ze benotzen, also d'Wikipedia.

Wéi funktionéiert Wikipedia?

Kuckt heizou och: Wéi änneren ech eng Säit

Nom Wiki-Prinzip an der adaptéierter Software MediaWiki. Am Ament schaffen eng 80 Leit bei der lëtzebuergescher Wikipedia mat, bei der englescher sinn et der iwwer honnertdausend.

Jidderee kann en Artikel schreiwen oder änneren. D'Auteure kënne sech e Kont mat eegenem Benotzernumm opmaachen, mä dat ass net obligatoresch. Registréiert Auteuren hunn eng eege Säit an extra Funktiounen zur Verfügung, zum Beispill de Suivi vun hiren Artikelen. Eigentlech sinn déi meescht Auteure registréiert.

Wéi kann ech sécher sinn, datt d'Informatiounen eppes daachen?

Déi Fro kéint ee sech eigentlech zu all Moment stellen, ob mir elo Radio lauschteren, Fernsee kucken oder eben en Artikel op Wikipedia liesen. Den Ënnerscheed bei Wikipedia ass, datt wann Dir op eppes stousst, wat Ärer Meenung no falsch ass, da kënnt Dir et direkt ännere goen. En Artikel ass dacks d'Aarbecht vun honnerte vun Hänn, déi e getippt hunn a probéiert hunn eng gutt Aarbecht ze leeschten.

Wiem gehéiert d'Wikipedia?

Kuckt heizou och: Wikimedia

Dat ass eng gutt Fro. Bis am Summer 2003 huet den w:Jimbo Wales, oder éischter seng Firma Bomis, d'Wikipedia kommanditéiert, dat heescht d'Serveren zur Verfügung gestallt an déi fälleg Rechnunge bezuelt. Den Jimbo gëtt och nach "benevolent dictator" genannt.

Zur Zäit gehéieren d'Serveren der Wikimedia Fondatioun, déi 2003 gegrënnt gouf. Bomis stellt nach ëmmer d'Internetverbindung zur Verfügung.

D'Artikele ginn ënnert der GFDL publizéiert, sinn also fräi a gehéieren der Fondatioun net.

D'Wikipedia gehéiert eigentlech kengem oder eis alleguer zesummen a virun Allem jidder Eenzelnen.

Benotze vum Inhalt vu Wikipedia

D'Zil vu Wikipedia ass et, eng Informatiounssource ze schafen a Form vun enger Enzyklopedie, déi jidderengem gratis zur Verfügung steet. De Contenu ka kopéiert, verännert a weiderverbreet ginn, mä all nei Versioun steet obligatoresch ënner der selwechter Lizenz a muss Wikipedia als Source uginn.

An deem Sënn stinn d'Artikelen op Wikipedia ënner der GNU Free Documentation License an der Creative Commons-Lizenz Nummnennung - Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 3.0 (unported), déi d'Fräiheet vum Contenu garantéieren. Haaptsächlech:

  • De Contenu vu Wikipedia ass fräi.
  • Jiddereen huet d'Recht ze kopéieren.
  • Jiddereen huet d'Recht ze änneren, hei oder anzwousch anescht.
  • Wikipedia muss als Source genannt ginn.
  • All Kopie oder Ännerung ënnerläit de selwechte Konditiounen.

Aner Sproochen a Projeten

Kuckt heizou och:Complete list of Wikimedia projects

De Projet gouf op Englesch gestart an no engem immense Succès sinn aner Sproochen nogezunn.

Fir d'Koordinatioun tëscht de Sproochen ze vereinfachen, benotze mer Diskussiounslëschten an der Meta: https://meta.wikimedia.org/. Et ginn Ambassade fir d'multilingual Koordinatioun.

Ëm déi 320 Sprooche sinn aktiv.

Wikipedia a regionalen Dialekter:

Dir kënnt Iech och d'Statistik ukucken a mol luussen, wou Lëtzebuerg steet.

Aner Projeten

Serveren, Software an Developpement

Wikipedia benotzt eng Freeware ënnert der GPL Lizenz, MediaWiki genannt, déi op https://www.mediawiki.org/ disponibel ass. De Site leeft am Ament op Linux-Servere mat Apache, PHP, MySQL an Squid.

D'Maintenance vun de Serveren an den Developpement vun der Applikatioun gëtt vu fräiwëllege Useren mat Developer-Status gemaach.

Wien dirigéiert Wikipedia?

Keen dirigéiert Wikipedia, mä verschidde Benotzer hu speziell Funktiounen, dat sinn d'Administrateuren. Si kënne Säite läschen a blockéieren an och en anere Benotzer spären. Administrateure ginn normalerweis duerch allgemengen Accord gewielt, wann d'Noutwennegkeet besteet.

D'Bürokrate si lokal Administrateuren, déi engem anere Benotzer Administrateur-Rechter kënne ginn. D'Stewards kënnen de Status vun all Benotzer um ganze Wikimedia-Projet änneren.

Dësen administrative Status huet keng weider Konsequenzen op de concernéierte Leit hir Aarbecht als Auteur.

Wat ass den Intressi fir matzemaachen?

Léieren a weider matdeelen.

Funktionéiert et?

Ganz gutt esouguer! Mir hu schonn eng ganz Rëtsch Artikelen opweises an et ginn der ëmmer méi (kuckt heizou och d'Statistik).

Wikipedia ass déi meeschtbesicht enzyklopedesch Websäit vun der Welt an och de gréisste Wiki. D'Zuel vun Artikelen an enger anerer Sprooch wéi Englesch huet déi englesch Wikipedia ewell iwwerholl.

Sinn all Wikipediaen um selwechte Server?

Jo an nee. Bis de Summer 2002 war nëmmen déi englesch Wikipedia an der phase 3 (drëtt Versioun vun der Software) an déi aner Wikipediae waren op engem anere Serveren. D'Wikipediaen, déi an d'drëtt Phas komm sinn, goufen am Hierscht 2002 lues a lues beienee gefouert.

Am Fréijoer 2003 koum en zweete Server fir z'ënnerstëtze bäi an déi englesch Wikipedia war op en Neist vun deenen anere getrennt.

Am Hierscht 2003 sinn duerch en immensen Trafic d'Käschten enorm an d'Luucht gaangen an et ginn Donatiounen ugeholl.

Den 13. Februar 2004 sinn 9 nei Servere bäikomm. Si stinn all der Wikipedia zur Verfügung.

Ech hunn Objektiounen zum Wikipedia-Konzept

Liest heizou, wat Wikipedia am schlëmmste Fall geschéie kéint (en).

Intern Kommunikatiounen

Fir intern mateneen ze kommunizéiere benotze mer d'Diskussiounssäiten vun de jeeweilegen Artikelen, eis eege Säiten (Benotzerlëscht) an de Staminee.