Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/Oktober

Rekursivitéit änneren

Ech stelle hei mol déi allgemeng Fro op et sënnvoll ass, fir iwwert eng Rei vill benotzte Wieder keen eegenen Artikel ze schreiwen, mä se duerfir an engem eenzegen Artikel ze regruppéieren.

Wann e zum Beispill fir Moleküll, Atom, Bindung, Ion a Element ëmmer neess op den Ufank vun deemselwechten Artikel stéisst an dann an deen Artikel siche goe muss bis een dat Wuert font huet, da fannen ech dat guer a glat net benotzerfrëndlech. Mei intressant ass et nach wann e an engem Artikel drann ass an dann, duerch klicken op e Wikilink, op den Ufank vum Artikel kennt, wou e souwéisou schon dra ass/war.

En Artikel wéi Chimie ass secher gutt fir sech en Iwwerbléck zum Thema ze verschafen, mä fir séier eng Explicatioun fir e bestëmmte Wuert ze fannen ass e menger Meenung net esou geegnet.

Vläicht ass jo nach deen een oder deen aneren do (och wann e, wéi ech, net responsabel fir iergendëppes ass) dozou eng Meenung huet.--Fliedermaus 17:00, 5 Oktober 2006 (UTC)

muss hei der Fliedermaus honnertprozentzeg Recht ginn. Linken oder sougenannte Wikien déi nët preeziis op dat Wuert linken daat soll erkläert ginn si Kaabes. Wann et deen Artikel zu deem Wuert nach nët gëtt da gëtt et eben nach nëtt. Et soll awer nët probéiert gin fir mat sou komesche Manipulatiounen Wikien blo ze kréien. D'Wuert daat dee Mënsch deen op Wiki kucke geet liest, a blo gesäit, soll erkläert sinn an et soll kee Link op eng Lëscht z.B. sinn wou nach just deeër selwechter dra stinn awer wou ee keng Erklärung zum Wuert selwer kritt, oder op ee Koseng oder ee klengen Neveu vun deem Wuert. Les Meloures 16:18, 7 Oktober 2006 (UTC)
"och wann e, wéi ech, net responsabel fir iergendëppes ass": - Mat deenen, déi net responsabel fir iergendeppes sinn, ass net einfach diskutéieren. --Cornischong 16:46, 7 Oktober 2006 (UTC)

Et gett jo ëmmerhin hei nach iwwert eng konkret Saach diskutéiert.

Beim Artikel Gemeng huet een och déi Situatioun, wou Linken vu verschiddene Wieder all op een eenzegen Artikel féieren.

Et wier net schlecht wann nach een oder deen aneren kuerz seng Meenung schreiwe géif.--Fliedermaus 08:15, 9 Oktober 2006 (UTC)


Ech hun emol de rekursiv Tricken an der Gemeng gebozt inklusiv déi, déi Gefor lafen eng Kéier rekursiv ze ginn. Wann een nach ee soll fannen einfach dem Beispill follegen.
Et soll dann mol kloer gesot ginn dass do mol e bësselche méi opgepasst soll ginn mat dem gëverwikis dat Rekursivitéite matbrengt an och bei aaner Wikien déi nët op dat Wuert hiweisen waat een eigentlech no dem Klick misst fannen. Fir dann op eppes aaneschtes änleches ze verwikien oder op eng Lëscht wou een neischt weider gewuer gëtt, ausser dass et nach dräi deeër Männercher, oder waat et och soss soll sinn, gëtt, mecht wirklech kee Sënn.
Lëschte sollen ënnen beim Kuckt och opgefouertgin an nit verstoppt wikifiéiert ginn. Les Meloures 08:40, 9 Oktober 2006 (UTC)

Ech denken och dass et net sënnvoll ass fir d'Wieder op aner Artikelen ze velinken am Plaz op d'Wuert selwer. A scho guer net op Lëschten. Ausser et mecht en direkte Sënn. Ech giff dann och proposéieren, dass wann engem esou e Wuert opfällt, et einfach änneren ze goen. --Alexandra 10:59, 9 Oktober 2006 (UTC)

Grofe vu Lëtzebuerg änneren

Wollt juste soen dass ech kucken an deene näechsten Deeg Artikelen fier all Grofe vu Lëtzebuerg (dei nach kéng haaten) ze schraiwen. Dozou wäerten och souegnannt friem Herscher dei elo nach net an der Lëscht sinn geheieren (Thibault vun Bar, Walram vu Limburg). Ech kucken och fier aaner relevant personnagen aus däer Zeit Artikelen ze schreiwen (Hermann vu Salm, Walram vu Ligny...).

Mee ech hunn do e puer Problemer mat existeiernden Artikelen. Daat sinn als eicht emol d'Nimm vu Lait. Sollen d'Lëtzebuerger Grofe mam numm Henri wierklech als Heinrich geschriwwe ginn? Eng Alternativ wier och natierlech Heng, mee daat kennt mer ze privat fier. Eng weider meiglechkeet wier daat je no Dynastie aanescht ze maan (Heinrich fier'd direkt Ardennergrafen, Henri ab Namur-Lëtzebuerg).

Weider nach, gëtt et schons en Artikel iwwert d'Hellegt Reimecht Reich? Daat (an en katégorie Lëtzebuerger Käser) misst dann och nach an deem Kontext entstoen. Vilaicht och nach e Généalogie Artikel vun den Ardennergrofen bis Lëtzebuerg-Ligny (dei net mei hei grofe waaren) fier eng kuerz Iwwersicht.

All hëllef ass heibai wellkomm, a wei een u mengem Lëtzebuergesch gesait neideg:-(.--Caranorn 13:27, 8 Oktober 2006 (UTC)

Ma dat liesen ech gär. Déi Saach mam "Heng": Déi Nimm hunn all eppes Privates, och wa se Henri oder Heinrich heeschen. Fir d'Nimm vun Dynastie op Dynastie z'änneren kënnt mer als Spill mam Feier vir. Fir ze wësse, ëm wien et da geet, misste mer scho bei der Fro wëssen, ëm watfir eng Dynastie et geet. An deeër Hengen ginn et jo an allen Himmelriichtungen. Wa mer "Heng" soen, da wësse mer direkt op watfir enger Bün dee gedanzt huet. En HRR-Artikel hu mer, den Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun. Maach der net zevill Suergen iwwer d'Schreifweis; hei lafen der e puer mam Torschong hin an hier. --Cornischong 13:44, 8 Oktober 2006 (UTC)


Moie Caranorn, schéin, dass de de Mëttelalter-Geschichtsrayon beräichers, deen huet et batter néideg! Mat de Sproochforme vun den Nimm: Ganz allgemeng versiche mer, d'Sproochversioun vun deem Land ze huelen, wou dee Monarch/Herrscher... hirkënnt: João I. vu Portugal, James I. vun England (keng Garantie, datt déi genee esou houschen, 't ass just e Beispill!). Hei zu Lëtzebuerg ass dat aus bekannte Grënn net einfach. Ech fannen, deng Propose, dee vum Haus Namur-Lëtzebuerg "Henri" ze nennen, deen aus dem Ardennergeschlecht/Bitgau "Heninrich", geet an déi richteg Richtung. "Schlëmmstefalls" ginn einfach déi zwou Formen am Artikel ernimmt, a mer maachen e "Redirect" aus der jeweils anerer Form.
An zéck net, wann der an deenen Artikelen, déi et scho ginn,eppes net kauscher virkënnt, et z'änneren: dat ass jo grad de Prinzip hei, dass kollektiv d'Wësse verdéift an erweidert soll ginn. Z.B. däin Ausdrock "sougenannt Friemherrschaft": de Begrëff 'Friemherrschaft' gëtt effektiv vun der Histortiographie an deene leschte Joren ëmmer méi a Fro gestallt, well eppes "eegenes" viraussetzt, wat et an deer Form deemools guer net gouf. Wann s du dech do auskenns: nëmme lass!
--Zinneke 08:50, 9 Oktober 2006 (UTC)

Vitesse oder net? änneren

Geet et haut (a gëscht) och bei Aneren "esou lues" mat allem wat mat Billeroplueden a Billerkucken ze dinn huet? --Cornischong 19:25, 11 Oktober 2006 (UTC)

Jo 81.244.50.74 19:47, 11 Oktober 2006 (UTC)

Jo, suguer 2k Biller brauchen haut heinsdo Minute fier ze lueden.--Caranorn 20:38, 11 Oktober 2006 (UTC)

Immens dacks änneren

"Et ass gratis an immens aktiv" - "Säi Gittarstil as immens drockvoll" - "D'Zäitgenossen erzielen dass si immens schéi war" - "mee hie war net immens wëllensstaark géint seng Géigner" - " als immens gutt erhalen Äismumie " - " ass immens kuckeswäert." - " gouf sech zu Paräis doriwwer immens gefreet." - "Gluciden an de Proteinnen immens energieräich" - "wou de Revolver immens Verbreedung bäi Police, Arméi, NKWD" - "haaptsächlech am Süden immens drëchen" - "'Dokteren hunn sech immens ëm den eelste Bouf" - .... Geet dat engem net immens op den Déngen? Mee dat Wuert steet nach immens méi dacks do. --Cornischong 14:52, 12 Oktober 2006 (UTC)

Ech verstinn net ganz de Problem ? --βρισεισDisk 15:35, 12 Oktober 2006 (UTC)

Et ass einfach immens schlechten Stil. Spanish Inquisition 15:42, 12 Oktober 2006 (UTC)

A wéi wëlls de dat soss schreiwen ? --βρισεισDisk 15:48, 12 Oktober 2006 (UTC)

Lëtzebuergesch oder Lëtzebuerger änneren

Ass a leschter Zäit net deen een oder anere "Lëtzebuerger" a "lëtzebuergesch(e)/(en)" zevill geännert ginn? Misst een dann net soen: "Lëtzebuerger Sprooch", "Lëtzebuerger Nationalitéit", "Lëtzebuerger Fändel", "Lëtzebuerger Premierminister", "Lëtzebuerger Landesmeeschterschaft", "Lëtzebuerger Landesrekord", "Lëtzebuerger Sportler vum Joer"... ? Fir en Tennisspiller, Sänger, Filmregisseur, Professor, Politiker ... ass et natierlech eng aner Saach.--Fliedermaus 18:17, 13 Oktober 2006 (UTC)

D'Fro ass: Wéi ass et richteg. Wann et richteg oder falsch ass, ass et fir déi eng wéi fir déi aaner. Mee et sinn och scho mäer Zweifelen opkomm an zwar wéi ech lo an der lescht e bësselche bei eise Linguiste gebliedert hun. Déi schengen sech do och nët eens ze sinn. Eng kéier schreiwen se lëtzebuerger en aaner Kéier lëtzebuergesch. Ech gi mer déi nächst Woch emol eng Grammaire kaafen fir ze wëssen wéini dass lëtzebuergesch een Adjektiv ass a wéini dass lëtzebuerger eent ass oder ob se et allenzwee ëmmer sinn. Da wier natirlech déi ganz Aarbecht fir d'Kaaz gewiescht, a fir fir alles eenheetlech ze hun misst erëm zréckgefuer ginn. Daat wir nach daat mannst, an e puer Deeg wir daat och alt iwwer d'Bün. Mee de Kroop gouf gehéit bis ech emol klipp a kloer eng Ausso vun engem Fachmann hun. Les Meloures 18:57, 13 Oktober 2006 (UTC)

A wat sot der dann zum "Luxemburger Lexikon? änneren

Nodeems deen éischte Lexikon iwwer "Luxemburg" erauskoum, wier et interessant, är Meenungen dozou hei ze liesen:--Cornischong 12:27, 16 Oktober 2006 (UTC)

En décke Luef: D'Buch ass uerdentlech fuedemgebonnen! E gudden Deel vun de (relativ grousse) Fotoen (z.B. Niklopaart zu Réimech, Villa Pauly, Léiwfrächen) sinn technesch ënner aller Klarinett (Schieter bis zum Dronkeginn). An den Altor, deen op der "Kirchenaltar in Hachiville" ze gesinn ass, steet net zu Helzen. En décke Steen an de Kapp fir de Layouter, deem et heiansdo gefält, fir wäiss Schrëft op orangem Fong ze zwaffen, op déi Iddi muss ee kommen!! --VicMol 12:46, 16 Oktober 2006 (UTC)

Ech hat bis lo just Geleeënheet eng Kéier séier driwwer ze fléien. Nieft de selechen Timberen, ass mir awer och direkt déi Saach mat der Kierch Helzen (eng vun deene Fotoen, déi ganz e bësselche méi grouss ass) an d'A gefall. Dat ass net den Altor vun Helzen mee dee vun Ëlwen. Fototechnesch hätt ee vun engem "professionelle" Buch bësselche méi erwaart. Den Inhalt gëtt nach ënner d'Lup geholl, wann ech bësselchen Zäit fannen. Ech mengen awer, datt d'lb-Wiki sech net brauch ze schummen, och wa mir nach laang net all d'Stéchwierder, déi am Lexikon ze fanne sinn, dran hunn. --Tomateus 06:07, 17 Oktober 2006 (UTC)

De Schwaachpunkt vum Buch sinn d'Fotoen. D' Myriam Muller huet op Foto eng Kapphéicht vun 3,8 Millimeter, d' Nadine Hoffmann eng vu 5 mm. D'Foto vum Musée national d'histoire et d'art ass total schif; bei deeër vum Charly Gaul huet keen d0Fangere kromm gemaach fir d'Faarwen iergendwéi an d'Rei ze bréngen; d' Alte Schuhfabrik (Säit 416) ass duerch de Wäitwénkel kromm a krëppeleg ginn, an d'gebai ass mol net ganz drop. Datt op der Septfontaines (Simmern)-Foto de Kierchtuerm geschnidden ass, weist dropshin, wéi déi Biller zesummegeneelt goufen. An nach dat hei: Et geet vun 10.000 Lemmata Rieds; et géif mech interesséieren, wéivill "Redirecten" dorënner sinn. D'Foto vum "Gutland" (S. 155) soll wuel e Witz sinn. Beim Michel Geimer (S.138) ass e Bild vun engem "Werk von Michel Geimer" Just, wéi dat heescht a wéini deen dat gemaach huet, geet anscheinend keen eppes un. Souguer bei "Masseler" steet, datt d'Uertschaft 34 Awunner huet, wéini se gezielt si ginn, kréie mer awer verheemlecht. Affär à suivre deemno. --Den Tedektif 10:24, 17 Oktober 2006 (UTC)

Ech hunn de Lexikon bis ewell nach net ze gesi kritt, dofir kann ech bis ewell nach näischt dozou soen. Mee eng Iddi ass mer komm: Ech huelen un, de Lexion gëtt zur Zäit an der Lëtzebuerger Press kommentéiert a rezenséiert. A wéiwäit wier et nëtzlech/wënschneswäert, bei deene puer wichtegste Kulturreadatiounen "unzeklappen", an hinnen ze suggeréieren, emol hei laangscht ze kucken - et muss jo net ëmmer de Brockhaus sinn, dee bei der Diskussioun "Web 2.0 vs Redaktionell Kontroll" erugezu gëtt. D'Risiko wier, dass et nach Sujetë ginn, wou däitlech méi kinnt/misst hei stoen, wéi dat de Fall ass, an deementspriechend d'lb:Wiki éischter schlecht giff do stoen. Anerersäits wier z'iwwerleeën, eng Lëscht vu Linken op Säiten opzestellen, vun Artikelen, déi sech "net ze schumme brauchen", oder déi wéinst Aktualitéit/Plaz/Verlinkung däitlech méi "wäit" ginn wéi e Lemma an engem eebännege Lexikon dat je kinnt, bref, de Virdeel vun engem Online-"Opkuckbichelchen" (sou soen se a Pennsylvania ;-) ervirhierwen. --Zinneke 14:24, 17 Oktober 2006 (UTC)


Ech kréien dat Buch eréicht an e puer Wochen, mee wann ech dat heiten esou duerchliesen kënnt mier dat Gefill dass den Lexikon en tippech lëtzebuergeschen Projet ass: HALLEF GEBAAK! Näischt vier ongudds un all déi engagéiert Léit héi ob der lb:Wiki, mee waat an dem Land ausserhalb vum Cyberspace leeft resp. net leeft.... nujee, et ass jo keen Diksussiounsforum hei, dofier halen ech och elo den Baak. Gudd Nuecht. Spanish Inquisition 20:42, 17 Oktober 2006 (UTC)

Kann et sinn, datt déi "engagéiert Leit" hei net gär als "HALLEF GEBAAK" tituléiert ginn, vun engem, dee seng Viruerteeler net ganz am Grëff huet, an dowéinst heiansdo op enger Talksäit hei säi Kéipchen dréckt fir duerno iwwer eng Muselbréck ze verschwannen? --Cornischong 23:49, 17 Oktober 2006 (UTC)
Du kanns och net liesen, gell?Spanish Inquisition 05:54, 18 Oktober 2006 (UTC)

Och? --Cornischong 20:54, 19 Oktober 2006 (UTC)

Ech hun nët alles hei gelies mee ech schätzen dës Diskussioun op 300 Wierder zevill. Wéi wier et wa mer mol eis Feeler gingen verbesseren eier mer deenen aneren hier siche ginn. Black Metall 07:31, 18 Oktober 2006 (UTC)

Ech krut haut mäi Päckelche mam Buch dran. Fir d'éischt emol "chapeau" un den Auteur, well et weess ee jo ze gutt, wéivill Aarbecht an engem eenzegen hongeregen Artikel stieche kann, wann ee muss hannert banalen Donnéeë wéi Gebuertsdeeg vu Leit, asw. hirrecherchéieren a mierkt, wéi schlampeg verschidden doruechter verspreeten Donnéeë recherchéiert sinn. Wat d'Presentatioun ubelaangt: Ech stëmmen iwwereen, dass déi "schassorange" Foarf net terribel glécklech gewielt ass, an natierlech kann een d'Auswiel an d'Qualitéit vu verschiddene Fotoe kritiséieren - eng ganz "Une" vun enger Dageszeitung, op 2,5 x 2 cm faksimiléirt, esou dass een emol den Numm net liese kann, oder d'Foto vun engem Guy Moyano, wou een ausser engem Schiet näischt gesäit - an och d'Tatsaach, dass d'Faarwen net ofgestëmmt goufen (déi vum Felix a vum Linda Eyschen ënnereneen dinn direkt wéi an den Aen); mee och hei muss een appreciéieren, dass do iwwerhaapt een honnerte vu Fotoen zesummegedroen huet (ech verweisen op eis 'gewënschte-Fotoe'-Säit...).

Inhaltlech ginn d'Stéchwierder akkurat a kompakt dat Wichtegst erëm. Iwwert d'Auswiel, wien elo dran ass a wien net, kann een ëmmer diskutéieren. Et ass mer awer op en éischt Duerchbliedere keng onverzeilech Lacune opgefall. Dass vun de Leit, déi dra sinn, déi, déi nach liewen, ë. Ë. manner Opweises ze brauchen hunn, wéi bei deenen, déi scho méi laang dout sinn, ass, mengen ech normal. Wat e bësse feelt, si méi gesellschaftpolitesch Hannergrënn - eng Lëscht vun zwou Säiten iwwer Dëschtennis-Landesmeescher, mee keng iwwert déi verschidde Regierungen a Ministeren. D'Auswiel vun de "groussen" Artikelen (déi op orangem Fong) schéngt mer och zimmlech willkürlech, Den Zweete Weltkrich gëtt gläich 4 Mol ernimmt, eng kéier aus der Vue vun der Kollaboratioun, da vun der Juddeverfolgung, da vum Generalstreik an, op 6 Säiten, vun der Resitenz, vum Éischten ass esou gutt wéi näischt ze fannen. Eng aner Kritik, déi ee maache kéint, ass déi géintiwwer vun all Bucheditioun vun engem Lexikon, neemlech d'Queeschverweiser, resp. d'Feelen op ville Plazen dovunner: Hei géintiwwer ass en elektronescht Medium dach haushéich iwwerleeën. Ech hoffen, de Binsfeld war schlau genuch, d'Saach esou ofzespäicheren, dass een se ouni Problemer op eng CD-Rom (firwat net eng DVD, mat Filmschnëpselen?) pake kann, wou dann och, wéi zB op enger Wikipedia, en-veux-tu-en-voilà Gebrauch vun den Hyperlinke gemaach ka ginn. Dat anert ass d'Aktualitéit: bei verschiddene Fotoe freet een sech, op do keng méi aktuell ze fanne war (zB vum Jacques Santer, wou et just eng al aus den 1980er Joren ze gi schéngt) an och bei deem engem oder aneren Artikel ass schonn iwwerholl, wat dra steet, éier d'Buch gedréckt war; zB den ausgeschriwwenen Numm vum ADR. Och hei ass eng Wiki net ze schloen. An a propos lb:Wikipedia: wéi de Cornischong (am Artikel iwwert de LL) fannen ech et onverzeilech, dass se mat kengem Pipsegwiertchen ernimmt gëtt. --Zinneke 16:26, 28 Oktober 2006 (UTC) (vun elo un eng Woch an der Wakanz).

Fir et kuerz ze maachen: Dee wëll e Begrëff kréien, wat dem Lieser zougemutt gëtt, kuckt sech am beschten den Tableau "Die luxemburgische Post" op de Säiten 338 ff. un. Wäiss Mikroschrëft op orangem Fong; an dobäi huet d'Post dat Buch nach "frëndlech ënnerstëtzt"! Den Tableau (S. )ff.) "Luxembuergisches Eisenhüttenwesen op 5 Säiten huet deeselwechten Layout mat wäisser Schrëft op orange Fong. D'Foto "Gutland" (S.155): Et géif mech interesséieren, wien dat "Déngen" dragesat huet. Ënner "Heffingen" fanne mer ausser der Uertschaft nach (hei den integralen Text) (s.165):"Heffingen,lux. Rittergeschlecht 13.-17.Jh." Abee, Merci. Ënner de Biller vu Kënschtler steet normalerweis "Werk von ...". Wéi d'Wierk heescht gëtt net verroden. D'Fotoë vu Gebaier sinn am grousse Ganzen schlecht Knipsereien: D'Kathedral (S.204) voll Schiet, ofgschniddenen Tuerm, net entkniwwelt Perspektiv; "Kautenbach" (S.205) donkelbloen Himmel, schwaarze Bësch, gediebelt Kapell. "Maison Lassner" (S.239) eng Foto, op deeër kee Mënsch dat Gebai erëmerkennt. A fir déi mat staarke Nerven, eng Foto vum "Limpertsberg, Lycée de garçons" (S.251]: e puer Schaarschtecher, en Tuerm, deen hallef am Schiet läit an eng ofgeschnidden Tuermspëtz. Kuckt iech et selwer un! Um Sshluss zitéieren ech nach den integralen Text vun engem Lemma. "Autel (frz.), Elter (dt.), lux. Rittergeschlecht 13. 17.Jh.". A vergiesst net, d'Foto vun der "Brauerei in Bascharage" ze kucken (S.35). Den Ernest Mühlen krut emol iwwerhaapt keng Foto, obwuel op deeër Säit nach eng gepasst hätt. De Jérôme Lulling ass och net dran, mee d'Madame Moulin ass dran.
Dat Buch huet mer Courage ginn, un der Wikipedia weiderzeschaffen. --Cornischong 17:55, 29 Oktober 2006 (UTC)

Penibel get et och wann d'Awunnerzuel vun Walfer am Lexikon zeng Mol méi kleng ass wéi an der Realitéit. Spanish Inquisition 19:38, 6 November 2006 (UTC)

Nach vill méi penibel ass et wann hei an der Wikipadia iwwerhaapt keng keng Awunnerzuel bei Walfer steet! --Cornischong 19:47, 6 November 2006 (UTC)
Wéi wier et, mam Binfeld en Deal ze maachen?: Hie versprécht eis, dass d'lb:wiki an der iwwerschaffter Neioplo (wann et esou eng sollt eng Kéier ginn) ernimmt gëtt, a mär maachen him hei eng Rubrik mat alle Feeler op, déi mer fannen? ;-) --Zinneke 20:13, 6 November 2006 (UTC)
An dee sech wëll ee Begrëff maache wéivill Feeler datt op der lb:Wikipedia stinn, brauch nëmmen ze kucke wivill datt der an de läschten Deeg verbessert goufen.
Wa fir all drëtt Wuert dat hei geschriwwe gouf ee Feeler bei der Wiki verbessert gi wier hätte mer der och nach dräihonnert manner. Ët ass anscheinend méi einfach bei anere Feeler ze siche wéi déi eegen ze verbesseren. Dat ass schonn zimmlech deprimant. Les Meloures 14:46, 7 November 2006 (UTC)

Wikipedia:Ierbessenzielereien änneren

Well de Cornischong sech zevill schéi fënnt, fir déi deeglech Ierbessenzielereien eleng ze maachen, a well anscheinend kee gemierkt huet, datt dat un d'Hale komm ass, froen ech, wat mat deeër Säit soll geschéien. --Cornischong 20:54, 19 Oktober 2006 (UTC)

Menger Meenung no ass déi Zielerei eng vun deene Saachen, déi ee roueg als "negativ Prioritéit" kann definéieren: kee klappt sech drëm, se ze maachen, an den "Notzwäert" ass a mengen Oen och éischter minim. Souwäit ech mech erënneren, ass se agezfouert ginn, fir allerhand statistesch Extrapolatiounen z'erméiglechen, fir ze kucken, wéi laang et giff daueren, bis 10.000 Artikelen zesummme kéimen. D'Resultat gouf vun der Realitéit - op e puer Deeg genee - confirméiert. Wann ee wëllt wëssen, wéivill Neies an der Lescht bäikomm ass: op der Haaptsäit ass e Compteur an e Link op "Nei Artikelen" mam Datum. A wann et soll derzou dingen "fir d'Nowelt" en Archiv ze hunn (vläit schreift an e puer Joer ee seng Dokteraarbecht doriwwer ;-): da géif een Décompte am Mount (z.B. all 1.) déck duer goen. --Zinneke 08:25, 20 Oktober 2006 (UTC)

Gespensterstonn änneren

Wann eng IP (den 84.210.29.32) eppes iwwer eng aner IP schreift, da gëtt dat Ganzt e bëssen oniwwersiichtlech. Et wier wuel besser, sech anzeloggen. Ech komme ech mer vir wéi op engem Fuesbal fënnef vir zwielef.--Cornischong 21:09, 20 Oktober 2006 (UTC)

Rebonjour a keng Panik! War grad "an der Géigend" an hu mech net direkt ageloggt gehat. IP 84.210.29.32 = Kaffi 21:23, 20 Oktober 2006 (UTC)

Well der haut esouvill "an der Géigend" waren, kann ee schonn emol d'Iwwersiicht verléieren. --Cornischong 21:30, 20 Oktober 2006 (UTC)

Wisou kréien ech dëse Message? Ech denke net datt ech an der läschter Zäit eppes hei geschriwwen hunn? '"Waat ass mat Usaz gemengt du léiwe User oni Numm "' Nilrom 22:12, 21 September 2006 (UTC)

Gudd da weess ech elo mol ween mer dee Message gescheckt hat Nilrom 00:00, 23 Oktober 2006 (UTC)

Kanner, halt d'Doudesannoncen am A. änneren

" Duerno hunn ech da ganz vill Zäit bis zum Summersemester :-)" krute mer vum Briséis versprach. An elo setze mer hei a mer kniwwelen zu e puer bis an d'Nuecht eran. Kanner, halt d'Doudesannoncen am A. --Cornischong 23:09, 24 Oktober 2006 (UTC)

Nee nee mir ass näischt geschitt :) Ech schwamme grad tëscht Ambassaden, Aufenthalsgenehmegungen, Auto ëmmellen a soss Pabeierkrom ronderëm :) --βρισεισDisk 02:10, 25 Oktober 2006 (UTC)

Eidel Kierchen? änneren

Ech hunn haut den Owend eng Partie Kierchenartikelen opgemaach, dee ze soen, eidel sinn. Net kräischen. Déi ginn an nächster Zäit nach garnéiert; mat Text a mat Biller. (Cornischong)

Aus dem däitsche Panoptikum an de franséischen. änneren

No deem Panoptikum mat den Uertschaftsnimm aus dem noen Däitschland lafe mer de Risque, datt eis genee dat selwecht mat de franséischen aus dem Loutrengesche geschitt. Am Artikel Rëttgen stinn hannereneen: Boust Zoufftgen Breistroff la Grande Basse Rentgen Ruedemaacher Kanfen Hoen (Roussy) Grouss-Hetteng Wuelmereng Éiwreng. Ech stellen dat emol hei zur Dikussioun, well ech der Meenung sinn. Sou laang dat Gewurschtels net geregelt ass, komme mer domat net weider. Also, wéi nenne mer déi Uertschaften, déi "och" e "Platt-Numm hunn?--Cornischong 16:15, 27 Oktober 2006 (UTC)

Iwwer d'Nennunge kann een éiweg streiden, wichteg ass, datt déi 2 Nimm lemmatiséiert sinn (dh eng Versioun iwwert e Redirect) an am Artikel déi 2 Nennungen am éischte Saz ze fanne sinn. --Zinneke 16:46, 27 Oktober 2006 (UTC)
Ech schléisse mech deeër Opfassung un 81.244.48.90 17:58, 27 Oktober 2006 (UTC) War nët ageloggt Les Meloures 17:59, 27 Oktober 2006 (UTC)

Schléisse mech dem Zinneke un. --βρισεισDisk 19:46, 27 Oktober 2006 (UTC)

Also wann dat esou ass, da schléissen ech mech och un :-) --Cornischong 20:00, 27 Oktober 2006 (UTC)

Da kucke mer dat mer daat alles lues a lues op eng Schinn kréien Les Meloures 20:31, 27 Oktober 2006 (UTC)

Datt déi zwou Nennunge solle lemmatiséiert sinn, si mir eis eens. Vläicht wier et awer net schlecht, wann ee sech och nach eens wär, op da lo de lëtzebuergeschen oder offiziellen Numm e Redirect kritt. Fir den Haaptartikel nom lëtzebuergeschen Numm ze nënnen ass bis op e puer Ausnamefäll wéi zum Beispill Bréissel, Léck, Nanzeg, Saarbrécken, Tréier, ... eng kuokleg Saach. Dofir giff ech virschloen, op mannst mol fir Uertschaften den Haaptartikel no hirem offiziellen Numm ze nënnen a wann et e lëtzebuergeschen Numm gëtt (wat nach laang net iwwerall de Fall ass), dee mat engem Redirect ze lemmatiséieren. Esou kréie mir menger Meenung no eng eenheetlech Struktur an dat ganzt an dat ganzt gesäit méi professionel aus. --Tomateus 06:22, 28 Oktober 2006 (UTC)
Mueres huet een de Kapp awer méi kloer. Ech schléisse mech deem nach méi un. --Cornischong 06:49, 28 Oktober 2006 (UTC)
Am Prinzip ass et mär egal ech mache just drop opmierksam datt mer dann éi mer iwwerhaapt weiderfueren mol all déi di schon bestinn (a Frankräich, an Däitschland, an an der Belsch )ännere ginn soss huet daat emgedréint Fueren kee Wert a brengt Duercherneen. Les Meloures 06:55, 28 Oktober 2006 (UTC)
"mer"? --Cornischong 07:09, 28 Oktober 2006 (UTC)
Ganz genee richteg gesinn "mer" !!! an nët nëmmen een oder deen aaneren. Et ass hei erëm wéi schon sou dax. Mer hun Iddien, mer diskutéieren, mer veränneren, awer et ass keen do deen et mecht. Les Meloures 07:14, 28 Oktober 2006 (UTC)
Ween soll dann décidéieren water Uertschafte würdeg sinn prioritär op lëtzebuergesch behandelt ze ginn a water nët. Les Meloures 07:07, 28 Oktober 2006 (UTC)

Dat ass eng gutt Fro. Ech hu mir awer lo mol kuerz de-Wiki ugekuckt a si fueren no engem änleche Prinzip, wéi ech hei virgeschloen hunn. Bei deene puer wou ech elo nogekuckt hunn huele si fir d'Uertschaften den Originalnumm als Haaptlemma just bei Stied fuere si gär an ëmgedreiter Richtung (Bsp.: Léck, Bréissel, Stroossbuerg). --Tomateus 09:38, 28 Oktober 2006 (UTC)

Ech ging nom Bekanntheetsprinzip fueren. All Lëtzebuerger seet eben zum Beispill "Léck", dofir ass et och normal datt den Artikel esou heescht. Genee wéi Paräis, Bréissel asw. Wann et elo eng Uertschaft gëtt, déi, evtl. well se no bei der Grenz läit, och e Lëtzebuerger Numm huet, deen awer ausser d'Urgroussbomi kee méi benotzt an dee Moment scho bal absurd ass, da ging ech d'Stad mam "richtegen Numm" nennen, a vun der Lëtzebuerger Versioun e Redirekt man. --βρισεισDisk 12:58, 28 Oktober 2006 (UTC)

De Bekanntheetsprinzip ass jo eng flott Propositioun mee hu mer do Prozentsëtz waat wéi a wéivill bekannt ass. Wou fänke mer do un a wou haale mer op. Ech ging éischter soen wéi fannen ech daat erëm z.B op enger Landkart oder och mat engem GPS dass ech och dohinner komme wann ech wëll, an nët fir d'éischt Am DLW oder sos entzwousch muss kucken wéi et elo richteg héscht. Les Meloures 13:45, 28 Oktober 2006 (UTC)
Ech ka mech un de Fall mat Bitburg erënneren. Dat huet e ganz komeschen Numm op Lëtzebuergesch, ech hunn e suguer selwer vergiess :) --βρισεισDisk 01:37, 29 Oktober 2006 (UTC)

Een Numm ass hei nach net gefall: de Google. DO sichen d'Leit! Wann eise Lemma Béibreg (stell mol ee sech an d'Groussgaass a fro mol wuer et op Béibreg geet!) ass, an d'Vollek sicht Bitbuerg oder Bitburg (wat bei eis eventuell e Redirect ass) da kënnt näischt. Wann eppes, dat an eisem Artikel am éischte Saz ernimmt gëtt, bei Google op Plaz 782384 steet, kritt keen et mat. --Cornischong 06:17, 29 Oktober 2006 (UTC)

Wikimania 2007 Team Bulletin änneren

Published by the Wikimania 2007 Taipei Team, Wikimania 2007 Team Bulletin provides the latest news of the Team's organizing work to everyone who is interested in Wikimania; it also gives the Team chances to announce calls for help/participation, so assistance in human and other resources can be sought in a wider range. Team Bulletin is published at the official website of Wikimania 2007 and released to the public domain. Issue 1 and Issue 2 has already published.--218.166.212.246 02:00, 29 Oktober 2006 (UTC)