Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/Mäerz

Geckeg Cornischong änneren

Ech fannen et ganz sympathesch, wéis de dech fir den Otets asetz, mee do ass just e klenge Problem. Déi eng Bürokratewal ass schonns eriwwer, an déi aner kënnt eréischt. Mee ech hu ganz vill Versteesdemech fir all konstruktive Geste. So awer dem Weltbierger, dem Uditex, dem Jonathan, a besonnesch dem Thorse Bescheed, datt hei net déi ganz Famillje matstëmmen däerf, mee n ëmmen déi hei matschaffen. An dann ass nach eppes, mär brauche keng zwee Bürokraten, well dat eenzegt, wat déi ze maachen hunn, ass d'Adminen ernennen; weider ass näischt fir déi ze maachen. Also geet een eenzege Bürokrat vëllegen duer fir sou eng relativ kleng Wikipedia. Ech verstinn och net firwat den Otets dem Briséis "hëllefe" well als zweete Bürokrat, well bei eis stellt sech d'Ernennen vun engem Admin all Joer villäicht eng Kéier. Besonnesch well mär jo schonns esouvill Adminen hunn. Villzevill, schreift den Otets. Wat, du gleefs dat net!?? Ma da rechen et selwer aus. An der schweedescher Wiki ginn et (am November 2005) 94 ganz aktiv User (dat sinn déi mat iwwer 100 Edits am Mount, an dobäi haten déi (mer sinn nach ëmmer am November 2005) nëmmen 69 Adminen. Oder huele mer wéi den Otets dat ëmmer mécht déi däitsch Wiki. Déi haten 738 Benutzer, déi iwwer 100 Edits am Mount haten; déi haten an deem Ament 185 Adminen!!! An dat fir 738 äerdeg User. Wa mer dat rechnen, da komme mer op 3,989 User op een Admin! An déi kréien der all zweeten Dag no!!! Bei de Schwede komme mer op 94 gedeelt duerch 69 = 1,362 User. Op 1,362 User kënnt een Admin. Du mengs, dat wieren Ausnamen. Dat kéint jo sinn. Huele mer mol eng Wiki mat manner Stéchwierder; déi chineesesch. Déi haten deen Ament 45000 Wierder (Lemmata!!) an 103 ganz aktiv (jo genee, déi mat iwwer 100....) User, an dobäi 56 Adminen. Oder déi engleschsproocheg, dat ass déi gréisst vun en all!! Op 1854 ganz aktiv User koume 685 Adminen!! Rechen aus, an da kënns de op 2,7 äerdeg User op een Admin. mee loosse mer déi lëtzebuergesch net aus den Aen: An deem leschten halwe Joer hunn do 3 Adminen hantéiert. Mat enger gudder Dose ganz aktive User komme mer op ...., jo ganz richteg. Du wëlls gär wëssen, wouhir dës Zuele kommen, ma déi stinn hei ( http://fr.wikipedia.org/wiki/Wikip%C3%A9dia:Bureaucrate ). Neen, Yabloko, den Otets wollt NET bluffen, hien huet dat just behaapt. Mär gesinn eis dann an der Walkabinn. Ne za chto, Yabloko. A vergiess net däi Lëtzebuergesch ze widderhuelen, well soss kanns de net "schriwe fir den Otets fir Bürokrat" Shalom --Cornischong 21:44, 3 Mäerz 2006 (UTC)

MESSAGE FIR GECKEG Cornischong!!!! Privet vun YABLOKO! Shalom fir mech?! Bass du krank?! Shalom fir dech! Ech hu vergiess dech zefroen fir wien ech musse stëmme fir Bürokrat! Ech kann denken ouni dech. Stop Gëft an d'Wikipedia ze setzen. D'Lait kënnen selwer denken!!!!!!! Léier dat endlech! --Yabloko 11:46, 4 Mäerz 2006 (UTC)

Léiwe Yabloko: Wann s du nach een eenzegen hei geckeg nenns oder krank, da gëss de fir eng Zäitche gespaart! --Cornischong 12:23, 4 Mäerz 2006 (UTC)

Message fir Yabloko: Meenungsverschiddenheete gëtt et hei vill, mee dat ass nach kee Grond beleidegend ze ginn! E bësse méi Zréckhalung wier schonn ubruecht. Myriam 12:00, 4 Mäerz 2006 (UTC)

Wéi kann ech eigentlech meng User-Säit archivéieren? Myriam 00:57, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Ech si villäicht e bëssen ongedëlleg, mee ka mer keen hei hëllefen? Myriam 23:20, 9 Mäerz 2006 (UTC)

IRC Channel änneren

Ech wollt mol froen op et keen Wikipedia Channel fir déi letzebuergësch Kommunautéit get? Do kéint een dann demno wéi, vill méi séier gewess Saachen diskutéiren. --King Stumpf The One And Only 22:36, 13 Mäerz 2006 (UTC)

Du bass net deen éischten, dee mat där Iddi kënnt. De Problem ass haaptsächlech deen, et huet kaum een eng Anung dovun. Ech si schonns deen éischte Banaus doran. Dat heescht: Kéins du eis dat kuerz erklären: wat ass néideg? wéi funitionéiert et? wat bréngt et? Ech loosse mech gäre beléieren. --Cornischong 23:53, 13 Mäerz 2006 (UTC)
Mech intresséiert virun allem d'Äntwert op déi 3. Fro vum Cornischong. --Zinneke 09:02, 14 Mäerz 2006 (UTC)
Also waat IRC ass kent der jo mol hei noliesen wann der motivéiert sidd: [1]
Waat en Chat ass wesst der jo. An wann dann do déi haaptaktiv Memberen dran wären kéint een dann zimmlech direckt mateneen kommunizéiren waat iergendwelech Problemer oder Iddeen ubelangt oder einfach nemmen iwwert iergendwlech Sachen diskutéiren wann een dann motivéiert ass. Et sief, war jo nemmen eng iddi/fro. :) --King Stumpf The One And Only 22:33, 14 Mäerz 2006 (UTC)

All Äntwerten zu dësem Thema fënnt een an der FAQ ("Wikipedia:FAQ Lieser", sechst Fro). De Maradong hat en Channel opgemat (irc.eu.freenode.net#lb.wikipedia), mee ech weess elo net op deen nach aktiv ass. --Otets 14:37, 15 Mäerz 2006 (UTC)

Vill Interessantes um Site mä....? änneren

Salut! Also wéi ech gesinn, sinn nach nëtt esou vill Leit umgaangen mattzëschaffen. De Site ass nach ziemlech jonk. Also wann nëtt vill Leit Zäit hunn, wëll déi meescht warscheinlech nach am Aarbechtsprozess dra sinn, wir ëtt do nëtt prioritär sech emol intensiv haaptsächlech matt Lëtzebuerg ze befaassen. Ei mer ganz ausgestuerwen sinn oder total francophoniséiert sinn. Vue, datt mir an der Praxis elo nach Dréisproocheg sinn oder zumindest sollte sinn, fënnt een dat Wichtegst um däitschen, franséischen oder belsche Site sollt een eppes Internationales siichen (ëmmer ë Fragezeechen am Hannerkapp). Mä dat wat fir ons eege Kultur wichteg ass, do wir bestëmmt nach Villes ze soën. Ech wor de Weekend um Festival des Migrations: ëm esou méi gesinn ech d'Wichtegkeet an, d'Lëtzebuerger Kultur festzëhaalen a Wuert an Text. d'Praxis beweist ëtt mir wësse baal méi iwwer de Congo oder oss eppes Spezifesches, mä wat an onsem Land esou leeft...? De Recht spéider, ech muss de Weekend emol richteg verdauen wat ech do alles erliewt hunn!!! Mäi Kampfgeescht fir Lëtzebuerg ass jiddefalls ongebrach, wuel verstaanen Lëtzebuerg an Europa, wëll ech si kee Nationalist. Ladyrosa 13:37, 20 Mäerz 2006 (UTC)

Natierlech ass et eng flott Iddi, op enger Lëtzebuerger Wikipedia e Schwéierpunkt op Lëtzebuerg ze setzen. Mir hu jo zum Beispill och eist Portal fir Lëtzebuerg wou d'Artikelen zum Land e bësse gesammelt sinn. Allerdéngs liewt d'Wikipedia och dovunner, dass jiddereen iwwert säin Interessegebidd schreiwe kann. Ech selwer studéieren zum Beispill Geschicht, sinn e Fan vun Éisträich (meng Mamm ass Wienerin) an hu Lieblingsfilmer. Dat si Saache wou ech driwwer schreiwe kann, well se mech interesséieren, a well ech déi néideg Sourcen dofir och heiheem hunn. Mee wa lo ee mech ging froen ech soll mol eppes iwwert d'Geschicht vun Esch schreiwen...majo...erm... An ech hu bei Wäitem genug ze dinn esou, wéi och nach separat grouss Recherchen ze maachen fir e klenge Wikipedia-Artikel :) Dofir schreiwen ech dat wat ech kann, an hoffen dass alt een aneren bei aneren Theme méi Ahnung huet :) --Briséisβρισεισ 17:32, 20 Mäerz 2006 (UTC)

wéi gesidd dir dat? änneren

Eng Fro wat verschidden Artikelen ubelaangt déi sech de Moment nach a Skizzeform befannen, fir Missverständnisser ze vermeiden. Keen ass frou driwwer wann ën sech Méi ginn huet, an säin Artikel neess erofgeholl gëtt. Bei Länner gëtt z.B. qkm, d’Grenzen, d’ Awunnerzuel ,d’Relioun, Ethnien etc. uginn, do sinn Données méi oder wéineger sécher bis konkret Ännerunge kommen, z.B. no engem Kriich wann d’Grenzen geännert ginn. Wann een elo ën anert sozial-pädagoggesch-philosophesch etc. Thema ugeet, wir ëtt do nëtt ubruecht méi systematesch virzëgoën z.B. Definitioun, Virdeel, Nodeel, Fazit oder Conclusioun, Léisung (wou ëtt der gëtt) matt anzëbezéien, well bei verschidden Themen gëtt ëtt Conclusiounen oder Léisungen (z.B.. Selfdefense, oft ass ëtt besser op Selfdefense ze verzichten an sech passiv ze verhaalen a mam Handy d’Police ze rufen). Oder Virdeel: bei Selfdefense muss een andauernd am kierperlechen Training bleiwen wann se eppes notze soll.Ladyrosa 17:05, 20 Mäerz 2006 (UTC)

Ech kann dech schon emol berouegen, einfach esou geläscht gëtt normalerweis näischt, ausser et si manifest Topegkeeten. Do gëtt aus éischt diskutéiert fir et z'iwwerschaffen, a wéi een dat maache kann. Wéi's du genee den Artikel opbaus, ass usech dir iwwerlooss. Meng Geschichtsartikele si bei Wäitem net all d'selwecht gegliddert, well dat net méiglech ass. Dat eenzegt wou mir ebe "fix Musteren" hunn, si sou Tricker wéi Länner/Flëss/Stied, fir dass do d'Artikelen all beienee passen. --Briséisβρισεισ 17:35, 20 Mäerz 2006 (UTC)

Prinzipiell ass d'Wikipedia wëssenschaftlech orientéiert, d.h. primär geet et drëms den aktuelle Stand vum Wessen esou objektiv ewéi méigelch duerzestellen. Et ass keen Diskussiounsforum fir engem seng perséinlech Meenung duerzestellen (op dat de User Marcus zum Thema Quantentheorie oder de G. Vogel zum Thema Bommeleeër ass), falls e Punkt zu engem Thema nach a Fachkreeser debatéiert gëtt soll dat am Artikel optauchen (ech verweisen hei op den Artikel Metaphysik, en eminent philosophesche Sujet). Sujeten déi et vun Natur aus erlaaben nom Schema Definitioun, Virdeel, Nodeel, Fazit, Léisung behandelt ze ginn warde just drop datt een se esou beschreift, mee dat ass keng Patentléisung fir alles a secher net fir vill philosophesch Themen, wat wier z. B. d'Léisung vum Utilitarismus? Desweidere soll jidereen, an dene Rummen déi ech elo opgezeechent hun (aktuellt objektivt Wëssen, Zereckhalung an der perséinlecher Meenungsäusserung etc) dat zu all Artikel bäidroe wat hie weess (dat ass ee Grondprinzip vu der Wikipedia) a wann Aussoen engem net passen, diskutéiert en se a wann eng Majoritéit zum Schluss kennt datt engem seng Ausso net an d'Wiki passt flitt se eraus (dat ke jidderengem geschéien). --Marcus 10:26, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Ech wor am Zweifel op méng Mail diesbezüglech ukomm ass, ech muss elo emol är Säiten systematesch duerchliesen wat iwerhapt genee leeft, fir erauszëfannen wat dir ënnert Topegkeeten aklasséiert. Bëscht Gréiss Ladyrosa 21:30, 20 Mäerz 2006 (UTC)

Also ech verstinn ënner Topegkeet Saachen, déi wierklech näischt hei verluer hunn, meeschtens sinn dat Fäll vu Vandalismus wou einfach een heihinner kënnt, 2-3 domm Sätz dohinnerknätscht, an nees geet. Soueppes flitt gaaaaaaaaaaaaaanz séier an d'Poubell :) --Briséisβρισεισ 22:54, 20 Mäerz 2006 (UTC)

dat Wuert Rassismus änneren

hudd der dach just aus dem däitsche Wikipedia erausgeschriwwen an iwwersaat. Also ech wir elo emol gespaant ween dat do eigentlech verstoë soll, ë Student bestëmmt nëtt, an ech och nëtt! Also dach nëmmen Iwwersetzungen, an dann och nach an engem schlechte Lëtzebuergesch. Gudd datt ech perséinlech wéinstens weess wat Rassismus ass. Ech si just elo immens gespannt wat hei ob deem Site als Text kënnt zum Wuert Islam oder Migratioun. Ladyrosa 17:53, 21 Mäerz 2006 (UTC)

Richteg, den Ufankstext ass aus der däitscher Wikipedia iwwersat. Et steet awer néierens dass een dat net däerf. Wann ech op der däitscher oder franséischer oder och nach englescher e wierklech gudden Artikel fannen, ma dann iwwersetzen ech en. Ech wees wierklech net wou do de Problem soll sinn. A ganz éierlech, wanns du mengs dat wir sou schlecht, also ech wëll der lo wierklech net ze no trëppelen an hunn och normalerweis e laange Gedoldsfuedem, mee da maach et selwer besser ? Dat ass opallefall méi produktiv wéi sech nëmmen driwwer opzereegen, wéi "schlecht" et anscheinend ass. --Briséisβρισεισ 21:38, 21 Mäerz 2006 (UTC)

also ech hat dach eng ganz kloer, däitlech a kuerz Erklärung geschriwwen, ech hätt mer gewënscht, datt déi einfach hannen drunn gehange gi wir. Ech muss éierlech soën elo trauen ech mech nëtt méi esou richteg fir ë bëssche quockeleg Themen unzegoën. Also dat Wuert "Racismus" stoung esou falsch op där Säit, ech hunn ëtt schonns gesoot. Wann ee nei ass, wëll ee nëtt alles direkt änneren wat ën aner drop gesat huet. Ass dat esou komplizéiert. Ech sinn där Meenung dat ëtt ziemlech schwéier ass esou munch Artikel z'iwwersetzen fir dë Sënn nëtt ze veränneren. Villäicht sollt een deen Artikel da wierklech an där Sprooch schreiwen oder stoë loosen wéi dën Auteur ë geschriwwen huet. Wat Schreifweis ugeet fënnt een ziemlech vill Varianten. Ech perséinlech géing Schreiwweis matt ww schreiwen well ech vu schreiwen ausginn. Ech wëll hei keng Hoerspalterei opféieren. Ett ass eigentlech nëtt méng Art a Weis esou ën Optrëtt ze veranstalten, zemols wann een sech nach nëtt esou richteg kënnt. Ech hoffen, datt mer an Zukunft ë bessere Wee fannen mattëneen emzëgoen. U mir soll ëtt nëtt leien. Also dat Wuert gutt hunn ech och schonns begéint matt zwee dd, ëtt ass schnell geschidd, datt een engem aner séng Feeler direkt "encodéiert" ech hunn nie behaapt ën Ass am Lëtzebuergeschen ze sinn ech hu vum Sënn geschwat a nëtt vun der Schreifweis. An dunn sinn ech op den däitsche Site kucke gaangen well dat Ganzt mer esou däitsch virkomm ass. Ass dat Thema elo endlech giess um Dag vum Rassismus! Hoffentlech kréie mer dee Spellingprogramm da sinn esou Diskussiounen an Zukunft iwwerflësseg. Dat hei huet näischt matt Emmerdeuse ze dinn, dat ass ën Zesummeraufen vu Leit déi sech nach nëtt kennen, oder gidd dir esou schnell op, ech nëtt! Ween hat dann eppes vu warm Loft geschriwwen, ech nëtt! Ladyrosa 00:21, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Ech hunn natierlech elo ë puer Saache nogesiicht a stelle mer elo nach vill méi Froen: gutt matt tt a gudden matt dd, gëtt a nëtt, bei nëtt dénkt een u gëtt, nëtt fënnt een am Cactus sénger Broschüre mat net an am Dictionnaire matt nët. Ech dénken ons Lëtzebuerger Sprooch muss och nach vill ugepasst a virun allem vereinfacht ginn, soss ass a bleiwt ët eng Corvee. Do si mer ons jo eenz, well ween ass schonns gewinnt Lëtzebuergesch ze schreiwen, ween huet ët richteg geléiert, déi wéinegst. Fakt ass: d'Auslänner kënnen d'Lëtzebuerger Schreifweis warscheinlech besser éwéi mir, si hunn ët geléiert a mir méngen mir kënnte genuch, mir bräichten ët nët méi ze léieren. Irrtum! Wéisou gëtt dann elo kann s de, matt engem s geschriwwen dee nët ugebonnen ass? Esou vill Froen déi wann ee flësseg schreiwe soll einfach total veronsécheren. Nach ee kuerzt Wuert zum Ausdrock "ech perséinlech" also ët huet mech ë puer Joer Cours kascht an der éischter Persoun ze schwätzen, " vu mir sëlwer oder ech perséinlech", wou mir dach emmer geléiert goufen t'éischt nennt een déi aner éi een sech emol an d'éischt Rei stellt. Dat huet wierklech eppes matt Ausbildung ze dinn an huet mech ziemlech Krempes kascht, ech kréien oft virgeworf ech wir egoïstesch veranlagt. Nun de Psycholog Pier Fixmer (ee vun de Bëschten, deen iwwregens och Politiker briewt) huet dat anescht gesinn an ech ginn him Recht. Wann een eppes seet soll ee soen " ech, oder ech perséinlech ", well ee nët am Numm vun anere schwätze kann! Ech dénken, dat wir och elo gekläert Cornischong! Ladyrosa 08:03, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Léif Emmerderesse änneren

"Gudd datt ech perséinlech wéinstens weess wat Rassismus ass.": - Iers de weiderfiers iwwer dat "schlecht Lëtzebuergesch" vun aneren hierzefalen: Léier emol selwer e proppert Lëtzebuergesch schreiwen. "Gutt" kritt zwéin "t" a keng "d". An den Ausdrock "ech perséinlech" weist op méi Abildung wéi Ausbildung hin. Mär geet dat Gesabbels elo duer, an iwwer de "Racismus" (léier dat emol schreiwen!) si mer vëllege genuch gewuer ginn an dengem "Text", dee vu Schreifweisfeeler begladdert war. Den Optrëtt war peinlech. Et geet elo duer. --Cornischong 22:15, 21 Mäerz 2006 (UTC)

Léiwe Cornischong änneren

Ech bewonneren däin Asaatz fir d'lb:wiki, éierlech, an ech froe mech ëmmer wou s du déi Zäit hierhëlls fir quasi ëmmer online ze sinn. Mee deng agressiv a beleidegend Commentairen kann ech einfach net bewonneren. Ass et dann esou schwéier fir sachlech ze bleiwen? Ech mengen, kee vun eise Matarbechter huet et verdingt fir esou fäerdeg gemeet ze ginn. Gëff dem Ladyrosa och eng Chance fir sech bei eis mol anzeschaffen an hëllef him de richtegen Toun ze fannen amplaatz direkt z'explodéieren. --Pecalux 10:06, 22 Mäerz 2006 (UTC)

MERCI PECALUX änneren

ech dénke mir verstinn äis. Ech wollt keefalls verletzen, wor warscheinlech immens enttäuscht, datt knapps geschriwwen mäin éischten Text ratz fatz erofgeholl ginn ass. Also ech géing mer nie umossen een als domm dohinn ze stellen. Villäicht sinn ech de Moment villäicht eppes méi sensibel éwéi soss, dee Festival des Migrations huet mer immens zougesaat. Villäicht kann ech dat spéider eng Kéier erkläeren. Och wann ech hei nach nët vill produzéiert hunn, sinn ech nach un anere Fronten (méi éwéi genuch) aktiv déi sech awer emmer em Lëtzebuerg dréinen. Bëscht Gréiss, an nach eng Kéier merci fir däin Encouragement. Ladyrosa 12:28, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Lo sinn ech praktesch vun Ufank un hei mat derbäi. Ech hunn der schonns vun alle Schonggréissten hei materlieft. Ech wollt der meng Äntwert an engem Mail schécken, hunn awer gemierkt, datt s de keng Mail Adress uginn hues. Dat ass schued. Soss hätt ech der kéinte schreiwen, datt et déi Geschicht vum "an de Bësch ruffen" ass. Esou vill Arroganz an Dommheet "Also dach nëmmen Iwwersetzungen, an dann och nach an engem schlechte Lëtzebuergesch. Gudd datt ech perséinlech wéinstens weess wat Rassismus ass.") , wéi der hei lassgetrëppelt si ginn, si mer nach net dacks begéint. Nodeems ech e puer Maile vun der Lady krut mat engem "ganz speziellen Tounfall" an nodeems ech hei muss liesen "an dann och nach an engem schlechte Lëtzebuergesch" ass et mär sou lues duergaang. Ier hei een engem Aneren "schlecht Lëtzebuergesch" virgehäit, hätt e villäicht besser, e kuckt emol an de Spigel. Also, hunn ech et un der Zäit fonnt, fir där emol ze zielen, wéi ech dat gesinn. Ech sinn der Meenung, datt mär et hei net néideg hunn eis vun enger arroganter an dommer Fra virféieren ze loossen, déi sech wuel e bëssen dichteg virkënnt. Desweidere sinn ech der Meenung, datt mer eis et net gutt leeschte kënnen, fir hei en "Chatroom" opzemaachen fir "waarm Loft". "amplaatz direkt z'explodéieren.":- Léiwe Pecalux, kuck der emol un, wéi dat sech enwéckelt huet. Lies léiwer selwer, wien hei wiem "eng Chance" ginn huet. Lies et léiwer selwer, wien et liicht oder schwéier fonnt huet, fir sachlech ze bleiwen. "hëllef him de richtegen Toun ze fannen": Dat iwwerloossen ech an dësem Fall Aneren, déi dofir Loscht an Zäit hunn. --Cornischong 11:28, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Déi lëtzebuerger Wikipedia op dem "oppene Kanal" de 6. Mäerz um 22.05 !! änneren

E Méindeg, de 6. Mäerz weist den oppene kanal mam Maurice Molitor vun owes fënnef op zéng un, eng Stonn laang seng dok show n° 80. Nieft dem Steve Karier, dem Fausti an engem Mann, dee schonns 53 Joer Musek spillt ass e "fervente Wikipedianer" (wéi de Maurice Molitor seet) mat derbäi. Op déi Manéier kréie mer d'Geleeënheet, fir e bësse Publicitéit fir eis "Wiki" ze maachen. Déi "dok show n° 80 gëtt déi Deeg drop nach widderholl. Kuckt iech dowéinst d'Auerzäit an de Programmzäitschrëften un.

--Cornischong 12:42, 1 Mäerz 2006 (UTC)

De milliounsten Artikel änneren

Déi engleschsproocheg Wikipedia huet hire milliounsten Artikel, an deem et ëm eng schottesch Gare geet: "Jordanhill railway station". --Cornischong 10:46, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Fir déi, déi hir Mail-Adress an de Preferenzen wëllen hunn änneren

Duerch Ëmstellungen an der Software ginn zënter kuerzer Zäit fir d'Mail-Adressen Confirmatioune gefrot. Dat heescht: An de Preferenzen mussen déi, déi et anere Usere wëllen erméiglechen, hinnen eng Mail ze schécken duerch op de Knäppchen drécken, eng Mail kréien an duerch Uklicke vun engem Link hir Adress confirméieren. --Cornischong 08:57, 3 Mäerz 2006 (UTC)

Dat geet och déi eppes un, déi op anere Wikipediaen ageschriwwe sinn. Jidderee soll seng (wann e wëll) Mail-Adress och bei deenen anere Wikien EENZEL confirméieren.

--Cornischong 09:09, 3 Mäerz 2006 (UTC)

Fehlermeldung änneren

De Numm vum Bild muss opmannst aus dräit Bustawen bestoen. Dës Fehlermeldung kruet ech beim Eropluede vun enger Foto. Kinnt villeicht een vun den Adminnen dësen Text verbesseren. Merci --Alexandra 10:06, 4 Mäerz 2006 (UTC)

Den Zinneke huet dat an d'Rei gemaach. Merci un hien. --Cornischong 08:34, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Eis nei Adminin änneren

No enger Wahl, an där d'Alexandra kloer fir seng gutt a seriö Aarbecht unerkannt ginn ass, gouf hatt gëscht offiziell als Admin fräigeschalt. Gratulatioune vun der ganzer Equipe!!! --Cornischong 08:51, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Merci un iech all :-) --Alexandra 09:29, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Fair Use änneren

Traut een sech un d'Thema "Fair Use" erun (Kuckt emol bei "Gewënschten Artikelen", do gëtt et dat ënner "Fair Use" a Fair use")? Ech fille mech dofir net fitt genuch. Myriam 00:09, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Ech versti net, ëm wat et soll goen. --Cornischong 00:30, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Majo hei: http://lb.wikipedia.org/wiki/Special:Wantedpages. Ech hu jo gesot ech weess och net esou richteg, schéngt eng Aart Lizenzgeschicht ze zinn!? Myriam 00:35, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Mär haten eis scho getraut :-)) Dat si Biller, déi m$er ënner "Fair Use" lafen hunn. --Cornischong 00:47, 9 Mäerz 2006 (UTC)

An a punkto neien Artikel? Do kann ech leider net hëllefen, oder ech misst mech béis draknéien ... Myriam 00:49, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Serverproblemer änneren

Haut ass d'Wikipedia besonnesch lues! Mee net eleng mär hu Problemer: Zitater aus der däitscher: "Ist die Wiki nur bei mir heute so langsam und hat Speicherprobleme, oder ist das ein heute verbreitetes Problem? - Vorhin bekam ich diese Fehlermeldung: Error in numRows(): The table 'blobs' is full. - Durch die Fehler kommt es zu Löschungen bei Beabreitungen." - Also net wonneren. --Cornischong 21:59, 13 Mäerz 2006 (UTC)

Retro Lëtzebuerg op TTV änneren

Si bei menge Recherchen fir meng Sendung "Retro Lëtzebuerg" op dese site gefall a fannen en ganz flott an informativ, haaptsächlech wéinst eiser Sprooch.

A menger nächster Sendung (de 14.Abrëll) déi 1995 bis 1999 behandelt waert ech et net verpassen dese Site kuerz unzeschwëtzen.

Falls der Froen hutt zu Retro Lëtzebuerg, da schëckt mer w.e.g en E-mail op ykemp@flt.lu.

Merci. --Cornischong 22:25, 16 Mäerz 2006 (UTC)
Kinnte mer hei gewuer ginn, wéini déi Emissioun gewise gëtt? Merci a m viraus! --Zinneke 10:47, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Meng Emissioun "Retro Lëtzebuerg" gett all zweeten Freiden am Mount um 20.00 op TTV gewisen. All Sendung dauert 52 min a behandelt 5 Joer vun der lëtzebuerger Geschicht mat Newsblëck a Videoclip'en aus der Zait. Déi éischt war am November 2005, mat de Joeren 1975-1979, duerno 1980-1984, 1985-1989 asw. Et sin emmer 3 Invite'en an der Sendung, Zeitzaien aus de Beraicher Politik, Sport an Konscht. Bis elo waren do: 1975 Jacques Poos, Lucien Didier an Guy Schons. 1980 Gaston Thorn, Roland Jacoby an Luke Haas, 1985 Jacques Santer, Danielle Kaber an Gast waltzing, 1990 Lydie Polfer, Roby Langers an Buffalo C Wayne.

Leider ass déi nächst Sendung den 14. Abrell um 20.00 eng rediff vun 1990.

Am Mai kënnt d'Sendung vun 1995-1999, an dann erwähnen ech Wikipedia.

De Wikipedia-Projet gouf awer eréischt am Januar 2001 vum Jimmy Wales an dem Larry Sanger gegrënnt. An de "Virleefer" Nupedia gouf am Mäerz 2000 an d'Liewe geruff. Et wier also u sech just fir déi iwwernächst Sendung iwwer 2000-2005, neen? --Otets 12:47, 26 Mäerz 2006 (UTC)

Daat stëmmt. Ech wollt awer net iwert 1999 goen well daat menger Meenung no net méi Retro ass. Sin amgaang déi Sendungen vun 1970, 1965 am villaicht 1960 ze préparéiren fir 40 joer komplett ze hun. Maache villaicht eng allgemeng annonce op Wikipedia oder am Nospann.

Wikipedianer änneren

Et wier flott wann déi déi sech nei umellen, sech och bei Wikipedia:Wikipedianer géife derbäisetzen Myriam 01:18, 17 Mäerz 2006 (UTC)

En Don maachen änneren

Op der Säit [2] steet ënner der Këscht: "..., ginn all Är Informatiounen un en ogesécherte Formulaire ... ". Meng Fro: Handelt et sech heibäi ëm en ongesécherten oder en ofgesécherte Formulaire ? Dat ass nämlech en Ënnerscheed a misst dovir verbessert ginn. --Pecalux 17:13, 18 Mäerz 2006 (UTC)

E séchere Formulaire. Ech këmmere mech drëm datt dat verbessert gëtt. --Otets 00:58, 19 Mäerz 2006 (UTC)

Voilà, dat ass an d'Rei gaangen, de Feeler gouf verbessert. --Otets 10:04, 24 Mäerz 2006 (UTC)

Neierung beim EnCours Schëld änneren

Et kann een elo säin Numm an d'EnCours-Schëld setze, esou datt jiddereen direkt gesäit ween un dem Artikel schafft. Dofir muss een folgendes schreiwen {EnCours|User}, also en vertikale Strech an dann säi Usernumm. Dëse gëtt dann direkt op dem User seng Diskussiounssäit verlinkt wou een him kann e Message hannerloossen. --Marcus 07:56, 21 Mäerz 2006 (UTC)

Léif Wikipedianer änneren

<Diplomatie-Modus un>: Lo sinn ech nees knapps e Mount aktiv a wat man ech ? Amplaz mech kënnen an d'Artikelen ze stierzen, muss ech mer di ganzen Zäite Streidereien ukucken wéinst näischt an nacheemol näischt. Wann een Iech eppes schreift, wéi zum Beispill "däin Titel war falsch" oder "mir maachen dat hei esou", dann ass dat net aus puerer Béisartegkeet fir een ze schikanéieren, mee fir een einfach drop opmierksam ze maachen. Et ass jo och nëmmen normal dass een dee ganz nei heihinner kënnt, secher net wees dass mir eng Këscht bei de Länner hunn, e Message fir Bescheed ze soen dass grad um Artikel geschafft gëtt a kee soll dee Moment drugoen an esou weider. Dann ass ee sou frëndlech, weist dee Betraffenen op d'Funktiounsweis vun eiser Wikipedia hinn, an da kann een sech mol séier verstoppe goen, well dee lo Wuel en Ufall kritt well jo ee gewot huet eng konstruktiv Kritik unzebréngen. Do gëtt sech dann och zimmlech séier op béide Säiten am Toun vergraff, a ganz éierlech, dat muss ech hei net hunn. Also faasst iech emol all un der egener Nues, haalt op mat Streiden, a verschwend är Energie léiwer an Artikelen. Merci.<Diplomatie-Modus aus> --Briséisβρισεισ 13:06, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Organigramme änneren

Ech géif gären en Organigramme an den Artikel Lëtzebuerger Arméi abannen, an wees awer net esou richteg wéi ech dat soll maachen. Kann een mir hëllefen w.e.g. Merci --Alain 17:37, 22 Mäerz 2006 (UTC)

ech géif déi an engem Mol/Zeechen- oder Textveraarbechtungsprogramm zesummstellen an dann als Bild an d'Wiki setzten; ech gesi kaum eng aner Léisung Beispill--Marcus 17:43, 22 Mäerz 2006 (UTC)
Mam Microsoft Powerpoint geet daat relativ einfach. --Fred 18:13, 22 Mäerz 2006 (UTC)
@Alain: Sou wéi ech et verstanen hunn, hues de den Organigramm schonns, du weess just net, wéi s de deen agabonne kriss. Ass dat esou?
@Fred: Als Äntwert ass dat scho provokant. Du weess jo net ob den Alain iwwerhaapt de Powerpoint huet. A wa jo, ass et net grad fir déck a fett ze ginn, wann een als Äntwert kritt, datt dat relativ einfach ass. --Cornischong 19:31, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Merci fir d'Aentwerten, also konkret hun ech elo eng Grafik am Photoshop gemaach, mee un sech hat ech geduet et geif evtl. en Template oder en "Gerüst" (als viirlaag) gin fir esou eppes duerzestellen. ->Fred, ech hun PowerPoint mee fir esou Saachen wees ech net esou richteg wei an wou ech do ufaenke soll. Ech denken dass, sou wei ech et elo hin krit hun, et akzeptabel ass.:) --Alain 20:00, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Also ech maachen och ëmmer alles mam Photoshop. Wann een en huet an domadden eenz gëtt, dann ass dat e ganz fäine Grafik-Programm :) --Briséisβρισεισ 20:41, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Biller an den Artikelen änneren

Well d'Diskussioun ëmmer nees opkënnt, hei emol eppes klenges zu de Biller an den Artikelen, wou ech de Mëtten och mam Cornischong nach riets hat, nodeems de Marc an den Tom Angscht kritt haten :-) Ech sinn der Meenung dass et zwou Léisunge gëtt, wann ee vill Biller huet, mee wéineg Text (am Moment). Entweder et setzt ee mol nëmmen ee Bild dran, en attendant dass den Artikel méi grouss gëtt an een da méi Billercher bäifléckt. Oder et setzt ee se vun Ufank un all dran, wat awer dozou féiert dass en Artikel mat zwou Zeilen Text carrément erdréckt gëtt vun enger 10 grousse Biller. Wéi sot meng Mamm mer de Mëtten "Ma do gesäit een den Text jo guer net méi". Wat ech dem Cornischong proposéiert hunn, ass wa mer schon d'Biller all vun Ufank u wëllen drasetzen, déi an enger Gallerie ënnert dem Text ze sammelen. Ween sech d'Biller da schon direkt well ukucken, fënnt se direkt, a mir "enthale kengem déi bescht illustréiert Wikipedia fir", anerersäits kënnen d'Leit och den Text liesen, ouni dass se erschloe ginn. Da ging ech et esou maachen, dass soubal den Artikel wiisst, een ëmmer au fur et à mesure ka Biller aus der Gallerie "eropréckelen" an se an den Text abauen, sou dass d'Gesamterscheinungsbild passt.

Lo komme vill Leit "Gees de ewech mat Gallerien, mir maache keng Timberen, do erkennt keen eppes." Ech zitéieren nacheemol meng Mamm (si ass mäi Versuchskanengchen wann ech op der Wikipedia eppes testen oder sichen, well si jo da guer keng Ahnung huet, a sech selwer erëmfanne soll.) Déi gudd Fra sot "Ma ech kommen op d'Wikipedia well ech eppes liese wëll. Wann ech e Bild méi genee ënnert d'Lupp huele wëll, ma da klicken ech drop a fäerdeg."

Waat d'Problemer vum Uweise vun diverse Biller ugeet, oder och vu Këschten gell Alexandra :-) do hunn ech mech emol un d'Anthere gewand (=> [3]) an hoffen do geschwënn eng Entwert ze kréien, datt dat emol nees klappt wéi et soll.

Flame on. --Briséisβρισεισ 21:05, 22 Mäerz 2006 (UTC)

... an ass bei dee noste Bam pisse gaang änneren

Ech hu mengem Noper sengem Dackel déi nei Gallerieë gewisen, an en huet sech ëmgedréit an ass bei dee noste Bam pisse gaangen. Wat wollt deen Hond mär domat soen?
Wann ech vun e puer Leit, deenen ech virgescloen hat, emol e Bléck an d'Wikipedia ze geheien, gesot kréien, datt mär vill besser a vill méi schéi Fotoen hätten, wéi déi däitsch Wikipedia, well déi hätte jo keng dräi valabler, da fillen ech mech e bësse gebauchpinselt. Wann ech emgem Paschtouer weisen, wat mer sou opweises hunn, fir en ze froen ob ech och seng Kierch ka fotograféieren, kann ech berouegt sinn. Bis elo!
Mär hunn et hei net einfach, well et schlëmm u Leit feelt. Mer kënnen déi awer net uas engem Stee schloen. Mer kënnen awer un der Qualitéit schrauwen, fir engem ze weisen, wat mer unzebidden hunn. Mär hunn nach ëmmer wäert op valabel Fotoe geluecht an et ass mer schonns e puermol virkomm, datt e Prominenten zu mer sot, wat e vun de Fotoen hält. An dat war mer ganz wichteg! An enger Zäit, wou d'Leit d'Tëlee op engem 16:9 100cm Apparillo kucken, komme mär op d'Iddi, fir eis Fotoen mol e bëssen ze verkléngeren, fir net erdréckt ze ginn. Am Krich souzen der an de Gallerien, fir sech ze verstoppen! Wa mer rëffeg onschaarf Fotoen hätten, géife mer gutt drun doen, se op Timberegréisst ze vertriwwelen, datt kee soll mierken, datt et Wouscht ass.
No on onsënnegem Gedeessems ëm allerhand Topegkeeten hätte mer besser, mer schaffen drun, fir eppes unzebidden, wat een net iwwerall fënnt. Dofir gi mer eis schonns Méi, fir méi lëtzebuergesch Themaen ze behandelen.
Wéi ech zu Helzen war an ech krut d'Geleeënheet,fir den (!!!!) Altor an aller Rou ouni Gitter ze fotograféieren hunn ech geduecht, do kéinte mer eppes richteges bidden. Wann ech déi nei Timbere gesinn, ass mär d'Loscht vergaangen, déi Fotoen hei dran ze setzen. An do ass net esou vill ze schreiwen. Wa Leit aus ganz Europa (!!) kommen, fir dat zu Helzen ze gesinn, da ginn se erschloen. An zwar vun de Skulpturen. Ech war och erschloe vun deem, wat ech do gesinn hunn.
Villäicht hale mer op mat eegene Fotoen, mer kënne jo nach ëmmer déi vun Helzen aus der däitscher iwwerhuelen, ....mam Text. --Cornischong 22:02, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Ech sinn entsat änneren

Ech sinn entsat iwwer dat wat an de Kierchenartikele leeft. Da solle mer dat emol duerchdiskutéieren amplaz einfach alles z'änneren. Ech fannen déi Këscht ellen. Awer, well et jo net ëm meng Meenung eleng geet, froen ech fir eng Ofstëmmung ze maachen, wien da do wëll. --Cornischong 22:15, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Merci Briséis, esou verdreiwt e Maatarbechter an der Wiki änneren

Et ass richteraus geschwatt eng Sauerei, wat mat de Kierchenartikele geschitt ass, wann dat net zrëckgesaat gëtt, war dat heiten mei läschten Optrett an der Lëtzebuerger Wiki. Ech fannen et schlëmm wa Matarbechter, siewen et och Bureaucraten déi sech Méint net op der Wiki gewisen hun, elo ouni emol ee vun de Fotografen ze froen, einfach Artikelen a Fotoen verschampléieren, an dat ganz normal fannen well hir Mamm dat esou fënnt. De Fotograf emfënnt dat net esou. E ganz rosene Johnny Chicago 23:08, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Entsat sinn ech och, awer net onbedéngt iwwert d'Artikelen, mee iwwert den Toun deen déi lescht Zäit hei Moud ass. Do gi Useren ofgeschoss (direkt oder ondirekt), iwwer Emailen déi hannenerëm lafen, Leit déi op eemol net méi äntwerten (well een anscheinend eppes verbrach huet, wou ee just villäicht eng Ahnung huet wat et kéint sinn). Wou si mer dann hei? Wann ee seng Zäit "affert" fir hei Artikele bäizesetzen an sech da nach muss domatt ausernee setzen datt et verschiddene Leit net an de Krom passt wéi ee schafft? Fir konstruktiv Virschléi mengen ech ass jiddfereen (oder op d'mannst déi meeschten) op; mee et muss ee jo awer net vernannt ginn. Ech gi mol dovun aus dat déi déi reegelméisseg hei schaffen de gudde Wëllen hunn hei wierklech eppes dozou bäizedroen. Sorry wann ech mech opreegen, mee dat huet elo missen eraus. Also huelt d'Gewier eraus a schéisst op mech zréck!!! Myriam 23:48, 22 Mäerz 2006 (UTC)
Myriam ech sinn och entsat, wat mat de Fotoe geschitt. Weest du wéivill Kilometere de J.C. mat sengem Auto gefuer ass, a wéivill Wochen de J.C. ennerweee war fir all déi Fotoen ze maachen déi hien an d'Wiki gesat huet. Et kann e wann e just doheem beim Schreifdeesch an d'Wiki schreift vläicht entsat iwwert den Toun sinn, wann een awer emol hannert d'Kulisse kuckt ass da mengen wier den Toun besser ze verstoen. E ganz entsate Johnny Chicago 00:10, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Ech hunn dem Marc an dem Tom an dem Jeannot explizit erkläert, dass déi Timberen en Iwwergang sinn, bis méi Text do steet. Mee dat wëll jo iergendwéi kee verstoen. Mir ass et dann elo einfach egal, ech setzen all déi Säiten zeréck, da bleiwen et ebe Billeralbummen vu mindestens 500px pro Bild wou ee kee Wuert méi gelies kritt. Am beschte maachen ech och nach eng Skizz vu Versailles op, a knuppen déi 200 Fotoen déi ech heiheem hunn an Originalgréisst dran, fir dass jiddferee gesäit wat mir fir schéi Fotoen hunn. --Briséisβρισεισ 00:16, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Ech si bestëmmt de leschten, dee meckert, wann un engem Artikel eppes geännert gëtt dat zu enger Verbesserung bäidréit. An dësem Fall gesinn ech awer déi Ännerung als eng Verschlechterung vun den Artikelen. Ech soen nach eng Kéier (wat ech dem Briséis schonns op seng Säit geschriwwen hat), datt mir stolz op eis Fotoe kënne sinn an dat och solle weisen an dat net op Timbersgréisst. Bei verschiddene Kierche wäert een ebe méi Fotoe wéi Text kréien (do National Bibliothéik och näischt oder net vill un Dokumentatioun huet, hunn ech mir soe gelooss) also wieren d'Galerien do eng Dauerléisung oder wéi verstinn ech dat? Meng perséinlech Meenung zu de Galerien ass déi, datt dat eng ganz flott Saach ass fir op de Benotzersäiten, awer se an engem Artikel näischt verlue hunn. Wéi wier et dann seng ganz Energie an d'Recherchen ze stierchen, domat mir bessi méi Text zu de Kierche kréien, wéi elo alles ëmzeänneren an dann no enger Zäitchen nees dru fréckelen ze goen fir d'Biller dann an den Text ze sëtzen? Mengt den --Tomateus 06:57, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Fir déi Saach dann emol ouni Polemik unzegoen. Mir hunn am Land iwwer 300 reliéis Gebaier, dovun sinn elo iwwer 80 Steck op der Wiki vertrueden, mir kennen also ligitimerweis drop hoffen datt mer eng Kéier zur Vollstännegkeet kommen (ech mengen net datt et eng aner Wiki gett op deer all reliéis Gebaier aus engem Land duergestallt sinn). Wat elo den Inhalt vun deenen Artikelen ugeet: Vun deenen 80 Artikelen wärt ech bei enge 40 den Text zesummegesicht a geschriwwen hunn, dobäi hunn ech festgestallt datt dachs net vill kann zesummegekraatz ginn (inklusiv déi 2 gréisst Bibliothéiken vu Ltz), un sech ass dat net verwonnerlech, wee wees schonns z. B. wou Suewelbuer ass, datt do eng Kapell steet a wat dodran ass? Och bei méi grousse Kierchen ass et net ëmmer einfach Informatiounen ze fannen.(Wann een der fënnt kann e se jo roueg bäisetzen.) Mir kënne also dervun ausgoen datt vill Artiekeln warscheinlech ni wärten vill méi Text kréien. Soll dat een awer dervun ofhalen déi Artikelen esougutt ewéi méigelech ze illustréieren? Secher net! Déi Gallerien wéi d'Wiki se proposéiert sin dozou net geeegent, d'Foto wéi mir se hunn duerzestellen, eréischt ab 200 px huet d'Saach de Virdeel datt een net brauch op d'Foto ze klicken fir ze gesinn wat drop ass (Bsp Donatuskierch zu Réiser) an esou gewënnt een och Zäit beim Sichen. Ech proposéieren als Iwwergangsléisung d'Artiekelen esou ze loossen wéi se sinn bis d'Wiki anstänneg Galerie proposéiert déi da vu mir aus roueg kennen hannert den Text gehaang gin an dësen net méi erdrecken.--Marcus 09:02, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Ech sinn verwonnert änneren

Ech sinn zwar eréischt zënter e puer Méint hei aktiv mat dobäi, mee ech muss ganz einfach soen, datt ech esou eppes wéi haut nach u mengem Wiki-Liewesdag net erlieft hunn! Template-Renovatiounen (e Merci och emol un d'Briséis) a nei Artikelen en masse. Apaart un der Saach ass menger Meenung no net nëmmen d'Zuel vun den Edits haut, mee virun allem Zuel vun deenen déi ugerappt hunn ... Dat mécht, no all deenen emotionellen Diskussiounen, Hoffnung a virun allem Loscht op méi, souvill Pathos muss sinn ;-) Kaffi 23:15, 23 Mäerz 2006 (UTC)

-) Ech fäerte mer kommen net méi un d'Halen. --Cornischong 23:22, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Also ech muss soen, dass d'wikipedia eng super Saach ass an et mir elo och sou richteg Spaass mecht hei dran ze schreiwen. *Respekt* :D --Alain 10:13, 24 Mäerz 2006 (UTC)

Do muss ech dir Recht ginn, am Moment geet et wierklech flott weider. --Alexandra 11:02, 24 Mäerz 2006 (UTC)


Bild aus enger Wiki eriwerhuelen änneren

Ech hun eng generell Fro. Ech hun an der fr/wiki en Bild font fir bei en artikel Bild wei kann ee dat an d'lb/wiki eriwerhuelen ?? Merci --Alain 14:55, 26 Mäerz 2006 (UTC)

Bei dir um Computer späicheren, an da bei eis eroplueden. Wann d'Bild op Commons ass (dat steet dann drënner), muss de guer näischt maachen, an einfach nëmmen de Link op d'Bild ganz normal setzen, hien hëllt sech dat dann aus der Commons-Datebank. --Briséisβρισεισ 23:04, 26 Mäerz 2006 (UTC)

Adminskandidaturen änneren

Salutti, ech war elo eng Woch net méi hei, a scho fannen ech mech net méi erem. Wou ass d'Säit mat den Adminskandidaturen hikomm? Oder wat ass do geschitt? Merci fir déi déi mer nach hëllefe wëllen :-) Myriam 21:45, 27 Mäerz 2006 (UTC)

Auerzäit änneren

Ech schonn erem: Ech hunn dat schonn emol gefrot, mee weess dat net méi. Wéi änneren ech d'Auerzäit vu mengen Artikelen, oder Bäiträg? Myriam 21:58, 27 Mäerz 2006 (UTC)


Moien, ech in duerch Zoufall heihi geroden, mee ech wollt bei där geleenheet soen, datt op engem Site vu Lëtzebuergesch geschriwwe get, esou Monsteren wéi "Auerzäit" net hi gehéiren! Op Däitsch as et "um welche Uhrzeit", mee bei ons "em wivill Auer" . Äddi(Frank W.)

Also dee Commentaire kann ech net novollzéien, well wa mer esou ufänken, da kann een och soen datt op engem Site wou (an net "vu" Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt) an op deen s de wuel net duerch Zoufall "in" mee "hi" gerode bass, d'Geleeënheet och anescht geschriwwe gëtt. An a mengen Aen, ass d'Wuert "Auerzäit" hei an deem Zesummenhang richteg. Myriam 20:35, 30 Mäerz 2006 (UTC)
Tjo, et ass net alles e Monster!. Am "Deutsch luxemburgisches Wörterbuch", dat eenzegt Wierderbuch dat mer am Ament hunn, steet ënner Uhrzeit "Zäit" an "Auerzäit". --Cornischong 20:10, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Eng nei Haaptsäit änneren

...(an deemno wéi och eng nei Kommunautéitssäit :D) Lo hu mir eis Haaptsäit scho quasi esou an deem Zoustand zanter et eis kleng Wikipedia hei gëtt. Do hunn ech fonnt, et wir emol sou lues un der Zäit datt déi en neit Gesiicht kritt. Ech hunn mat 120 Testereien mech um franséische Modell, dee mir perséinlech ganz gudd gefällt orientéiert.

Preferenzen Neiegkeeten! änneren

Bei de Preferenzen huet den 30. Mäerz eppes g'ännert. Op der Kaart "Textbox Dimensiounen" ass e Punkt bäikomm: "Prompt me when entering a blank edit summary"!! Fir en Neophyt dierft dat eng quokeleg Fro sinn. --Cornischong 13:45, 2 Abrëll 2006 (UTC)