Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/Juni

D'Pärele vum Da änneren

"muss en onbedéngt iwwerschafft ginn." : A leschter Zäit kréie mer Guckuckseeër hei an d'Nascht geluecht, déi mer, wéi et schéngt, solle mat der Fläsch grousszillen. Dorënner falen esou Pärelen ewéi Fanatics 04 Diddeleng. Fréier sinn esou "Saache" geläsch ginn, an dann hat et sech. Haut kréien déi eng Flätsch ëmgehaangen, se missten "onbedéngt iwwerschafft" ginn. A wann der do sinn, déi dat "Déngen" net iwwerschaffe kënnen oder wëllen, begleeden déi Pärelen eis bis Mokuchsdag. An e groussen Androck maache se och nach bei Leit, déi mol wëlle kucken, wat hei esou gebuede gëtt. Well ech jo als béise Läscher bekannt sinn, soen ech dann elo net, datt ech mengen, déi Pärele wiere besser do wou se hierkommen. Huet een eng besser Iddi? --Cornischong 03:06, 4 Juni 2006 (UTC)

Tëscht Mokuchsdag an Direktläsche kann ee jo eng offiziös "Iwwerschaff-Schounfrist" vun, soe mer emol, 2 Deeg zougestoen: Wann de Createur vum neien Artikel houfreg dorëmmer weise geet, wat e "geleescht" huet, gesäit en, wat lass ass an kann sech dru ginn, méi draus ze maachen. Wann e sech nom "Leeë vun Ee" nëmméi weist, dann deet et och net wéi, wann den Artikel fort ass. An anere Wierde: mar sinn d'Fanatiker ausgebaut oder fort. --<stroke>213.189.161.183 11:56, 4 Juni 2006 (UTC)<\stroke> Sorry, dat war de Zinneke - de Server schéngt nees gesponne gehat ze hunn.
Hallo, wien hu mer do um Apparat? --Cornischong 14:50, 4 Juni 2006 (UTC)

Et kënnt eben och ëmmer drop unn, wat do gezwafft gëtt. Een dee ganz nei ass, an net wierklech wees wéi de System rullt, ass immens séier oofgeschreckt, wann en als éischt Reaktioun op säin Artikel gesäit, datt dee mol geläscht gëtt. Dofir déi "Gnadenfrist". --Briséisβρισεισ 01:58, 6 Juni 2006 (UTC)

En Häerz fir bal hallef ugefaange Lëschten änneren

Dank dem Zaroff sengem Inventaire krute mer d'Geleeënheet fir drun ze denken, datt déi 9681 "Artikelen" deelweis nach net grad fäerdeg sinn. A bannent deenen déi ugefaange sinn, wäerten nach eng Honnertdausend routgepuddert Nimm opgelëscht sinn. Iere mer mat enger Lëscht vun de Bananebeem a Puerto Rico, de Foussballspiller a Brasilien oder den Alkoholiker zu Lëtzebuerg ufänken, eng Minutt Rou fir déi net abalsaméiert Pseudoartikelen. --Cornischong 00:26, 25 Juni 2006 (UTC)

Do kommen ech net grad no wats du domat mengs? --Alexandra 09:15, 25 Juni 2006 (UTC)

Ech schléisse mech dem Alexandra un. Myriam 18:25, 29 Juni 2006 (UTC)