Grondregelen änneren

Hei fannt dir eng kleng Lëscht, wat dir beuechte sollt, wann dir Biller op d'Wikipedia eropluet:

  • ALL BILD, DAT EROPGELUEDE GËTT, MUSS ENG VALABEL LIZENZ HUNN. BILLER OUNI VALABEL LIZENZ GI GELÄSCHT.
  • Dir musst e registréierte User sinn, fir Biller/Fichieren eropzelueden.
  • Virum Eroplueden, liest den Text op der Eropluedsäit an halt Iech wgl. drun!
  • Benotzt d'Descriptiounssäit vum Bild fir Informatiounen iwwer d'Source an zum Copyright ze notéieren.
  • D'Bild muss e kloer formuléierten Numm hunn, fir datt et net verwiesselt oder iwwerschriwwe gëtt (zum Beispill "Marienkirche_Hintertupfing.jpg" amplaz "Bild 1.jpg").

Biller eroplueden änneren

Fir Biller eropzelueden, benotzt wgl. d'Spezialsäit Eroplueden. Äert Bild ass dann an der Billerlëscht ze fannen.

Fotoe sollten d'JPEG-Format hunn; Iconen, Zeechnungen, Kaarten, Fändelen d'PNG-Format. GIF-Biller sollten a PNG konvertéiert ginn, ausser Animated GIFs.

Opgepasst:

  1. Fir e Bild ëmzebenennen, muss d'Bild nacheemol ënner dem neien Numm eropgeluede ginn, an déi al Versioun muss vun engem Administrator geläscht ginn.
  2. Bei engem Bild wat et scho gëtt, gëtt déi al Versioun duerch déi nei, déi eropgeluede gëtt, ersat.
  3. Opgepasst bei den Nimm: Notre-dame.jpg ass net dat selwecht wéi Notre-Dame.jpg. Passt op d'Grouss- a Klengschreiwung op.

Descriptioun änneren

Zu all Bild existéiert och eng Descriptiounssäit, op déi ee kënnt, wann een op e Bild an engem Artikel klickt. Do fannt der den Historique vum Bild an och eng Lëscht mat de Säiten déi d'Bild benotzen.

Dës Descriptioun soll follgendermoossen ausgesinn:

  • Sujet: (ëm wat d'Bild geet, wat drop ofgebilt ass - zum Beispill Parkierch zu Bouneweeg -, wann et geet, och den Datum, wéini d'Bild gemaach gouf)
  • Auteur: (Äre Benotzernumm, wann d'Foto vun Iech ass, oder den Numm vum Fotograf. Am leschte Fall muss och d'genee Source dostoen.)
  • Source: (wann d'Bild net vun Iech ass: wou der d'Bild hierhutt, mat geneeëm Numm vum - a Link op de - Ficher.
  • Lizenz: (ënner wéienger Lizenz d'Bild steet: am Normalfall "Creative Commons BY-SA 3.0"(d. h.: weidere Gebrauch ass erlaabt, soulaang d'Lizenz déi selwecht bleift an den Auteur genannt gëtt) oder Domaine public (am Fall vun historesche Fotoen oder vu Konschtwierker, wou den Auteur méi wéi 70 Joer dout ass. Ass d'Bild vun engem aneren, muss d'Lizenz déi et huet, iwwerholl ginn (an natierlech zougelooss sinn). Am Menü, wann Dir eropluet, kënnt der se eraussichen.)

Biller an den Artikel abauen änneren

Originalgréisst ouni Rumm änneren

Biller gi mat [[Fichier:Numm|Beschreiwung]] an den Artikel agebaut. D'Bild gëtt dann an Originalgréisst op der lénkser Säit ugewisen. Well bei grousse Biller d'Säiten allerdéngs laang luede mussen, ass et besser, Thumbnails ze benotzen.

Syntax Resultat
[[Fichier:Prism rainbow schema.png|Prisma]]

 

Originalgréisst mat Rumm änneren

Zanter MediaWiki 1.3 gëtt et d'Optioun "framed", z. B. [[Fichier:Numm|framed|Beschreiwung]]. D'Bild behält d'Originalgréisst, mä et gëtt agerummt.

Syntax Resultat
[[Fichier:Prism rainbow schema.png|framed|E [[Prisma]] an enger Rumm]]
 
E Prisma an enger Rumm

Thumbnails änneren

 
Beschreiwung

Mediawiki kann och Thumbnails generéieren. Dofir musst dir thumb oder thumbnail tëscht de Numm an d'Beschreiwung schreiwen, zum Beispill

[[Fichier:Prism rainbow schema.png|thumb|Beschreiwung]].


Biller skaléieren änneren

 
Beschreiwung

Mat [[Fichier:Prisma.png|thumb|100px|Beschreiwung]] kann een d'Gréisst vum Thumbnail op 100 Pixel festleeën (Standard, wann een näischt agëtt, sinn 180 Pixel).


Lénks oder Riets änneren

D'Optioune left, right an none bestëmmen op d'Bild lénks oder riets ugewise gi soll.

Syntax Resultat
[[Fichier:Lachen.png|left|E Smiley]]
E '''Smiley''' ass virun allem am Chat e 
beléiften Emoticon. 
 
E Smiley

E Smiley ass virun allem am Chat e beléiften Emoticon.

[[Fichier:Lachen.png|right|E Smiley]]
E '''Smiley''' ass virun allem am Chat e 
beléiften Emoticon. 
 
Ein Smiley

E Smiley ass virun allem am Chat e beléiften Emoticon.

[[Fichier:Pilzkorb.jpg|thumb|center|100px|E Kuerf voller Champignonen]]

 
E Kuerf voller Champignonen

Copyright änneren

Recommandéiert Lizenzen änneren

Luet wgl. nëmme Biller erop déi entweder aus dem Domaine public sinn oder déi entweder ënner der GFDL oder enger Creative Commons Lizenz stinn. Zu all Bild muss eng Source an eng Lizenz op der Descriptiounssäit gespäichert sinn.

Wann där selwer den Auteur vun enger eropgeluedener Foto sidd, da kënnt der fräi bestëmmen, ënner watfir eng Lizenz der äert Bild gäre setzt. Generell setzen d'Wikipedianer hir Biller ënner d'GFDL Lizenz, mee der kënnt awer och en anere fräie Lizenztext opsetzen. Fräi heescht an deem Kontext, datt är Lizenz generell all Gebrauch vun ärem Bild erlabe soll (ë. Ë. ënner Oplage wéi z. B. d'Obligation fir iech als Auteur unzeginn) an net just den net-kommerzielle Gebrauch vun ärem Bild (sou eng net-kommerziell Lizenz ass op der Wiki zwar net formell verbueden, mee trotzdeem ausdrécklech net erwënscht, an zwar aus diverse Grënn).

Fair Use änneren

Déi engleschsproocheg Wikipedia verfiert dacks nom US-amerikanesche Fair Use-Prinzip. Heiansdo gesäit een och op der lëtzebuergeschsproocheger Wikipedia Biller, déi no deem Prinzip behandelt ginn, obwuel dëst Prinzip ënner lëtzebuergeschem Recht guer net existéiert. Hei gouf dann argumentéiert, datt d'Server an den USA stinn an dofir US-amerikanescht Recht sech och op déi lëtzebuergeschsproocheg Wikipedia applizéiert. Aner Stëmme gebrauchen dogéint als Rattachementscritère d'Lokalisatioun vum Public vun enger Wikipedia, wat ënner Ëmstänn zur Applikatioun vum lëtzebuergesche Recht féiere kéint. Soulaang dës Rechtsonsécherheet net vun engem lëtzebuergesche Geriicht definitiv a prinzipiell tranchéiert gouf, gëtt dofir generell recommandéiert, keng Biller ënner Fair use Lizenz op dës Wikipedia eropzelueden. Liest heizou och den Artikel iwwer Diskussioun: Copyright-Paranoia vermeiden (engl.) an deen iwwer d'Richtlinne fir d'Applikatioun vun der Ausnamsdoktrin (EDP).

Sourcen änneren

Wann dir gären e Bild géift abauen, mä dir hutt awer keent dat passt, luusst emol bei Commons.

Um Spaweck änneren