E Wide Area Network (ofgekierzt WAN) ass e Computernetzwierk, dat sech iwwer e grousse geographesche Beräich erstreckt an dobäi kenge raimlechen oder kapazitéitsmässege Restriktiounen ënnerläit. Dës fräi skaléierbar Netzer erstrecke sech iwwer Länner bis souguer iwwer Kontinenter a gi benotzt fir verschidde lokal Netzer, awer och eenzel Computere mat eneen ze verbannen.

WANe si sou gréisser als Personal Area Networks, Local Area Networks a Metropolitan Area Networks awer klenger als Global Area Networks.

WAN-Opbau änneren

 
Schemateschen Opbau vun engem WAN

Eenzel geographesch getrennte lokal Netzer oder Computere loosse sech mat Hëllef vun engem Schaltelement oder Pakvermëtteler genannt un e Wäitverkéiersnetz uschléissen. Déi eenzel Schaltelemente si meeschtens iwwer Leitunge mat enger grousser Bandbreet ënner enee verbonnen a forméieren sou de WAN. D'Struktur bei dësen Netzer ass allgemeng irregulär, woubäi Redudanz bei de Leitunge fir de Fall vun enger Stéierung mat ageplangt gëtt.

Wäitverkéiersnetzer ginn an der Reegel vun Netzwierkbedreiwer aus ëffentlecher oder privater Hand bedriwwen a sinn ëffentlech Netzer, wou déi eenzel Benotzer sech Netzwierkinfrastruktur ënner eneen deele mussen. D'Méiglechkeet besteet, datt eng Institutioun Leitunge vun engem Netzwierkbedreiwer loune kann a se nëmme fir eegen Zwecker benotzt. An dësem Fall schwätzt een da vun engem privaten Netz.

Späichervermëttelung a Routing änneren

An engem WAN kommunizéieren d'Computere parallel a kënne gläichzäiteg Noriichte verschécken. Do bei engem héijen Datentrafik e Pakvermëtteler senger Aarbecht nokomme kann, gëtt d'Noriicht um Pakvermëtteler fir kuerz Zäit tëschegespäichert, ier dann de Pakvermëtteler unhand vun enger eendeiteger Adress am Kappdeel vun der Noriicht decidéiere kann iwwer wat fir een Ausgank d'Noriicht weider geleet gëtt. Dëse Virgank vum kuerzen Tëschespäicheren, Auswäerte vun der Noriicht an da weider leeden, gëtt als Späichervermëttelung (engl.: Store-and-Forward Switching) bezeechent. Ass den Tëschespäicher voll, sou ginn Noriichten, déi nei ukommen, einfach am Netz verluer.

Iwwer wat fir ee Wee eng Noriicht geleet gëtt, gëtt op de Pakvermëtteleren (och nach Routere genannt) mat Hëllef vu Routing-Tabellen decidéiert. Dëst sinn Tabellen, déi zu all méiglechen Adressen Informatioun zu dem nächstem Tëschesystem am Netz hunn, fir d'Noriicht sou séier wéi méiglech richteg zouzestellen. Hautzedaags ginn dës Routing-Tabellen automatesch iwwer Routing-Algorithmen erstallt a kënne sou séier bei Ausfall vun engem Pakvermëtteler oder bei Kabelbroch nei berechnet ginn. D'Ermëttelung vun engem Wee duerch d'Netz vum Sender zum Destinataire gëtt als Routing bezeechent.

WAN-Technologien änneren

Zu de WAN-Technologië ginn zum Beispill gezielt:

Literatur änneren