Whitney Houston

amerikanesch Sängerin a Schauspillerin

D'Whitney Elizabeth Houston, gebuer den 9. August 1963 zu Newark, New Jersey, a gestuerwen den 11. Februar 2012 zu Beverly Hills, Kalifornien, war eng US-amerikanesche R&B-, Soul- a Popmusek-Sängerin, Schauspillerin a Filmproduzentin.

Whitney Houston
am Joer 2009
Gebuertsnumm Whitney Elizabeth Houston
Gebuer 9. August 1963
Newark
Gestuerwen 11. Februar 2012
Beverly Hilton Hotel
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Schauspiller, Filmproduzent, Pianist, Museker, Filmschauspiller, Mannequin, Museksproduzent, Komponist, Produzent, Discographesche Kënschtler, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Bobby Brown
Geschwëster Gary Garland
Kanner Bobbi Kristina Brown
D'Whitney Houston um Welcome-Home-Heroes-Concert (1991)

Mat iwwer 170 Millioune verkaafte Placken an CDen an iwwer 200 Gold-, Platin-, Sëlwer-, an Diamantschallplacken a sechs Grammyen huet d'Whitney Houston zu de Sängerinne mat deem meeschte Succès an den 1980er an 1990er Jore gezielt.[1],[2] Si hat eng Stëmm iwwer 3 Oktaven. Zu hire gréisste Succèsen hu Lidder wéi Saving All My Life for You, I Wanna Dance with Somebody oder I Will Always Love You aus dem Soundtrack vum Film The Bodyguard (an deem se och matgespillt huet) gehéiert.

Discographie (Auswiel) änneren

Albumen

  • Whitney Houston (1985)
  • Whitney (1987)
  • I'm Your Baby Tonight (1990)
  • The Bodyguard (Soundtrack, 1992)
  • The Preacher's Wife (Soundtrack, 1996)
  • My Love Is Your Love (1998)
  • The Greatest Hits (2000)
  • Love, Whitney (2001)
  • Just Whitney... (2002)
  • I Look to You (2009)

Filmographie änneren

  • 1992: The Bodyguard
  • 1995: Waiting To Exhale
  • 1996: The Preacher's Wife
  • 1997: Rodgers & Hammerstein's Cinderella
  • 2012: Getting To Happy
  • 2012: Sparkle

Um Spaweck änneren

Commons: Whitney Houston – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Offiziell Biographie
  2. Gold- a Platinstatistik Gearchiveerd op 2012-02-14. Gekuckt de(n) 2012-02-12.