De Wezen (och Alwazn, Wesen, Al Wazor) ass de Stär δ Canis Majoris (Delta Canis Majoris) am Stärebild Canis Major. En huet eng siichtbar Magnitude vun 1,84 mag.

Kaart vum Stärebild Canis Major

De Wezen ass e Stär vun der Spektralklass F8 an huet eng Uewerflächentemperatur vu 6.200 Kelvin. Hie straalt 50.000-mol méi staark wéi eis Sonn an ass zirka 200-mol méi grouss wéi eis Sonn. De Stär ass ongeféier 1.800 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech. Den Numm ass arabesch al-wazn a bedeit "d'Gewiicht".

Koordinaten:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie


Um Spaweck änneren