D'Weser ass ee Stroum an no dem Main deen zweetlängste Floss an Däitschland deen nëmmen op däitschem Terrain leeft. Déi aner grouss Flëss déi méi laang sinn, Donau, Rhäin, Elbe, Oder a Musel hunn hir Quell oder Mëndung net an Däitschland.

Weser
Längt 451 km
Debit 327 m³/s
Fläch vum Baseng 47.960 km²
Leeft an Nordmier

D'Weser leeft duerch Hessen, Nordrhein-Westfalen, Niddersachsen a Bremen a mécht deelweis d'Grenz tëscht Hessen an Niedersachsen, Niedersachsen an Nordrhein-Westfalen an op engem kuerze Stéck och tëscht Bremen an Niedersachsen. Mat der Werra ass déi 452 Kilometer laang Weser 744 Kilometer laang.

D'Weser entsteet aus dem Zesummefloss vun der Werra an der Fulda, bei Hann. Münden.

Um Spaweck änneren

Commons: Weser River – Biller, Videoen oder Audiodateien