Wjerka Serdjutschka

(Virugeleet vu(n) Werka Serdjutschka)

D'W(j)erka Serdjutschka (uk. Вєрка Сердючка, ru. Верка Сердючка) ass e Kaméidipersonnage an Alter Ego vum ukrainesche Sänger, Komponist a Komiker Andrij Mychailowytsch Danylko (uk: Андрій Михайлович Данилко), gebuer den 2. Oktober 1973 zu Poltawa.

Wjerka Serdjutschka
D'Wjerka Serdjutschka (déi drëtt vu lénks) beim ESC 2007 zu Helsinki
Gebuertsnumm Андрій Михайлович Данилко
Pseudonym Верка Сердючка
Gebuer 2. Oktober 1973
Poltawa
Nationalitéit Ukrain
Aktivitéit Sänger, Komiker, Animateur, Lidderschreiwer, Filmkomponist, Regisseur, Dréibuchauteur, Humorist, Schauspiller, Televisiounsmoderateur, Dichter, Liddertexter, Parodist, Discographesche Kënschtler

Entwécklung vum Personnage änneren

D'Figur ass déi vun enger frecher, extravaganter, eelerer Damm. Den Danilko huet se uganks fir seng kleng Sketchoptrëtter erfonnt, mat deenen e praktesch iwwerall an de Länner vun der fréierer Sowjetunioun opgetratt ass. 1997 war de Personnage du fir d'éischt an der ukrainescher Televisioun, als Kaartepëtzerin an der Kaméidisserie "SW-Show" (SW steet fir Schlofwaggon). Duerno sinn och Museks-CDe vun der Konschtfigur erauskomm, eng Mëschung aus ukraineschem Folk an Danz, meeschtens am Sproochemix Russesch-Ukrainesch (sougen. "Surjyk") gehalen an dacks mat als Theema d'Eegenaarte vu Fraen a Männer. Den Erfolleg huet sech awer a Grenze gehalen, bis datt am Fréjoer 2003 den Duerchbroch an der Ukrain an a Russland mam Album "Ha-ra-scho" koum.

Beim Eurovision Song Contest 2007 zu Helsinki huet den Danilko als Wjerka Serdjutschka d'Ukrain mat dem Trash-Polka-Techno Titel "Dancing Lasha Tumbai" vertrueden an eng gutt zweete Plaz gemaach.

Discographie änneren

  • Я рождена для любви (1998)
  • Гоп-гоп (2002)
  • Чита дрита (2003)
  • Ха-ра-шо (2003)
  • Жениха хотела (2004)
  • После тебя (2005)
  • Новые песни Верки Сердючки (2006)
  • Тралі-Валі (2006)
  • Dancing Europe (2007)
  • Doremi doredo (2008)
  • The Best (2008)

Um Spaweck änneren

Commons: Wjerka Serdjutschka – Biller, Videoen oder Audiodateien