De Weltpostveräin, offiziell Union postale universelle (Ofkierzung: UPU) gouf 1874 op Virschlag vum Heinrich von Staphan vun 22 Memberlänner am Gemengenhaus zum Üsseren Stand zu Bern gegrënnt an ass op déi Manéier no der ITU déi zweeteelst international Organisatioun.

Hautdesdaags huet dës Spezialorganisatioun vun der UNO 190 Memberlänner an ass den internationale Forum fir d'Zesummenaarbecht tëscht de Postadministratiounen an der Welt. Den Haaptsëtz ass zu Bern an der Schwäiz. Vun do gëtt all véier Joer de Weltpostkongress organiséiert. Zanter dem 14. Januar 2005 ass de Fransous Édouard Dayan Generaldirekter vum Weltpostveräin.

De Weltpostvertrag vun 1874 reegelt déi international Zusammenaarbechtt vun de Postadministratiounen an d'Kaderkonditioune vum internationale Postverkéier. Bis haut ass d'Haaptaufgab vum Weltpostveräin d'Garantéiere vun der Liwwerung vu Bréiwer a Päck iwwer Länner- a Sproochgrenzen ewech.

Als Weltpostsprooch gouf vun der UPU Franséisch gewielt.

Weltpostkongresser änneren

Presidente vun de Weltpostkongresser änneren

Direkteren a Generaldirektere vum Internationale Büro änneren

Um Spaweck änneren

Offiziell Websäit vun der UPU Franséisch oder Englesch

Commons: Universal Postal Union – Biller, Videoen oder Audiodateien