Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner Weistum (oder Wäistom[1], och nach Gewunnechtsrecht) versteet een al, geschriwwe Gesetztexter, déi am fréieren Duerf- a Stadrecht rechtsgëlteg waren. D'Nidderschreiwe vun dësen Dokumenter gouf mat Hëllef vun eeleren, erfuerene Männer an a Presenz vun engem Representant vum Grondhär (de: Meier), engem Schäffen oder Member vum Geriicht gemaach[2].

Den Urspronk vum Wuert weisen - dat fréier am Sënn vu Recht spriechen am Gebrauch war[3] - staamt aus der Géigend vum mëttlere Rhäin an der Musel.

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxemburger Wörterbuch op infolux.uni.lu, dem Fuerschungsportal iwwert d'Lëtzebuergescht
  2. Erpelding, É., Die Mühlen des Luxemburger Landes; Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1981
  3. Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart op infolux.uni.lu, dem Fuerschungsportal iwwert d'Lëtzebuergescht