De Warren de la Rue, gebuer den 18. Januar 1815 op Guernsey, a gestuerwen den 19. Abrëll 1889 zu London, war e britteschen Astronom a Cheemiker. Bekannt gouf hien duerch déi éischt Himmelsfotografien.

Warren de la Rue
Gebuer 18. Januar 1815
Guernsey
Gestuerwen 19. Abrëll 1889
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Astronom, Chimist, Fotograf
Member vun Royal Society, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften

No senger Léier huet hie bei sengem Papp, dem Thomas De La Rue, am Schreifhandel geschafft. A senger Fräizäit huet hie sech mat cheemeschen an elektresche Fuerschunge beschäftegt an tëscht 1836 an 1848 Aarbechten an dëse Beräicher publizéiert. Wéi duerch den James Nasmyth säin Interessi fir d'Astronomie gewuess ass, huet hien 1850 en 13-Zoll-Spigelteleskop konstruéiert, dat am Ufank zu Canonbury a spéider zu Cranford opgebaut gouf. Mat dësem Teleskop huet hien eng Rei vun exzellenten Zeechnunge vun Himmelskierper gemaach.

1851 gouf hien op eng Daguerreotypie vum Äerdmound, déi de William Cranch Bond gemaach hat, opmierksam. Dës huet hien dozou inspiréiert, Pionéieraarbecht um Gebitt vun der Astrofotographie ze leeschten. Seng Biller ware laang Zäit oniwwertraff – eréischt de Lewis Morris Rutherfurd konnt d'Qualitéit no 1865 weider verbesseren.

No 1854 huet de Warren de la Rue sech fir d'Physik vun der Sonn intresséiert an huet e Photoheliograph konstruéiert, fir vun 1858 un deeglech Fotoe vun der Sonn ze maachen. Hien ass mat dëser Aarbecht bis 1872 selwer virugefuer, tëscht 1873 an 1882 gouf se vum Royal Greenwich Observatory weidergefouert. Den 18. Juli 1860 huet hien eng Sonnendäischtert a Spuenien fotograféiert, woubäi op de Biller fir d'éischt Kéier de solaren Urspronk vun de roude Flamen nogewise konnt ginn, déi am Verlaf vun enger Sonnendäischtert ronderëm de Moundschiet ze gesi sinn.

1873 huet hie seng astronomesch Aktivtéiten agestallt an huet seng Instrumenter dem Universitéitsobservatoire zu Oxford iwwerginn.

Tëscht 1856 an 1862 huet hien zesumme mam Hugo Müller e puer cheemesch Aarbechte publizéiert an hien huet tëscht 1868 an 1883 elektresch Entluedungen an de Gasen ënnersicht. Hie war zweemol President vun der Chemical Society of London a vun 1864 bis 1866 och President vun der Royal Astronomical Society. Hie gouf fir seng Fotografie vun der Sonnendäischtert 1862 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society an 1864 mat der Royal Medal vun der Royal Society fir seng Leeschtungen an der Astrofotografie ausgezeechent. 1850 war hien als Member („Fellow“) an d'Royal Society gewielt ginn. No him ass och en Äerdmoundkrater De La Rue genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie