E Warngilet ass e Gilet, oder eng Pellerin, mat Sträifen déi Liicht reflektéieren.

E gielen...
... an en orange Warngillet.

Warngilete si meeschtens vun enger greller Faarf, wéi Neongiel oder Knallorange. Si gi vun Aarbechter, déi op ëffentleche Stroossen hantéiere mussen, wéi z. B. Stroossekierer, Leit, déi um Drecksauto schaffen, oder Bauaarbechter gedroen.

Och Vëlosfuerer di sou Gileten un, fir besser gesinn ze ginn, virun allem, wann et bronkeg oder däischter ass.

Vum 1. Juni 2008 u muss zu Lëtzebuerg an all Auto op d'mannst ee Warngilet matgefouert ginn, deen een undoe muss, wann een op Autobunnen eng Pann huet, an aus dem Auto klamme muss. Ausserdeem muss all Foussgänger, deen tëscht Sonnenënnergank a Sonnenopgank oder bei schlechter Siicht op Landstroosse baussent den Uertschaften ënnerwee ass, sou e Warngilet droen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Warngilete – Biller, Videoen oder Audiodateien