Eng Wandenergieanlag verwandelt d'kinetesch Energie vum Wand an elektresch Energie ëm a speist se an d'Stroumnetz. Dat geschitt andeems de Wand op d'Rotorblieder awierkt soudatt de Rotor dréint. De Rotor gëtt dës Rotatiounsenergie un e Generator virun, deen doraus Stroum mécht.

Wandrad zu Koxhausen (Äifel, D) - 29.05.2008 (8,4" / 269 KB)

Wandenergieanlagen zu Lëtzebuerg änneren

Déi éischt Wandenergieanlag zu Lëtzebuerg gouf 1995 zu Eschduerf an de Gemeng Heischent opgeriicht. Si huet eng Nennleeschtung vun 12,5 kW.

Den éischte Wandpark zu Lëtzebuerg goung 1996 um Pafebierg an der deemoleger Gemeng Mompech (haut: Rouspert-Mompech) un d'Netz. Dëse Wandpark mat véier Wandenergieanlagen huet eng Gesamtnennleeschtung vun 2000 kW.

2005 huet d'Agence de l'Energie S.A. 38 Wandenergieanlagen zu Lëtzebuerg opgelëscht, mat enger Gesamtnennleeschtung vu 35314,5 kW. D'Joresstroumproduktioun vun dëse Wandenergieanlagen decken de Joresstroumverbrauch vun engen 13.000 Stéit.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Wandenergieanlagen zu Lëtzebuerg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren